Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Stephen King feiert seng 70! Hei sinn 7 Saachen, déi s de iwwert e wësse muss
International Neiegkeeten

De Stephen King feiert seng 70! Hei sinn 7 Saachen, déi s de iwwert e wësse muss

Et gi wéineg Schrëftsteller, deenen hire Numm esou bekannt ass,

Wéinst der Pandemie gëtt d‘Wanteraktioun bis Enn Mee verlängert
International Neiegkeeten

Wéinst der Pandemie gëtt d‘Wanteraktioun bis Enn Mee verlängert

Datt de Familljeministère ënnert der Leedung vum Corinne Cahen net

Beaufort Knights: D’Gléck war nees op hirer Säit!
International Neiegkeeten

Beaufort Knights: D’Gléck war nees op hirer Säit!

Um Samschdeg Owend hunn d’Beaufort Knights bewisen, datt d’Gléck zeréck

Impeachment: Déi „orange“ Säit schléit zréck

Beim Amtsenthiewungsverfare géint den US-President ginn d‘Affekote vun der Verdeedegung an d‘Offensiv

Impeachment: Déi „orange“ Säit schléit zréck

An engem Schreiwes dat haut vum Wäissen Haus publizéiert ginn ass, heescht et, datt déi zwee Punkte vun de Uklo: Muechtmëssbrauch a Behënnerung vun den Ermëttlunge vum Representantenhaus, géife géint déi amerikanesch Verfassung verstoussen. Esou d‘Affekoten.

Wa gewosst ass – mir hunn et oft erkläert – datt d‘Prozedur zur Amtsenthiewung vum Donald Trump am Representantenhaus, wou d‘Demokraten d‘Majoritéit hunn, esouwuel en historescht Evenement ass, wéi kaum Chancen op „Erfolleg“ huet, esou dierf een net aus den Ae verléieren, datt d‘Amerikaner voll am Wahlkampf sinn, an esou den Impeachment schonn en Impakt huet.

An deen esou lächerleche wéi zynesch a geféierleche Clown weess wéi de Showbusiness leeft. De Senat gëtt vun de Republikaner beherrscht an déi wäerten de Milliardär kaum behellege wëllen. Deen huet jo och rezent, aus nationaler Siicht, eng Rei Erfolleger ze verbuchen. D‘Ermordung vum Quassem Soleimani an ee partiellen Handelsaccord mat de Chinesen, gefält den Amerikaner.

Dem Donald Trump seng Affekoten hunn ee Samschdeg nach emol erkläert, datt d‘Uklo sech weder op Strofdoten nach op Gesetzverstéiss a schonn emol guer net schwéier Verbrieche beruffe kann. D‘Begrënnung zum Lancement vun der Prozedur wier zudeem d‘Produkt vun engem ongëltege Verfahren, bei deem d‘Rechter vum US-President net respektéiert goufen.

AmtsenthiewungsverfareEsou wier dat vun den Demokraten ugestrieften Amtsenthiewungsverfaren ee gesetzeswiddrege Versuch d‘Resultater vun de Walen aus 2016 a Fro ze stellen an esou och an d‘Wahle vun 2020 anzegräifen. Dem Milliardär seng Affekote bezeechnen d‘Uklo vun den Demokraten, als ee ganz geféierlechen Ugrëff op d‘Recht vun den Amerikaner, sech hire President fräi wielen ze dierfen.

De Rabbelkapp mat der gréisster a schéinster Militärmuecht vun der Welt, ass eréischt den drëtten US-President an der Geschicht vun den USA, dee sech am Senat engem Amtsenthiewungsverfare stelle muss. Zu engem Impeachment ass et ni komm an och d‘Kausa Trump wäert do keng Ausnam maachen. Formel huet d‘Prozedur en Donneschdeg ugefaangen, en Dënschdeg gëtt et dann Eescht.

mat indymedia/was

Ähnlech Sujeten Amtsenthiewungsverfaren, Demokraten, Donald Trump, Impeachment, Republikaner, US-President, US-Wahlkampf 2020, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel