Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’19. Joerhonnert war fir Lëtzebuerg immens wichteg. Mee weess du och, firwat?
Kultur Neiegkeeten

D’19. Joerhonnert war fir Lëtzebuerg immens wichteg. Mee weess du och, firwat?

Vill wichteg Saache sinn zu Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert geschitt.

G20-Sommet: Investissementer a Migratiounsstopp
Kultur Neiegkeeten

G20-Sommet: Investissementer a Migratiounsstopp

Haut um Méindeg ginn zu Berlin verschidden afrikanesch Staatscheffen erwaart,

USA: Wirtschaftssanktioune versus Awanderung
Kultur Neiegkeeten

USA: Wirtschaftssanktioune versus Awanderung

Datt den Donald Trump seng Mauer un der Grenz zu

Fräi vu Polemik: déi Iechternacher Sprangprëssessioun 2019

Fräi vu Polemik: déi Iechternacher Sprangprëssessioun 2019

Fir d‘Katholiken ass déi traditionell Iechternacher Sprangprëssessioun, déi wichtegst reliéis Manifestatioun… direkt no der Oktave. Gëschter waren dann och nees eng 10.000 Leit zu Iechternach fir dräi Schrëtt no vir an der nees zwee zréck ze maachen.

E Méindeg, kuerz virun 10 Auer, hunn sech d‘Pilger am Haff vun der Basilika vum hellege Willibrord versammelt a fir dat grousst Event opgestallt. Ënnert hinne Bëscheef aus allen Härelänner. D‘Kierchemänner waren aus der Ukrain a Serbien ugereest, mee och aus den ugrenzenden Nopeschlänner ware si mat hire „spatzen Hitt“ ugereest.

Iwwert esouvill Zousproch huet sech de Lëtzebuerger Äerzbëschof, Jean-Claude Hollerich enorm gefreet. Hien huet eis dann och onverhuele bestätegt, datt déi grouss Bedeelegung aus dem In- an Ausland e Beweis dofir ass, datt d‘Sprangprëssessioun e wichtegt internationaalt Erliefnes ass. An dat kann een dem Chef vun de Lëtzebuerger Katholiken net emol falsch maachen.

Seng gutt Laun war awer och de „gudden Nouvellen aus Roum“ geschëlt, wou d‘Kongregatioun fir dat kathoulescht Bildungswiesen eng 28säiteg Stellungnam zur Gender-Theorie verëffentlecht huet, mat där Mënsche mat enger aner sexueller Orientatioun an/oder hirer Gender-Zougehéiregkeet, als en temporäre gesellschaftleche Symptom verkläert gëtt. Mënsch ass eben net gläich Mënsch…

Sprangprëssessioun

© BistumLëtzebuerg

Déi lescht senger Aart

Elo muss een der Iechternacher Sprangprëssessioun awer zerguttst halen, datt et e wichtegen Event fir d‘Grenz- an Touristestad ass. Nieft dem „Séilewuel“ geet et hei och ëm de Kommerz, a wann do 10.000 Pilger sech op ee Schlag versammelen, da rullt den Euro an et erfreet d‘Geschäftsleit wéi d‘Tourismusbranche gläichermoossen. Dru festzehalen huet och wirtschaftlech Grënn.

Dobäi ass et en Trappewitz vun der Geschicht, datt d‘Sprangprëssessioun un a fir sech vun der Kierch „geklaut“ gouf. Eng So behaapt esouguer, datt eisen hellege Willibrord géif ugebiet ginn, fir Nervekrankheeten ze heelen. De Glawe versetzt bekanntlech Bierger, an awer schellt och de Paschtouer beim Noper, wann hien eppes ze schleefen huet. Esou geet Kierch…

Hale mir awer fest, datt déi vill Participanten och Courage hunn, an nëmmen déi bescht dat bis zum batteren Enn duerchstinn. Et muss ee schonn eppes méi fit sinn wéi ee sech et virstellt. Geschwolle Féiss sinn éischter normal. Entschiedegt gëtt d‘Communautéit duerch déi vill Massen engersäits, an der grousse gastronomescher Offer anersäits. An esou Leit Freed drun hunn, soll et och weidergoen.

Foto: Bei der Sprangprëssessioun gëtt e sech net d‘Hand, verbonnen ass een iwwert e wäisst Nuesschnappech. A wiem et gefält, dee soll och dierfe matmaachen, ëmmerhin ass et eent vun de heedneschste Fester dat eis dank dem „Asaz“ vun der kathoulescher Kierch erhale bliwwen ass.

Ähnlech Sujeten heednescht Fest, Iechternach, Jean-Claude Hollerich, kathoulesch Kierch, Sprangprëssessioun, Willibrord
Nächsten Artikel Virrechten Artikel