Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Viru ronn 5000 Joer entsteet de Brauch vun Halloween
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Viru ronn 5000 Joer entsteet de Brauch vun Halloween

Haut ass et nees esou wäit. Elle Gestalten a Grujelfilmer

SHARKO – Um 21. Februar am klenge Sall vun der Kulturfabrik!
International Neiegkeeten Stories

SHARKO – Um 21. Februar am klenge Sall vun der Kulturfabrik!

Mam éischten Album Feuded huet alles ugefaangen. Elo verséisst de

Däitsch-tierkescht Verhältnis: D‘Enn vun der Äiszäit?
International Neiegkeeten Stories

Däitsch-tierkescht Verhältnis: D‘Enn vun der Äiszäit?

Et kann ee wuel nach net vun engem harmonesche Verhältnis

Iessen an der Zär: Wéi d’Gastronomie sech un déi sozial Distanz upasst

Iessen an der Zär: Wéi d’Gastronomie sech un déi sozial Distanz upasst

De Restaurant Mediamatic ETEN zu Amersterdam passt sech mat senge sougenannte Serres Séparées un a bitt sengen hongerege Gäscht, soubal et vun der Regierung erlaabt gëtt, ee 4-Gänge-Menü an der Zär un. Esou kann an intimer Ronn déi sozial Distanz zur nächster Koppel garantéiert ginn, wärend ee selwer een eemolegt Erliefnis mat super Ausbléck erlieft.

Um Oosterdok huet een esou déi bëssen aner Aart vun engem Séparé konzipéiert. Passend zum kreativen Afall, d’Gäscht an enger Zär ze zerwéieren, ass de Menü komplett vegan. D’Erliefnis ass dobäi generell fir zwou Persoune geduecht, e weidere Gaascht kann awer fir 40 € dobäi gebucht ginn. Kënnt een eleng, da kann ee vun enger Reduktioun profitéieren.

© Anne Lakeman / Mediamatic

De Restaurant selwer erkläert zur Inspiratioun um Séparé: „Et weist eng sexy Aart vun Intimitéit, hei kënne Saache geschéien, déi verbuerge sollte bleiwen an net vu jiddwerengem gehéiert solle ginn. Dofir hu mir entscheet eisen Zären och ee franséischen Numm ze ginn. Mee, wat hei banne geschitt, ass wuel méi ëffentlech wéi geduecht.“

D’Konzept vu Mediamatic ETEN kënnt dobäi esou gutt un, datt de Restaurant scho bis Enn Juni komplett ausgebucht ass. Bis ewell ass vun der hollännescher Regierung geplangt, datt all gastronomesch Betriber fréistens den 20. Mee nees dierfen opmaachen. Fält d’Reservatioun duerch d’Moossname vun der Regierung, respektiv duerch d’Wiederkonditioune flaach, esou kritt de Client seng Suen zeréck.

Zär

© Anne Lakeman / Mediamatic

Wie stécht dohannert?

Mediamatic steet fir Natur, Biologie a Konscht zu Amsterdam. Schonn zënter senger Grënnung am Joer 1983 probéiert de Kënschtlerzentrum esou mat Liesungen,Workshops a kreative Projeten eng Verbindung zur Natur a Wëssenschaft opzebauen. Duerch eenzegaarteg Konzepter an Entwécklungen wëll een der Gesellschaft nei an aner Materialien an Aart a Weisen ze liewen presentéieren.

Zär

© Willem Velthoven / Mediamatic

Esou koum Mediamatic net nëmme mat der Iddi zum Zäre-Restaurant, mee beispillsweis och zu enger méi agreabeler Form vu Begriefnis. Eng Zeremonie ënnert dem Stärenhimmel, een Transport mam Schëff oder och aner besonnesch Wënsch, si maachen et méiglech.

Eng aner Aktioun war de sougenannte Smell Dating, woubäi ee sech säi Partner eleng um Geroch eraussiche sollt. Schliisslech ass Léift net nëmmen ee Gefill, mee och eng chemesch Reaktioun, bei där mir onbewosst Geréch analyséieren.

Opmaacherbild: Direkt um Waasser kann ee säi 4-Gänge-Menü genéissen, ouni dobäi seng Gesondheet op d’Spill setzen ze mussen ©  Willem Velthoven / Mediamatic

Ähnlech Sujeten Amsterdam, Covid-19, Erliefnis, Gastronomie a Restauratioun, Holland, Mediamatic ETEN, Menü, Oosterdok, Pandemie, Serres Séparées, sozial Distanz, Vegan, Zär
Nächsten Artikel Virrechten Artikel