Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coronavirus: Geréit d‘Pressefräiheet a Gefor?
Kultur Neiegkeeten

Coronavirus: Geréit d‘Pressefräiheet a Gefor?

Datt grad a Krisenzäiten onofhängeg a kritesch Journalisten a Medie

Italien: Manifestatioune géint e Gesetzprojet zur Reform vum Familljerecht
Kultur Neiegkeeten

Italien: Manifestatioune géint e Gesetzprojet zur Reform vum Familljerecht

E Samschdeg ass et an Italien a enge 60 Stied

Muer ginn d‘Briten sech en neit Parlament wielen
Kultur Neiegkeeten

Muer ginn d‘Briten sech en neit Parlament wielen

Laut de leschten offizielle Sondagen, ass de Virsprong deen d‘Tories

Iechternach: Nostalgesch verdreemt an eng alternativ Zukunft kucken.

Iechternach: Nostalgesch verdreemt an eng alternativ Zukunft kucken.
© Gilles Schneider/moien.lu

Och dëst Joer war et den Weekend vum 4. August erëm souwäit, de Stadtmarketing Iechternach, d’Iechternacher Gemeng an d’„Luxembourg Steampunk Society“ hunn fir déi mëttlerweil zweete Kéier op hier Steampunk Konventioun agelueden. Des goung vu Samschdes bis Sonndes an huet gréisstendeels op der Iechternacher Maartplaz virun der Baustell vum alen Hotel-Restaurant „La Petite Marquise“ stattfonnt.

Dat Ganzt gouf deementspriechend och ënnert dem Motto „La transformation de La Petite Marquise“ publizéiert. D’„Petite Marquise“ war gutt 20 Joer laang just nach eng Ruin, bis dunn 2017 schlussendlech Ofrappaarbechten ugefaangen hunn, nodeems d’Gemeng d’Gebai fir 3 Milliounen Euro kaf hat. Fir déi schéi Fassade och an Zukunft bestaunen ze kennen, gouf des virum ofrappe vermooss, esou datt een Neiopbau dovunner realiséiert ka ginn. Am neie Gebai sollen um Rez-de-chaussée 1.000 Quadratmeter fir Geschäfter an op den Stäck verdeelt 2.500 Quadratmeter fir Wunnenge fräi ginn.

Eng Zäitrees…

Den Terme „Transformatioun“ hätt passender net kenne sinn, déi ganz Maartplaz huet, ugeleent un der Steampunk-Ideologie, eng Zäitrees an d’viktorianescht Zäitalter gemaach an soumat waren d’Stänn och däitlech vun den Uebst- an Geméisstänn déi een normalerweis do virfënnt z’ënnerscheeden, seelen ass een Evenement esou opgefall ewéi dëst.

Steampunk ass nämlech een Stil, Subkultur oder och een Konschtgenre dee sech staark op Retrofuturismus baséiert. Retrofuturismus kann als eng alternativ Zukunft ewéi se fréier hätt kennen entstane sinn, definéiert ginn. Zu den Charakteristike vum Steampunk zielen e viktorianesche Kleedungsstil, eng gewësse Virléift fir Zännrieder an Dampmaschinnen, ewéi passend dozou eng Näipung zum DIY(Do it Yourself), also selwer nei Gadgeten oder Deko-Artikelen erschafen oder flecken.

Selwer gemaach…

Deementspriechend huet et och zu Iechternach ausgesinn, scheinbar onbeandrockt vun der Hetzt waren d’Fans an Verkeefer an voller Steampunk-Montur ugetruede fir Zäitrees an viktorianescht Zäitalter perfekt ze maachen. Iwwert déi ganz Stänn verdeelt goufen et ënner anerem Kleeder, Accessoire an Dekoratiounsartikelen ze bestaunen, des ware wuel gemierkt och all an enger industriell-maschineller Optik gehalen an och eng Grëtz DIY war an den, deelweis zum Kaf ugebuedenen, Artikelen z’erkennen.

Dat war natierlech net dat Eenzegt, fir Iessen an Gedrénks war och gesuergt, genee sou ewéi fir den Digestif an Form vun hausgemaachtem Likör mat Fläschen an enger Steampunk-Optik oder och engem frësche Pond Brout dat op der Maartplaz selwer gebak gouf. Et muss een keen Deel vun dëser Zeen sinn fir gefalen un dësem Evenement ze fannen an beim Alter sinn och keng Grenze gesat.

An all déi di dës Steampunk-Konventioun verpasst haten, kennen sech op den „Anno 1900“ freeën, eng aner Steampunk-Konventioun déi den 29. an 30. September am Fond-de-Gras stattfënnt.

mam Gilles Schneider

Fotoen: © Gilles Schneider/moien.lu

Ähnlech Sujeten Iechternach, Petite Marquise, Steampunk
Nächsten Artikel Virrechten Artikel