Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ministesch fir Konsumenteschutz trëfft d‘ULC
https://moien.lu/is-our-time-dating-free/ Neiegkeeten

how carbon dating works quora

Den 30. Januar hat déi nei Ministesch fir de Konsumenteschutz,

https://moien.lu/beste-kostenlose-dating-seiten/
https://moien.lu/is-our-time-dating-free/ Neiegkeeten

OPGEPASST: Ongekennzeechente Gluten bei „Yellow Lentil Spaghetti“

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt den Delhaize ee weidere

D’Nuecht nom „Harvey“: een Doudegen a schwéier Iwwerschwemmungen
https://moien.lu/is-our-time-dating-free/ Neiegkeeten

D’Nuecht nom „Harvey“: een Doudegen a schwéier Iwwerschwemmungen

Den Orkan Harvey huet op mannst ee Mënsch d’Liewe kascht

Ieweschten US-Geriichtshaff: ass dem Trump säi Kandidat e Sexualtäter?

Ieweschten US-Geriichtshaff: ass dem Trump säi Kandidat e Sexualtäter?

Si hunn et an de Bistroen, am Bus, am Auto an esouguer an der „Air Force One“ gekuckt: gëschter haten sech vill Amerikaner virun de Bildschiermer versammelt, fir un der Auditioun vum Brett Kavanaugh deelzehuelen. Dës Persoun ass Kandidat fir den ieweschten US-Geriichtshaff kann op de volle Réckhalt vum US-President zielen.

Virun zwou Woche war d‘Zukunft vun dësem 53 Joer ale Magistrat, praktizéierende Katholik an ultrakonservativ, eigentlech „roseg“. Um Donneschdeg war et en opgereegte Riichter, deen sech mat alle Mëttele géint d‘Beschëllegungen, déi vu sexueller Aggressioun, iwwert Exhibitionismus bis zum Vergewaltegungsversuch ginn, verdeedegt.

Vum Senat gouf dann och net nëmmen de „Kandidat“ gehéiert, mee och déi Fra, déi hie beschëllegt si an den 80er Jore sexuell aggresséiert ze hunn. Eng Auditioun, fir déi sech – laut enger Ëmfro vum Institut Marist – 60% vun den Amerikaner interesséiert hunn. Zu Los Angeles hunn sech Studente vun der Universitéit den Debat zesummen ugekuckt, an hiert Uerteel erlaabt kee Widdersproch.

„Dat esou eppes fräi ronderëmleeft“

Fir d‘Cameron Keel, eng Studentin a Journalismus vu 19 Joer, déi sech op d‘Säit vum Christine Blasey-Ford geschloen huet, gëtt et nëmmen eng Méiglechkeet: „Dee misst hanner Gitter sinn“. A si erkläert: „Véier verschidde Fraen hunn ausgesot, an dat ka keen Accident sinn“.

D‘Christine Blasey-Ford, Psychologie-Enseignante zu Palo Alto (bei San Francisco), huet hir Deklaratiounen, déi an de Medie verëffentlecht goufen, bestätegt. Am Alter vu 15 Joer soll de Brett Kavanaugh, esou d‘Ausso vun der Fra, bei enger Studenteparty am Summer 1982, versicht hunn si ze vergewaltegen. Dat alles ënnert den Ae vu engem Kompliz.

US-Geriichtshaff

D‘Christine Blasey-Ford, huet virum Senat beschriwwen, wat de supposéierte Sexualtäter Brett Kavanaugh hir sengerzäit versicht huet unzedoen. Hiren Temoignage, an dee vun dräi anere Fraen, gëtt als ganz kredibel duergestallt. © Andrew Harnik/pool/AFP

Ganz zréckhalend, an heiansdo vun der Emotioun gepaakt, huet d‘Fra erkläert, datt si hie Ausso als „Biergerflicht“ gesäit.

An esou kann d‘Dynasty Raines, eng aner Studenten am gläichen Alter, dem Cameron Keel nëmmen zoustëmmen: „Dee misst vum ieweschte Geriichtshaff fléien. Deen dierft nach net emol un dëser Auditioun deelhuelen, opgestallt oder gewielt ginn. Et muss eng ‚null Toleranz‘ fir sexuell Iwwergrëff ginn.

