Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kann dëse Projet dem Eenzelhandel zu Lëtzebuerg hëllefen?
International Neiegkeeten

Kann dëse Projet dem Eenzelhandel zu Lëtzebuerg hëllefen?

D’Geschäfter an eise Stied hunn et ëmmer mi schwéier, hier

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan
International Neiegkeeten

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan

Nodeems Netflix dëse Mount schonn mat Annihilation en neien Science

Generatioun Klima: Esou soll den Iwwergang vereinfacht ginn!
International Neiegkeeten

Generatioun Klima: Esou soll den Iwwergang vereinfacht ginn!

Nodeems een um 6. Dezember 2019 seng grouss Linnen zur

Illinois: Kierch ass Pedophilie

An de leschte Joerzéngte goufen iwwer 700 Paschtéier an den USA ugeklot

Illinois: Kierch ass Pedophilie

D‘Ausmooss vum Skandal mat de pedophille Paschtéier hëlt an den USA dramatesch Formen un. Esou huet d‘Justiz elo bekannt gemaach, datt eleng fir de Bundesstaat Illinois, an de leschte Joerzéngten iwwer 700 Membere vum Klerus sech viru Geriicht hu misse veräntwerten, well se Kanner mëssbraucht hunn. An dat si just déi Fäll wou et zu enger Uklo komm ass.

Fir d‘Lisa Madigan, Procureure vum Staat Illinois, hat am August, an dësem „Industrie-Staat“ eng Enquête opgemaach, nodeems d‘Verëffentlechung vun engem Rapport zum Mëssbrauch vu Kanner duerch Kierchemänner aus Pennsylvania fir zolidd Opreegung gesuergt hat. Hei goufen direkt 300 Paschtéier bezichtegt sech un mannerjärege vergraff ze hunn, an „d‘Direktioun“ wousst Bescheed.

Grond genuch sech ëmzekucken, an d‘Servicer vun der Procureure hunn d‘Archive vun de sechs Diözese vum Bundesstaat Illinois duerchliicht. Hir virleefeg Conclusioune loossen engem d‘Blutt an den Odere gefréieren, esou schwéierwigend sinn d‘Beschëllegungen. D‘Diözesen hunn d‘Nimm vun 185 Paschtéier ëffentlech gemaach, déi zolidd a fundéierte Beschëllegungen ausgesat sinn.

Si woussten allerdéngs och vun Accusatiounen, déi mindestens 500 aner Kierchemänner betraff hunn, heescht an engem vum Lisa Madigan verëffentlechten Tëschebericht. Si stellt fest, datt sech d‘Diözese fir déi allermeeschte „Fäll“ entweder guer net, oder wann da marginal, interesséiert hunn. D‘Justiz wier, esou eng éischt bestätegt Conclusioun, ni zu enger Enquête erugezu ginn.

Si „bedaueren“ an dat muss duer goen

„Déi kathoulesch Kierch ass net amstand seng Police selwer ze maachen“ heescht et dann och am Communiqué vun der Procureure. Esou eng Ausso héiert een net gären an de geweite Maueren, an de Kardinol Blase Cupich, Äerzbëschof vu Chicago, huet an engem Communiqué matgedeelt, datt een datt alles wierklech schrecklech géif fannen an natierlech och géif bereien…

„Ech wëll op dëser Plaz nach emol dat grousst Bedauere vun der ganzer Kierch zum Ausdrock bréngen, där et net gelongen ass op de Skandal zu de pedophille Paschtéier ze Äntwerten“, schreift de Kardinol deen sech dann awer och net ze schued ass, „op dat grousst onvirstellbart Leed vun den Affer“ hinzeweisen. Elo awer Schold op sech ze huelen, esouwäit geet de Kierchemann net.

De Kardinol Blase Cupich ënnersträicht, datt „de Gros vun dëse sexuellen Iwwergrëff viru Jore stattfonnt hunn“, also laang viru senger Zäit. Hien erënnert drun, datt säi Virgänger schonn 1991 „en Ensembel vu strikte Prozeduren opgestallt huet, fir déi jonk Mënsche virun dësen Onmënschen ze schützen“. Prozeduren déi, wéi ee muss feststellen, kee vu senger Dot ofgehalen hunn.

Et gëtt zudeem vun Diözes ugefouert, datt een un de Spëtzt vum Fortschrëtt ukomm ass, wat d‘Aart a Weis vun der Äntwert op dëse Skandal – bei deem et jo nëmmen ëm de schlëmmste Mëssbrauch vu Vertrauen an Autoritéit geet – ubelaangt, an datt zanter elo mindestens dräi Joerzéngten. Esou ass se d‘Kierch, fortschrëttlech, innovativ, tolerant an ëmmer op der Säit vu de Schwaachen…

D‘Jesuite placéieren sech ënnert den Top Ten

Wann ee sech dann nees de Rapport vum Lisa Madigan zu Gemitt féiert, gëtt awer ersiichtlech, datt d‘Diözese vum Illinois, wäit ënnert den „Erwaardunge vum Kardinol“ leien. Textuell betruecht, ass et als erwisen unzehuelen, datt d‘Kierch d‘Affer weder consideréiert nach respektéiert huet. Vun der verspracher Transparenz, ganz ze schweigen. Et dierft een dat och net als eng intern Affär gesinn.

An et ass jo elo wierklech näischt Neies, wat d‘Roll vun de Kierchemänner nach eppes weider an e schlecht Liicht réckelt. De Boston Globe hat 2002 zolidd un de Kierchemauere gerëselt, wéi si eng Serie Artikele verëffentlecht huet, an deenen d‘Mëssbräich vum Klerus an dëser US-Metropol un den Dag bruecht goufen. Déi Revelatioune sinn am Film „Spotlight“ (2015) opgeschafft ginn.

Zanterhier si wuel – déi opfällegst – Paschtéier vun der Kierch ausgeschloss an der Justiz iwwergi ginn, an et gouf och vill Geld an de Grapp geholl, fir entweder ze entschiedegen oder Monddout ze maachen, dat hänkt eppes vum Gesiichtspunkt of. Um Dossier Pennsylvania, wou dausende Kanner mëssbraucht goufen, léisst sech awer erkennen, datt näischt „op fräiwëlleger Basis“ geschitt.

Am Gewulls huet et den Äerzbëschof vu Washington, de Kardinol Donald Wuerl, kal erwëscht fir net ze soen „aus dem Ornat gehuewen“. D‘Diözese verëffentlechen elo schwaarz Lëschten an a veschidde Bundesstaaten geet ugefaangen ze Enquêtéieren. Wat do nach alles wäert opgedeckt ginn, et wot een et kaum sech virzestellen. An et ass dobäi egal ënnert wéi ee Rack e kuckt.

D‘Jesuitten, déi vill Schoulen an den USA geréieren, sinn noutgedrongen „och bereet“ sech dësem „Effort vun Transparenz“ unzeschléissen. Si hunn sech allerdéngs net fir de „mea culpa“ entscheet, mee dofir säit Ufank Dezember eng 200 Nimm vu jesuitesche Kierchemänner publizéiert, déi zanter de 50er Jore vu „kredibele Beschëllegunge“ bis „Fakten“ belaascht ginn. Entlooss gouf nach keen.

mam Charlotte Plantive/AFP

Ähnlech Sujeten Äerzbëschof, Blase Cupich, Donald Wuerl, Illinois, Jesuiten, Kardinol, Kierch, Pedophilie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel