Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vu Brigangen, Drogendealer a duuschterege Gesellen
Neiegkeeten

Vu Brigangen, Drogendealer a duuschterege Gesellen

Et war, et kann een net anescht soen, nees e

inland empire hookup
esea cs go matchmaking
Neiegkeeten

Déi lénk gesinn och zu Lëtzebuerg e parallelt Finanzsystem

Dat am Kader vun de „Paradise Papers“ – wat eng

De laangen Aarm vun der US-Justiz
Neiegkeeten

De laangen Aarm vun der US-Justiz

Vill Mënsche wäerten sech net méi un déi Julian Assange

ICT Awards 2019: MIXvoip ass d‘Telekommunikatiounsentreprise vum Joer!

Grouss Erwaardungen, vill Hoffnung a sécherlech och Enttäuschter zu Munneref

ICT Awards 2019: MIXvoip ass d‘Telekommunikatiounsentreprise vum Joer!

Et war schonn déi 13 .Editioun vun der „IT One Gala“ déi gëschter zu Munneref am Casino 2000 stattfonnt huet. Eng 800 ICT an Tech-Experts haten sech hei Rendez-vous ginn, fir den neie Laureate vum Joer 2019 ze felicitéieren. An dat ass gemooss un der gréisst vum Land net emol schlecht.

Et war dem Kamel Amroune, CEO vu Farvest Group, zougestane ginn dës flott Zeremonie ze erëffnen, an déi charmant Lisa Burke huet den Owend moderéiert. Wéi et vum Kamel Amroune ervirgehuewe ginn ass, steet den IT-Departement am Zentrum vun der Organisatioun, jo et ass d‘Verbindung fir digital Transformatioun, Cybersécherheet, Date-Management a villes méi.

An der digitaler Wirtschaft ass den „CIO“ (Chief Information Officer) méi wéi jee e wichtege Leader, an den IT-Departement contribuéiert zur Wandlung vun traditionellen a konservativen, zu de sougenannten innovativen an Technologie-gesteiert high-end Prozesser, esou de Kamel Amroune.

ICT Awards

Vill Kategorien an deenen et Auszeechnunge gouf

Am Beräich „Most Innovative ICT Training Programm“ ass et Devoteam déi sech ervirdoe konnten an den Titel als „Cloud Innovation Provider of the Year“ ass un EBRC iwwerreecht ginn. De Präis „ICT Provider of the Year“ huet sech Telindus geséchert, den „Digital Transformation Project of the Year“ erhält PwC. „ICT Advisor of the Year“ gëtt de Konkurrent Deloitte Luxembourg.

Entspriechend de Membere vun der Jury, huet Accenture Luxembourg de „Best Use of AI & Data“ hikritt an System Solutions kritt den Award als „ICT Outsourcing Services Provider of the Year“. Och POST Group huet e Präis kritt, dee vum „ICT Business partner of the Year“. ING Luxembourg gëtt zum „ICT Team of the Year“, Fujistu gëtt zur „Great ICT Company to Work With“ ernannt.

Den Direkter vum CTIE, Patrick Houtsch huet dem Direkter-Adjoint vun der POST Group den Titel als „ICT Personality of the Year“ iwwerreecht an den Abdelhay Toudma, CIO vun Arendt & Medernach, krut den Titel „CIO of the Year“ iwwerreecht.

Waren se dat schonn all?

Wann et natierlech zu all de Laureaten villes ze soe géif, esou hu mir eis eng zréckbehalen, déi sech op ganz besonnesch Aart a Weis iwwert hiren Award gefreet hunn. Rieds ass hei vu MIXvoip, eng Entreprise déi elo 12 Joer jonk gëtt, a bis ewell nach ni d‘Opportunitéit oder d‘Éier hat ee Präis fir sech an Usproch ze huelen. 2019 sollt et sech änneren, si hu sech entspriechend originell gefreet.

Bei der Vergab vum Präis: „Telecom Company of the Year“ – deen déi Steeseler Entreprise fir Innovatioun a Valorisatioun vun den Besoinen, vun esouwuel klenge, wéi grousse Clienten erhalen huet – huet sech d‘Geräischkuliss zolidd „beweegt“. Si hunn hir Freed net diskret hannen am Sall fir sech behalen, mee direkt de ganze Sall „a Brand gestach“. MIXvoip ass nu emol anescht, mee op eng sympathesch a frësch Aart a Weis!

ICT Awards

Mir gratuléieren!

Fir de CEO vu MIXvoip, Loïc Didelot, ass de Präis d‘Unerkennung vun enger zolitter an éierlecher Aarbecht, déi seng ronn 60 Mataarbechter all Dag am Sënn vum a fir de Client vollbréngen. Esou ass de Merci – de vu ganzem Häerzen un d‘Organisatioun geet – an éischter Linn eben de Cliente geschëlt, a besonnesch déi wou vun Ufank un iwwerzeegt waren, de richtege Partner fonnt ze hunn.

De Loïc Didelot huet gëschter Owend nach ervirgehuewen, datt villes net esou selbstverständlech ass wéi et sech ugesäit. Datt een zu Lëtzebuerg mat gudder an éierlecher Aarbecht reusséiere kann, datt wier indirekt och der ILR geschëlt, deen als Regulateur de Maart am A behält an dofir Suerg dréit, datt d‘Entreprisen an engem frëndleche a securiséierten Environnement schaffe kënnen.

 

Ähnlech Sujeten Deloitte Luxembourg, Devoteam, EBRC, Fujitsu, Gewënner, ICT Awards, ING, Kommunikatioun, MixVoip, Post, PWC, Technologie, Telecom Company Of The Year
Nächsten Artikel Virrechten Artikel