Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ADR: e kontradiktoresche Koalitiounsaccord mat gudden Iddien
Kultur Neiegkeeten

ADR: e kontradiktoresche Koalitiounsaccord mat gudden Iddien

Wéi sech de Gast Gibéryen (ADR) e Mëttwoch an der

Weltdag vun der humanitärer Hëllef
Kultur Neiegkeeten

Weltdag vun der humanitärer Hëllef

De Weltdag vun der humanitärer Hëllef ass, fir den Ausseministère

Héichhausbrand zu London: Wéi konnt et dozou kommen?
Kultur Neiegkeeten

Héichhausbrand zu London: Wéi konnt et dozou kommen?

En engem Londoner Héichhaus sinn et leschten Informatiounen no op

Iechternach: Feierlaun beim Séi.

Iechternach: Feierlaun beim Séi.

Fir déi mëttlerweil 35. Kéier, konnt een och erëm leschte Weekend beim Iechternacher Séi e puer flott Deeg um e-Lake verbréngen.

Mat insgesamt zwou Bühnen, enger grousser Variatioun un Iessen- an Gedrénksstänn ewéi och Stänn mat Accessoiren, huet et dem Visiteur un näischt gefeelt fir eng wonnerbar Zäit ze hunn. Bezuelt huet een, ewéi an den Jore virdrun och schonn, mat den sougenannten OAP (Open Air Points). Een OAP huet den Wäert vun engem Euro an sou krut een en hallwe Liter Béier fir 6 OAP an eng Pizza Margherita fir 7 OAP.

Vun „Summerfest um Séi“ zu „open air party“ zum „e-Lake“.

1983 gouf de Grondstee vum Festival geluecht, deemools war et och schonn een dräi Deeg laangt Open-air Festival mat gratis Entrée. Dëst gouf aus der Motivatioun eraus gegrënnt, Attraktioune fir d’Jugend vun Iechternach an Ëmgéigend ze hunn.

Ee Joer drop gouf et dunn „Summerfest um Séi“ gedeeft an hat direkt scho 700 Visiteure méi ewéi dat éischt Joer, wou et der nëmme 400 waren. 1996 gouf et just fir déi sechste Kéier een Volleksfest ënnert dem Numm „Kermesse surprise“ op der Busgare.

Nach ee Joer méi speit, gouf de Festival ënnert neiem Numm (open air party) erëm beim Iechternacher Séi lancéiert. Zanter dem Joer 2000 leeft et esou wéi mir et kennen ënnert dem Numm e-Lake an ass och mëttlerweil net méi an den Hänn vum Iechternacher Jugendveräi mee haut besteet eng eegestänneg e-Lake a.s.b.l.

Op am ganzen dräi Deeg verdeelt, konnt een all Owend Kënschtler aus verschiddene Museksrichtungen nolauschtere. Freides goung et lass mat Pop, Hip-Hop an Rock’n’Roll wou een sech ënner anerem zu Musek vun de Läb, Versus You, Kensington, Fünf Sterne Deluxe an nach villen aneren, amuséiere konnt.

Samschdes goung et dunn mat elektronescher Musek weider, hei waren ënner anerem den Markus Schulz, Mark Sixma oder Twain present an hunn d’Leit op d’Danzfläch gezunn. Sonndes goung ed dunn méi roueg zou, d’Substage hat fir deen Dag Paus an ob der Mainstage waren d’Dëppegéisser, Dreamcatcher an nach e puer anerer ënnerwee.

Bus Navetten an Co.

Fir Bus-Navette gouf sech natierlech och bekëmmert esou dass een Samschdes an Sonndes Moies ëmmer entweder um hallwer zwou oder véierel op dräi de Bus heem huele konnt. Dat ganzt huet 5€ kascht, wat definitiv méi bëlleg ewéi een neie Führerschäin oder een Mënscheliewen ass.

mam Gilles Schneider

Foto: © Gilles Schneider/moien.lu

Ähnlech Sujeten Concert, e-Lake, Iechternach, Party
Nächsten Artikel Virrechten Artikel