Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Startschoss fir d’Rennen op Weltraumressource fält zu Lëtzebuerg
Erkläert Stories

Startschoss fir d’Rennen op Weltraumressource fält zu Lëtzebuerg

Haut kritt Lëtzebuerg ee Gesetz, dat d’Erfuerschung an d’Notzung vun

lovesurprise
Lauter haart Nëss! Packs du et duerch dëse Lëtzebuergesch-Quiz?
Erkläert Stories

Lauter haart Nëss! Packs du et duerch dëse Lëtzebuergesch-Quiz?

Mir hunn eis mol erëm dru ginn an e puer

money
Kollateralschued am Handelskrich: Harley-Davidson „Made in USA“
Erkläert Stories

Kollateralschued am Handelskrich: Harley-Davidson „Made in USA“

En éischt Affer vum Donald Trump sengem Handelskrich, den emblemateschen

Immigratioun zu Lëtzebuerg, erkläert

Firwat Lëtzebuerg Immigratioun braucht

Immigratioun zu Lëtzebuerg, erkläert

Beim Begrëff Eng-Millioun-Awunner-Staat kritt muencheree Panik: domatter wier d’Land voll, nee, souguer iwwerfëllt. Do gëtt da säitens vu gewësse Facebook-Gruppe behaapt, dat wier net auszehalen, Lëtzebuerg géif ze vill wuessen, an dat och nach ze séier. Mir hunn eis de Phänomen eng Kéier ganz generell ugekuckt.

Lëtzebuerg als Immigratiounsland – ass dat nei?

Kuerz: Nee. Lëtzebuerg ass säit Bestoen en Immigratiounsland. Dat ergëtt sech schonn aus der Gréisst vum Land. Wien sech eng Kéier den Top 10 vun de Länner mat de meeschten Immigranten ukuckt, dee gesäit, datt déi meescht relativ kleng sinn.

Mee kucke mer et mol historesch: den Auslännerundeel zu Lëtzebuerg ass tëscht 1875 an 1910 vun 3% op 15% erop gaangen. Dat waren deemools an éischter Linn Däitscher an Italiener, déi gebraucht gi sinn, fir an der Stolindustrie ze schaffen. Nom Zweete Weltkrich gouf nach emol op d‘Italiener an duerno op d‘Portugise gesat. Net ze vergiessen ass do och d‘Awanderung, déi duerch d‘Usidele vun EU-Institutiounen an der Haaptstad mat sech bréngt.

Vu wou kommen déi rezent Immigranten am meeschten?

Zum 1.1.2017 hält de Statec fest, datt 255.690 vun 281.497 auslänneschen Awunner zu Lëtzebuerg aus Europa stamen – dovunner 240.290 Persounen aus EU-Länner. De gréissten Zouwuess huet dobäi Asie krut: vun 2011 sinn se vun 4.941 op 11.158 geklommen – also méi wéi eng Verduebelung! Zu den asiatesche Natiounen, déi am meeschte present sinn, gehéiere China (1.610 op 3.222), Indien (569 op 1411) a Syrien (vu 25 op 1.183).

1 Millioun Awunner zu Lëtzebuerg, ass dat iwwerhaapt dran?

Dat hänkt e bëschen dovunner of, wien ee freet. E gudde Verglach ass do d‘Saarland: Dat Bundesland vum däitsche Noper huet eng vergläichbar Surface mam Groussherzogtum (Saarland: 2.569,69 km², Lëtzebuerg: 2.586,4 km²) a läit bei enger gudder Millioun Awunner. Dobäi muss gesot ginn, datt se tëschenzäitlech mol bei 1,1 Millioune louch. Den Auslännerundeel loung do bei 9,2%.

Firwat brauche mer iwwerhaapt Immigratioun?

Ouni ze déif wëllen ze goen: Eis Wirtschaft braucht Aarbechtskräfte. Net nëmmen, fir de Wirtschaftswuesstem opriicht ze erhalen, mee och fir eise soziale Versécherungssystem bäi kënnen ze behalen. Wéi an anere europäesche Länner och gëtt eis Populatioun ëmmer méi al an huet ëmmer manner Kanner. Ergo manner Leit, déi schaffe kënne goen. Ergo muss den eenzelen Aarbechter méi Pensionnairen op senge Schëlleren droen (am iwwerdroenen Sënn, versteet sech). D‘Statec huet dozou och eng schéi Grafik, déi weist, wéi d‘Opdeelung Lëtzebuerger – Auslänner an der Alterspyramid ausgesäit.

Wou gesi verschidde Leit Problemer?

Well Wuesstem gewëssen Erausfuerderunge mat sech bréngen. Dozou gehéiert alles, wat eis Infrastruktur a Landesplanung ugeet. Nei Stroossen, besseren ëffentlechen Transport, Aarbechtsplazen, Schoulen a sou weider ginn deen Ament gebraucht. Dat kascht Geld an Zäit a plazeweis gouf do zimlech geschlof, op mannst an den Ae vu verschiddene Leit. Kënnt dobäi, datt de Logement en Dauerthema bleift an d‘Wunnengspräiser duerch méi Demande net grad wäerten erofgoen.

Wat besuergt d‘Leit dann nach?

Do wieren dann nach déi, déi mengen, datt Lëtzebuergesch, jo esouguer de Lëtzebuerger virum Ausstierwe steet. Ganz ofgesinn dovunner, datt Lëtzebuerg och ouni Immigratioun populatiounstechnesch géif wuessen (2.000 – 3.000 am Joer). An absoluten Zuele ginn och d‘Spriecher vum Lëtzebuergeschen erop. Wat Integratioun am allgemengen ugeet, kann sech zwar nach villes verbesseren (och am Edukatiounssystem), mee hei ass eis kulturinhärent Méisproochegkeet vu groussem Virdeel: Si erlaabt eis vill Brécken ze schloen.

Foto: Tristan Schmurr (CC BY 2.0)

Ähnlech Sujeten Erkläert, Immigratioun, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel