Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Finanzministeren op Besuch: De Pierre Gramegna empfänkt seng Amtskollegen
Money Neiegkeeten submarine dating urban dictionary

is it worth dating a girl with depression

Op Invitatioun vum Finanzminister Pierre Gramegna hu sech um 26.

preise dating portale
Money Neiegkeeten submarine dating urban dictionary

déi Lénk: Steiergerechtegkeet, an zwar elo!

Enger Etüd no, déi am Optrag vun der grénger Fraktioun

D’adr an d’Piraten forméieren zesummen an der Chamber en “technesche Grupp”
Money Neiegkeeten submarine dating urban dictionary

D’adr an d’Piraten forméieren zesummen an der Chamber en “technesche Grupp”

D’adr an d’Piraten hu mam Datum vum 15. November 2018

moneysurprise

D’Lëtzebuergesch Wirtschaft huet sech laut der IDEA beschtens erholl

Mee och fir d'Zukunft stelle sech nach vill Froen

D’Lëtzebuergesch Wirtschaft huet sech laut der IDEA beschtens erholl

Fir d‘Fondatioun IDEA, den Think Tank vun der Handelskummer, befënnt sech déi lëtzebuergesch Wirtschaft am „siwenten Himmel“. D‘Land hätt, esou d‘Ekonomiste vun der Fondatioun, zanter der Wirtschaftskris vun 2008 „eng wirtschaftlech Gléckséilegkeet“ erreecht.

Esou zumindest kéint een den Avis vun IDEA, dee gëschter op hirer Internetplattform verëffentlecht ginn ass, resuméieren. Et muss allerdéngs de Chamberwahlen am Oktober geschëlt sinn, datt si hirem – et ass schonn de fënneften – Avis, d‘Iwwerschrëft „2018: l‘élue?“ ginn hunn. Op ganzen 82 Säiten huet sech d‘Fondatioun mam sozioekonomesche Bilan 2013-17 befaasst.

Laut IDEA, huet sech déi lëtzebuergesch Wirtschaft beschtens erholl. An der Period 2013-17, huet de Wirtschaftswuesstem am Schnëtt bei 3,5% am Joer geleeën. E Wuesstem, deen sech och ganz positiv op den Aarbechtsmaart ausgewierkt huet. Mécht een hei Abstraktioun vun de Laangzäitchômeure – wou de Niveau nach ze héich ass – kéint een zu Lëtzebuerg vu Vollbeschäftegung schwätzen.

Vun 2013 bis 2017 wiere 46.000 Aarbechtsplaze geschaf ginn, woubäi se bei der Fondatioun erstaunt sinn, datt all 7. Frontalier, deen eng nei Schaff fonnt huet, déi Lëtzebuerger Nationalitéit huet. Et geet dann awer net aus dem Bericht ervir, datt dëse Fait schlicht an ergräifend mat der Situatioun vum Lëtzebuerger Wunnengsmaart zesummenhänkt. Do sollt een éischter besuergt sinn.

Lëtzebuerg an déi demographesch Entwécklung

Am Avis gëtt ervirgehuewen, datt d‘Wirtschaft zu Lëtzebuerg och vun der demographescher Entwécklung profitéiert. Laut IDEA ass Lëtzebuerg tëscht 2006 a 2016 ëm 97.000 Awunner gewuess. Am Detail: während der genannter Period, sinn 213.000 Persounen zu Lëtzebuerg ukomm, an 116.000 hunn d‘Land verlooss. Zuelen, déi vill Afloss op d‘Mixitéit vun der Bevëlkerung hunn.

Hire Bléck op d‘Zuele vum STATEC verdäitlechen dës Feststellung. Den Undeel vun den Awunner mat der Lëtzebuerger Nationalitéit géif stënterlech ofhuelen (52% fir 2017, géintiwwer 58% am Joer 2007). Am selwechte Kontext, ginn d‘Zuele vum STATEC esou interpretéiert, datt Lëtzebuerg bis 2030 eng Awunnerzuel tëscht 735.000 an 785.000 erreeche géif.

D‘Ekonomiste vun der Fondatioun IDEA sinn an hirem Avis ganz zefridde mat der Entwécklung vun den ëffentleche Finanzen. D‘Einname wiere ëm 4%/Joer geklommen, d‘Ausgaben nëmmen ëm 3,5%. Si sinn sech dann awer net sécher, op Lëtzebuerg schonn am siwenten Himmel ukomm ass oder déi „gëlle Joren“ nach bevirstinn.

Ähnlech Sujeten Fondatioun IDEA, Handelskummer, Lëtzebuerg, Statec, Wirtschaft, Wuesstem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel