Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Ausseminister hëlt Stellung zu engem Fall, deen d’Gemidder erhëtzt huet
best online dating app uk emily perkins dating

https://moien.lu/dating-a-free-spirit-reddit/

Et ass net ëmmer kloer, wat bei Meldungen, déi duerch

https://moien.lu/dating-sites-berkshire/
best online dating app uk emily perkins dating

Pipo Peng: En décke Badetti

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Den Donald Trump fënnt dem James Comey säin neit Buch net gutt
best online dating app uk emily perkins dating

Den Donald Trump fënnt dem James Comey säin neit Buch net gutt

„Ligener, Fatzbeidel“: sinn déi vertrietbar Wierder, déi den US-President um

E voll gepaakt Déierchen

Kritik zu „Iesel“ vum Jean Back

E voll gepaakt Déierchen

E gutt Buch muss keng honnerte Säiten hunn. Et muss der mol keng honnert hunn. Sou héieren sech d‘Excusen un, wann ee bis „Iesel“ vum Jean Back am Grapp huet an net drëm erëm kënnt, fir ze bemierken, datt et en dënnt Buch ass. E Bichelchen, éischter. Mee grad sou wéineg, wéi een e Buch u sengem Cover soll beuertelen, soll een et och net u senger gréisst moossen. Literaresch Gréisst léisst sech net dorunner moossen, wéi vill Plaz e Buch am Regal ewech hëlt.

Bei „Iesel“ geet et em den Till, dee fir sech a seng Musterfamill en Iesel uschaaft, well dat grad an der Moud ass. Well seng Broker- a Flipper-Spiller-Existenz allerdéngs nëmmen iwwerflächlech perfekt ass, manifestéiert sech seng Frustratioun a Gewalt, déi en um Déier ausléist. Dorënner leit den Iesel, mee och hie selwer verzweiwelt um Vertrauensverloscht vum Déier. Wat e räichlech dënne Plot ass, erlaabt fir vill Introspektioun, an op mannst op deem Niveau muss een dem Wierk urechnen, datt et fir seng dach iwwerschaubar Säitenzuel e puer ganz interessant Konschtstéckelcher opweises huet.

Et sinn déi vill Facette vun der Relatioun, déi „Iesel“ zu engem interessante Wierk maachen

Den Till beispillsweis hëlt zwar de gréissten Deel vun der Erzielung an, mee esou vill gi mer net iwwert e Gewuer. Wat mer gewuer ginn, ass dowéinst ëmsou méi wichteg: Hien ass en erfollegräiche Broker, dee gäre mat sengem restauréierte Flipper spillt, an doranner sou richteg gutt ass. Et kënnt een net drëm erëm, des zwee Eegenschaften direkt mateneen ze vergläichen, an sech ze froen, op fir hien net alles a gewësser Hisiicht e Spill ass.

Vum Protagonist senger Fra, dem Lucie, gi mer gewuer, datt et Architektin an eng Bomm am Bett ass. Leschteres gëtt e puer mol widderholl, wat wuel méi iwwert d’Gedankewelt vum Protagonist ausseet, wéi iwwert d’Fra. Doriwwer eraus spillt d’Relatioun mam Iesel déi wichtegst Roll: Si ass vun enger Abusivitéit gepräägt, déi d’Facetten vu purer Gewalt, hin zu emotionaler Gewalt iwwert d‘Scholdbewosstsäin vum Till ewech alles ofdeckt.

Dank dëser Villschichtegkeet ass „Iesel“ eng gelongen Erzielung. Wieren do net Fëllwierder, Floskelen, deen een oder aneren holprege Saz, deen dat Gesamtbild stéiere géifen, wier et ouni Aschränkung ze empfeelen. An et ginn och Dialogen, déi esou gekënschtelt sinn, datt se nëmme schwéier ze verdaue sinn. Déi Stonn, déi ech gebraucht hunn, fir et ze liesen, froen ech mer net zeréck – dofir ass d’Erzielung ze wäertvoll! An dach stëmmt mech d’Bichelche traureg, versprécht et engem, méi hätte kënnen ze liwweren. Beim Präis (16 Euro) kann een doriwwer streiden, op e wierklech ubruecht ass.

D‘Rezensiounsexemplar gouf vum Verlag zur Verfügung gestalt

Jean Back

Iesel

90 Säitenzuel

Editions guy binsfeld

ISBN 978-99959-42-29-8

Präis: 16€

Ähnlech Sujeten Bicher, Editions Guy Binsfeld, Iesel, Jean Back, Lëtzebuergesch, Literatur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel