Search

You may also like

money
D‘SES muss der Covid19-Pandemie Rechnung droen
Neiegkeeten

D‘SES muss der Covid19-Pandemie Rechnung droen

Déi zu Lëtzebuerg usässeg europäesch Satellittenagence SES huet an engem

En neien Tapis fir d’Rue Père Dominique Pire an Rue de Trèves (4. -6. Juni 2020)
Neiegkeeten

En neien Tapis fir d’Rue Père Dominique Pire an Rue de Trèves (4. -6. Juni 2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Societéit Creos Luxembourg S.A. informéieren, datt an

Fridays for Future: Weltwäit Protestwell virum Sommet vu Madrid
Neiegkeeten

Fridays for Future: Weltwäit Protestwell virum Sommet vu Madrid

Zu Madrid fënnt ee Méindeg d‘COP25, d‘UN-Weltklimakonferenz, statt. Grond genuch

IDEA an d‘Logementskris: „et ass fir sech d‘Hoer auszeräissen“

IDEA an d‘Logementskris: „et ass fir sech d‘Hoer auszeräissen“

Déi lénk huet sech mat enger Etüd vun der Denkfabrick vun der Handelskummer ausenanergesat, an behaapt et wier fir sech „d‘Hoer auszeräissen“. Laut „déi lénk“ behaapt d‘Fondatioun IDEA, datt de STATEC, den CES an den Observatoire vum Habitat, de Besoin u Wunnenge schlecht oder falsch berechent hätt. Datt sech direkt dräi Institutioune sollen iren, wier schonn eppes bosseg.

Laut IDEA, géif de Bau vu 6.500 neie Logementer am Joer, eng Präisdeierecht mat sech bréngen. An déi selwecht „Etüd“ befënnt déi finanziell Belaaschtung „paradoxal“ déi fir 80% vun de vun der STATEC befrote Menagen zoutreffen. D‘Enquêteure vun IDEA, esou de Virworf vun déi lénk, gi fest dovunner aus, datt dës 80% Menagen, déi 19% vum Akommes fir d‘Wunne mussen ausginn, hir Situatioun eppes „iwwerdreiwen“.

Wann elo dëse „Montant“ der IDEA suspekt erschéngt, esou muss d‘Fro erlaabt sinn, wéi se dann Ausgabe vun 30% oder méi bezeechnen, déi am Rapport „Aarbecht a sozial Kohäsioun“ vum STATEC am Joer 2017 genannt goufen. E Problem deen an éischter Linn, jonk a monoparental Menage betrëfft. Ganz ofgesi vun de ville Mënschen, déi gezwonge sinn, sech un ëffentlech Instanzen ze wennen, fir iwwerhaapt an de Genoss vun enger dezenter Wunneng ze kommen.

Et gëtt dann och drun erënnert, datt d‘Sozialwunnenge grad emol 2% vun de gesamten Immobilien zu Lëtzebuerg ausmaachen. Iert déi lénk sech mat enger Zuel zum reelle Besoin u Logementer aus der Fënster leent, erënneren si nach emol drun, datt am ganze Land, onofhängeg vun der Regioun, d‘Präisser all Joers ëm gutt 5% zouhuelen. An dat ass just d‘Moyenne…

De Kapitalismus a senger „schéinster“ Formatioun

Déi lénk stellen da fest: „d‘Etüd vun der Fondatioun IDEA stellt e fundamentale Wirtschaftsprinzip a Fro. An zwar d‘Relatioun tëscht der Offer an der Baisse vun de Präisser“. Déi lénk besteet op engem groussen ëffentleche Bauprogramm, déi eenzeg seriö Léisung d‘Offer vu bezuelbarem Wunnraum ze erhéijen. E Programm deen déi lénk iwwert d‘Reserve vun der Pensiounskeess finanzéiere wëllen. Dat ganzt soll e neien ëffentleche Service vum Habitat op d‘Been stellen.

Wëll de Wunnengsbau eng laangfristeg Mesure ass, mussen den Accès an d‘Rechter vun de Locataire gestäerkt ginn, fir der Präisexplosioun entgéintzewierken. Während der leschter Legislaturperiod hunn déi lénk 2 Proposen an der Chamber deponéiert. Déi éischt, fir d‘Kautioun vum Loyer op e Mount ze begrenzen, an d‘Fraise vun der Agence op den Optraggeber ze fixéieren. Déi zweet sollt derzou féieren, datt de Loyer an Deierecht vum Liewen, net weider ausenaner ginn.

Datt déi éischt Propose an der Handelskummer net gutt ukomm ass, verwonnert net, vu datt si sech op hir Denkfabrick IDEA verloossen, déi keng Kris am Logement erkenne wëll. En 3. Punkt bezitt sech op d‘Mobilisatioun vum existente Logement. Mam Pakt Logement (2008) ass et de Gemenge méiglech, eng kommunal Tax op eidele Wunnraum ze erhiewen. Elo hunn awer déi mannste Gemengen och „d‘Jicken“ fir vun dëser Mesure gebrauch ze maachen.

Fir déi lénk mussen dësen Taxen obligatoresch, an all juristesch Grozonen eliminéiert ginn. Eidel Wunnenge musse rezenséiert ginn, grad wéi Bauterrainen déi „leie“ gelooss ginn. „D‘Kris vum Logement kritt een net an de Grëff, just well ee mat Statistike jongléiert, oder Debatte sammelt déi ëmmer nees dat selwecht Resultat liwweren. Et muss elo gehandelt, a sech fir eng reell Ännerung vun der Logementspolitik agesat ginn“, esou déi lénk

Related topics déi lénk, Fondatioun IDEA, Logement, Wunnengsnout
Next post Previous post