Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de siwenten Dag
job dating credit agricole centre est Stories

https://moien.lu/buy-online-dating-site/

Gëschter hunn den Arthur Kluckers an den Nicolas Kess hir

my ex is dating someone else but wants to be friends
nova scotia dating laws
job dating credit agricole centre est Stories

Emirates SkyCargo a Cargolux ënnerschreiwe Codesharing Partnerschaft

Um Méindeg hunn Emirates SkyCargo an d‘Cargolux ugekënnegt eng Partnerschaft

Kambodscha wëll och kee Plastiksoffall
job dating credit agricole centre est Stories

Kambodscha wëll och kee Plastiksoffall

Am Mee haten d‘Philippinnen „de Stecker gezunn“ an no engem

Iechternach goes Steampunk

Stadmarketing an der Abteistad ass en eeschte Sujet. Allerdéngs ass d‘Loscht un der Freed och eppes Eeschtes, an esou kann et engem geschéien, datt engem droleg Personnagen op der Maartplaz iwwert de Wee lafen.

De Geoffrey an de Bernard vun Aubange sinn zanter 2015 an der Zeen ukomm. Wann d‘Basis vum „Habit“ och kaf ass, esou ass den „Customizing“ an eege Regie entstane. Respektiv vun der Dame am Haus no Wonsch vum Här ugepasst ginn.

Mat enger klenger awer gutt organiséierter Steampunk-Konventioun huet Iechternach dëse Weekend op sech opmierksam gemaach. D‘Susanne Pauli huet eis dann och dat ganz erkläert.

Steampunk ass eppes wéi Jules Verne op Koks“, laacht et a weist drop hin datt een dës Ausso elo awer net wiertlech sollt huelen.

Eppes méi eescht dann, kréie mer verständlech gemaach, datt Steampunk sech den Elementer aus der Zäit vun der industrieller Revolutioun an der viktorianescher Ära zesummesetzt. Eng Period an der Geschicht, wou d‘Zukunft erfonnt ginn ass, et se awer nach net ginn huet. Ee Mouvement also, deen der Fantasie an dem kreative Rollespill vill Fräiraum an Entfaltungsméiglechkeete bitt.

Firwat esou en Event zu Iechternach?

„D‘Iddi ass am Team entstanen“, seet eis d‘Susanne (also mam Buergermeeschter Yves Wengler, dem Marina Leisen, Stadmarketing an dem Raymond Becker, Tourist Office Iechternach). Ulass war d‘Polemik déi sech ronderëm de Bau vun der „Petite Marquise“ breet gemaach hat. E Gebai dat an 20 Joer oft de Proprietär gewiesselt huet ouni dat ee sech gekëmmert hätt.

Eng fei Madame, d‘Susanne Pauli. Net op de Mond gefall a wierklech gutt informéiert. Hir vun dëser Säit aus ee grousse Merci fir de ganz léiwen Accueil. Am Hannergrond „la petite Marquise“ do entsteet elo eppes richteg Flottes. Loosst iech iwwerraschen.

„Mir konnten dem Verfall net méi no kucken. Et war ee Schanfleck matten an der Stad an héich Zäit eppes ze ënnerhuelen“, esou d‘Susanne Pauli, déi drop hiweist, datt d‘Immobilie elo der Stad gehéiert. „Bis op d‘Fassad déi hei erhale gëtt, ass de Rescht vum Gebai dem Ofrëss gewidmet“, kréie mer nach erkläert.

Mat der Steampunk-Konventioun sollt dat gefeiert ginn. Engersäits de Kaf an den domadder verbonnenen Neiufank. Och awer d‘Transformatioun, déi weist, datt Iechternach sech beweegt a senger Verantwortung bewosst ass.

Vill Interessantes ze gesinn

Et dierf ee soen, datt dëst Evenement „iwwersiichtlech“ war, mee ganz vill Interessantes a Spannendes fir de Public bereet gehalen huet. Esou beispillsweis de Stand vum Gregory an Isabelle aus der Belsch. Eng Koppel déi och am Alldag mat hirer Firma „imprimascrap“ op wierklech alen Dréckmaschinne kleng Konschtwierker hierstellen.

De Geoffrey an seng Madam d‘Isabelle. Wien Loscht huet op richtegt Drécker-Handwierk, dee sollt emol bei Geleeënheet bis bei hinne laanscht fueren.

Geckeg vläicht, genial op alle Fall. Mat der jéngster aus den 20er Joren an der eelster déi ëm 1855 gebaut ginn ass, haten si ee liewege Musée op der Maartplaz opgeriicht. Fir d‘Frënn vun dëser Form un Imprimerie, vläicht ee Grond de 26. & 27. August bis op Houdeng-Goegnies ze reesen. Dann huet „imprimascrap“ porte ouverte.

De Schmadd aus dem Elsass. Hei war Feier Tromp an den Hummer a Beweegung. Seng Saache sinn net nëmme schéin, mee hunn och tatsächlech eng Séil.

Ganz kreativ dann nach hire Noper. De Schmadd aus dem Elsass huet wierklech eng lass a versteet et dem Hummer de richtege Schwong ze ginn. Et ass dann och méi wéi nëmmen en Unikat dat ee sech bei him ka maache loossen. Seng Kreatiounen hunn a gewësse Sënn eng Séil an déi ass tatsächlech am Präis mat abegraff.

Geckeg ass erlaabt

Wat ausgesäit wéi engem Fantasy-Film entsprongen, mee och aus dem Daniel Düsentrieb sengem Atelier kéint stamen, sinn dem Gast seng Kreatiounen. De Gaston Klares, virun ee puer Joer op de Steampunk gestouss, huet sech geduecht et wier nawell eng gutt Iddi, sech säin Outfit selwer ze bauen.

Dem Gast säin Hutt. Wie sech un den Daniel Düsentrieb an säin „Helferlein“ erënnere kann, weess datt deen nëmmen een Probeller hat. Gutt den Här Klares ass trotz allem mat de Féiss um Buedem bliwwen, wat eis och ganz gutt an de Krom gepasst huet.

Bon, datt d‘Iddi gutt war stellt hien haut iwwerzeegend duer. Méi nach, hie schaaft Saachen do freet ee sech wou een esou Iddien hir hëlt. An de Gast verréit eis: „Et ass schonn eng Konscht. Du muss der den Ufank virstellen, wéi bei engem Moler, deen als éischt emol Faarf op d‘Leinwand setzt. De Rescht ass Gestaltung, oft weess ee net wou et hiféiert. Mee wéi ee sech hei kann iwwerzeegen, et geet“.

Dat et geet an och nach mega ausgesäit, dovunner hu mer eis dierfen iwwerzeegen. Sécher ass och, datt de Gast nach esou munches wäert zesummebauen. An natierlech dierft en him hei zu Lëtzebuerg wéi och op Treffen am Ausland begéinen. Wien et net esou laang aushält, ka schonn emol ee Bléck hei op www.gastonklares.com/steampunk riskéieren. Hie bedreift och eng Säit (www.steampunk.lu) op där engem Wëssenswäertes zum Thema matgedeelt gëtt.

Ey Monni, spill mer ee Lidd

Super flott a gutt klengen deet se och nach: rieds ass vum Reinhard „der Lesebär“ Lechtenfeld senger Dréiuergel. Et handelt sech heibäi ëm eng 26er Delaika an ass schonn eppes méi modern. Dat soll awer net heeschen, dat si der Traditioun net géif entspriechen. Nee se ass just anescht.

De Mann mat der Dréiuergel aus Castrop-Rauxel. Ee lëschtege Gesell deen net nëmme Lidder spille kann, mee och wierklech déi eng oder aner Geschicht bereet hält. Op fir Kanner oder méi där grousser, fir jiddereen ass eppes derbäi.

D‘Dréiuergel funktionéiert nach ëmmer mat engem „Nouteband“ kann awer och Lidder vun engem elektronesche Späicher ofruffen. Et gestalt d‘Auswiel méi flexibel an huet Virdeeler ouni awer de mechaneschen Oflaf u sech ze beaflossen. Eng krass modern al Museksmaschinn eben. Mat engem Repertoire vu bis zu 3.000 Lidder gëtt et engem och net langweileg.

Nieft der Dréiuergel huet den Reinhard, deen net nëmmen of ëffentleche Fester optrëtt, nach ee puer Qualitéiten. Vum Poppe-Spill bis hin zum Figurentheater, deem Mann ass weder eppes friem nach eppes helleg. Méi vun him gitt dir hei gewuer: www.der-lesebär.de

(v.l.n.r) D‘Anna, d‘Christiane de Roby an d‘Andrea. Eng Steampunk-Konventioun ass och ideal fir grenziwwerschreidend Frëndschaft ze schléissen.

Sou dat war eisen Tour iwwert d‘Maartplaz, wa mer iech Loscht op méi gemaach hunn, verpasst net dee grousse Steampunk Event am Fonds-de-Gras vum 23. bis 24. September

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Iechternach, Kultur, Steampunk
Nächsten Artikel Virrechten Artikel