Amerikanesch Seefenoper

Fir d‘Dynasty Raines ass kloer, datt d‘Affär „Kavanaugh“ ni un d‘Liicht gerode wier, wann et net de Mouvement „#MeeToo“ ginn hätt. E Mouvement deen am Oktober 2017 opkomm ass, an de Skandal ëm den Harvey Weinstein begleet huet. En Hashtag deen dausenden Affer vu sexuelle Strofdoten eng Stëmm ginn huet. „Alles wat sexuell Aggressioune betrëfft geet elo bei Dagesliicht diskutéiert, virdru war dat alles geheim“.

A „Shaw‘s Tavern“ zu Washington, waren d‘Tëleeën all op CNN agestallt. Ënnert de ronn 30 Gäscht hunn der eng Partie versicht den Debatten nozelauschteren. Hei huet d‘Anthea Francis, eng Apdiktesch ëm déi 50, den Temoignage vun der Fra „aussergewéinlech kredibel“ fonnt. Mee si stellt béid politesch Lager a Fro: „D‘Republikaner hunn net wëlles d‘Wourecht opzedecken, an d‘Demokrate spillen hiert politescht Spill“.

Och den US-President huet d‘Debatten am Senat verfollegt. Ganz entspaant an der „Air Force One“ déi hie vun New York, wou hien un der UN-Generalversammlung deel geholl hat, zréck op Washington geflunn huet. Deen huet knapps, datt den Debat op en Enn gaangen ass, mat engem Tweet, dem Brett Kavanaugh seng voll Ënnerstëtzung zougesot.

E Kueb pickt deem anere keen A aus

„De Riichter Kavanaugh huet Amerika genee gewisen, firwat ech hie nominéiert hunn. Säin Temoignage war staark, éierlech a maträissend“, esou dem Milliardär mat de flénke Fangeren säin Tweet. De Brett Kavanaugh hat do grad seng Auditioun mat „ech schwiere viru Gott“ ofgeschloss. Hien hätt sech ni eppes zu Scholde komme gelooss, an d‘Wourecht gesot.

US-Geriichtshaff

De Brett Kavanaugh hatt sech zäitweis net esou ënner Kontroll, wéi een dat vun him erwaart hat. Hie schwiert awer „bei Gott“ ni enger Fra eppes ugedoen ze hunn, oder versicht ze hunn enger Fra eppes unzedoen. Den amerikanesche Senat muss elo en Uerteel fannen. © Andrew Harnik/pool/AFP

Fir den Donald Trump gëtt et nëmmen ee Wee: „Déi destruktiv Strategie vun den Demokraten ass eng Schan an dës Prozedur en totale Schwindel (…) de Senat muss votéieren!“. Den US-President huet iwwer Wochen „den demokratesche Komplott“ denoncéiert, wou et eenzeg drëms goe géif, säi Kandidat ausenaner ze huelen. En „Gentleman“ a „formidabelen Intellektuellen“.

E Mëttwoch, nach op de Vereenten Natiounen ënnerwee, hat hien awer schonn emol duerchblécke gelooss, datt hien op „säi Kandidat“ verzichte kéint, sollt d‘Christine Blasey-Ford hien iwwerzeegt kréien. Dat schéngt, wann een den Tweet richteg verstanen huet, net de Fall gewiescht ze sinn. Elo läit de Ball am Lager vun de Senateuren…

mam Caitlin Wilson/AFP

Foto: Si ware komm fir ze protestéieren. Protestéiere géint d‘Nominatioun vum Brett Kavanaugh als Riichter um ieweschten US-Geriichtshaff. Dem ultrakonservative Katholik gëtt de Virworf vu sexueller Aggressioun gemaach, an d‘Temoignage schéngen duerchaus kredibel ze sinn. © Jose Luis Magana/AFP

Ähnlech Sujeten Brett Kavanaugh, Donald Trump, Sexuell Gewalt, US Geriichtshaff, US-Senat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel