Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tracing-App: 40 Länner, 40 ënnerschiddlech Uwennungen…
Kultur Neiegkeeten

Tracing-App: 40 Länner, 40 ënnerschiddlech Uwennungen…

Weltwäit gëtt d‘Applikatioun fir Smartphonen, déi sougenannten Tracing-App an iwwer

What the Fakt – Éischt International Filmfestspiller vu Cannes haut virun 72 Joer
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Éischt International Filmfestspiller vu Cannes haut virun 72 Joer

Dat weltwäit bekannten Event vun den Internationale Filmfestspiller vu Cannes

Chantier um Echangeur Stroossen vun der A6 (ab dem 19.05.2020)
Kultur Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Stroossen vun der A6 (ab dem 19.05.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt et am Kader vum Reamenagement vum

Idles um Siren’s Call 2019

Idles um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s Call Festival statt. Och dëst Joer iwwerzeegt d’Event nees mat multidisziplinären Erliefnisser a verwandelt de Gronn an eng kulturell Attraktioun. An dësem Kader stelle mir elo Woch fir Woch een Akt fir, op den Dir Iech scho freeë kennt!

Virun 10 Joer hunn d’Band-Membere vun der britescher Punk Rock Band „Idles“ sech zesumme fonnt. Hiren Debut-Album „Brutalism“ ass als mat Roserei gefëllte Meeschterwierk deklaréiert ginn. Fir den zweeten Album hu si sech erlaabt bis op dat bluddegt Fleesch vun der Musek hinzesteieren, fir esou all Member säi Fräiraum ze ginn an och d’Ënnerscheeder ze feieren.

Idles besteet aus dem Joe Talbot (Vocals), dem Adam Devonshire (Bass), dem mark Bowen (Lead-Gittar), dem Lee Kiernan ( Gittar) an dem Jan Beavis (Batterie).

Siren's Call

Siren’s Call 2019

Zum Line-Up vun 2019 gehéiere Metronomy (GB), Cat Power (USA), Band of Horses (USA), Idles (GB), Flavien Berger (FR), Grandbrothers (DE), Claire Laffut (BE), The Holy (FIN), Raftside (LUX), Claire Parsons(LUX), Uriel Barthélémi (FR) a C’est Karma (LUX).

Natierlech kritt een am Food Village och de Baichi gefëllt, an dat mat Iessen aus der Regioun an enger Wäin-Bar aus bio-dynameschem Wäin a Crément.
Den Ticket kascht 52€ +Taxen. Kanner ënnert 10 Joer komme gratis eran. All Kand ënnert 14 Joer muss vun engem Erwuessene begleet ginn.

Ähnlech Sujeten Brutalism, Concert, Festival, Idles, Musék, Punk Rock, Siren's Call 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel