Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Kampf ëm Plaz dräi bei der Bundestagswahl
International Neiegkeeten

Editorial: Kampf ëm Plaz dräi bei der Bundestagswahl

D’Kräizer fir d’Bundestagswahl maachen eis däitsch Noperen eréischt muer. Et

Wanteraktioun: Zäit de Bilan ze maachen
International Neiegkeeten

Wanteraktioun: Zäit de Bilan ze maachen

D‘Wanteraktioun, déi zanter 2001 eng fest Plaz als humanitär Aktioun

NATO: ee Bündnis mat Zukunft?
International Neiegkeeten

NATO: ee Bündnis mat Zukunft?

Déi nordatlantesch Verdeedegungsallianz, an där sech esou grouss Demokratie wéi

Däitsche Gesondheetsminister fuerdert Immunitéit-Auswäis

Nieft enger Tracing-App, sollen eis däitsch Noperen elo och en Auswäis kréien, mat deem hinnen hir Immunitéit géint de Covid19 bestätegt gëtt. Eng Mesure déi éischter ëmstridden ze si schéngt…

Däitsche Gesondheetsminister fuerdert Immunitéit-Auswäis

Am Interview mat der ARD, huet den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn d‘Aféierung vun engem Immunitéit-Auswäis ugeschwat. Et wier dat en Dokument, datt engem d‘Dieren op, op eben och verschléisse kann. Fir de Minister eng Chance, well et géif jo och ëm d‘Fro vun de Mënsche goen, déi vu sech aus wësse wëllen, ob si Immun sinn oder net. An den Impfpass geet et jo schonn.

Dat ass deels richteg, well eigentlech sollt an Europa all Mënsch en Impfpass hunn, mee deen ass éischter fir medezinesch Zwecker geduecht, a soll och derzou déngen, datt ee seng „Rappeller“ net vergësst. Datt ass bei de Riedelen esou, mee och wann een an d‘Vakanz a Länner flitt, wou gewësse Virschrëften eng Impfung noutwenneg maachen. Zum Spahn-Auswäis gëtt et awer Ënnerscheeder.

AuswäisWat et am eenzele mat dësem Auswäis op sech huet, dat wier scho leschte Mëttwoch am Kabinett berode gi sinn, dës Woch soll et da bei der Debatt am Bundestag dat ganz Coronavirus-Gesetz op de Leescht geholl ginn. An dëst Gesetz, wou et nieft méi Tester, enger Primme fir d‘Fleegepersonal an enger Tracing-App och ëm dësen Immunitéit-Auswäis goe soll, suergt scho fir zolidd Gespréich.

Dem Jens Spahn säin Argument: Esou en Auswäis wier grad am Gesondheetssecteur vu groussem Notzen, well et jo gutt ass ze wëssen, wien schonn eng Immunitéit géint de Covid19 entwéckelt huet. Klengt net verkéiert, mee den Ament ass nach net emol gewosst, ob ee sech net och eng zweet Kéier kann ustiechen. An dësem Punkt sinn sech Fuerschung a Wëssenschaft den Ament oneens.

Eng sënnvoll Stigmatiséierung

An da Stellt sech d‘Fro, op esou en Immunitéit-Auswäis net och ausserhalb dem Gesondheetswiese kann Uwennung fannen. Wann ee beleeë kann, datt een Immun ass, misst ee jo de Kontaktverbuet net méi beuechten, et kéint ee sech méi Fräi bewegen, jo esouguer Reese wier dann eigentlech och nees méiglech. Klengt op den éischte Bléck ganz plausibel, mee et gëtt natierlech och en Hoken.

Auswäis

Op europäeschem Niveau gëtt och un engem Impfpass gedoktert, mee dat huet näischt mat dem Immunitéit-Auswäis ze dinn, dee sech de Minister Jens Spahn virstellt. Generell ass et och net verkéiert en Impfpass ze hunn, well verschidden Impfunge vun Zäit zu Zäit musse widderholl ginn.

Esou stellt sech d‘Fro, op d‘Leit sech dann net absichtlech ustieche géifen, just fir dësen Auswäis ze kréien. A wat géif d‘Patronen drun hënneren, dësen Auswäis vun de Leit ze verlaangen, iert se agestallt ginn? Fir de Gesondheetsminister ass esou eppes onvirstellbar, well generell ass dat jo verbueden, an dat soll och verbuede bleiwen. Heit gëtt et nëmme ganz wéineg Ausnamen.

De Koalitiounspartner SPD ass „skeptesch“, d‘Oppositioun éischter parteiiwwergräifend dergéint. Fir déi gréng ass den Auswäis kontraproduktiv, déi lénk schwätzt vun Iwwerwaachungsstaat an d‘Faschisten (AfD) fäerten datt et zu Zwangsimpfunge kënnt. Dateschützer gesinn an dësem Projet een däitleche Verstouss géint den Dateschutz an déi medezinesch Confidentialitéit als erwisen.

AuswäisE „Widderstand“ mat deem de Minister gerechent huet, firwat hien den Avis vun Experten an dem Ethikrot ugefuerdert huet. Hien huet den Ethikrot schrëftlech opgefuerdert, ze préiwen, wat derfir a wat dergéint schwätzt, fir den Debat besser orientéieren ze kënnen. D‘Kritiker fäerten datt et mam Auswäis zur Stigmatiséierung komme kann, an dat ouni dat gewosst ass wéi laang een Immun ass.

mat indymedia/ber

Illustratioun: Tracing-App, Regëster, Meldeflicht… firwat keen Immunitéit-Auswäis? Ma well et schonn esou eppes wéi en Impfpass gëtt. Och wann déi meescht wuel net méi wësse wou sech dee verkroch huet. © Martin Sanchez / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Däitschland, Immunitéit-Auswäis, Impfpass, Jens Spahn, Stigmatiséierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel