Neijoerschdagsgréiss vun der FEDIL (eppes kommentéiert)
Si stinn net am Ruff déi beschte Patronen ze sinn,
No den Terroruschléi am Frankräich an och an Éisträich –
E Samschdeg, den 23. November organiséiert de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL)
Dës Nuecht huet d‘Nancy Pelosi (80), d‘Spriecherin vum Representantenhaus, bekannt ginn, datt mat 232 zu 197 Stëmmen, dat zweet Amtsenthiewungsverfaren (Impeachment) géint den Donald Trump op den Instanzewee bruecht ginn ass. Dëse „Vott“ gëllt als historesch, well et dat esou nach ni an der Geschicht vun den USA ginn huet. D‘Argumentatioun vun den Demokraten:
„Mir wëssen, datt mir Feinde vun der Verfassung géinteniwwer gestane sinn. Mir wëssen, datt mir en Opstand erlieft hunn, deen de Wëlle vum Vollek ënnergruewe wollt. A mir wëssen, datt de President zum Opstand opgeruff huet, zum bewaffenten Opstand géint eist gemeinsamt Land“, esou dee vun der Demokratescher Partei erhuewene Virworf géint de 45. President vun den USA.
Beim Stuerm op d‘Kapitol zu Washington hat et fënnef Affer ze bekloe ginn. Den FBI hat virun der Annonce zum Amtsenthiewungsverfaren erkläert, datt een Hiweiser vun enger Verschwierung géif nogoen. Och eng Rei Republikaner hunn hirem Chef ënnerstallt, fir d‘Ausschreidungen direkt verantwortlech ze sinn. Zéng Republikaner (eng Minoritéit also) hunn d‘Verfaren esou matgedroen.
Beim Debat zum Impeachment, hunn déi meescht republikanesch Intervenanten den Demokrate virgeworf, vum Gedanke besiess ze sinn, den Donald Trump aus dem Amt ze verdreiwen. Esou déi republikanesch Deputéiert Lauren Boebert (eng erkläerte Supporterin vun der Q-Anon Beweegung a Sympathisantin vun de Proud Boys), déi sech drop behaapt, dat déi „Liberal“ d‘Protester géint d‘Policegewalt grad esou „ugestachelt“ hätten:
„Wéini gëtt déi Lénk zur Verantwortung gezunn. Si hunn zur Gewalt opgeruff an déi normaliséiert. Amplaz Amerikaner an dëser Zäit ze hëllefen, fänke mir een neit Amtsenthiewungsverfaren un, dat d‘Land weider spléckt“.
Et huet näischt gehollef, d‘Verfaren ass elo beschlosse Saach an muss elo nach vum Senat validéiert ginn. Hei huet de Majoritéitsleader Mitch McConnell (Rep) awer eng Sëtzung fir den nächsten Dënschdeg ausgeschloen. Dat wëll heeschen, datt de „Prozess“ géint den Donald Trump eréischt lancéiert ka ginn, wann dësen d‘Schlëssele vum Wäissen Haus un de Joe Biden iwwerginn huet.
Op et dann zu enger zweedrëttel Majoritéit kënnt? Dat ass net gewosst. Sollt deem awer esou sinn, da wier et méiglech, mat enger sougenannter „einfacher Majoritéit“ méiglech ze verhënneren, datt den Donald Trump jeemools nees en ëffentlecht Mandat iwwerhuele kann.
Wärend am Representantenhaus iwwert d‘Amtsenthiewungsverfaren debattéiert gouf, huet den US-President sech zu Wuert gemellt: „Ech condamnéieren onmëssverständlech d‘Gewalt déi mir déi lescht Woch gesinn hunn. (…) Wéi dir all, war ech vun der Katastroph déif schockéiert an zudéifst bedréckt. Gewalt a Vandalismus hunn net hir Plaz en eisem Land“.
Den Donald Trump huet d‘Vollek opgeruff sech nees ze berouegen an zum Fridde bäizedroen. Hie schéngt siichtlech beméit sech vu sengen Unhänger ze distanzéieren, an huet dës opgeruff – mam Hibléck op gewalttäteg Protester bei Vereedegung vum Joe Biden – op Gewalt ganz ze verzichten. Kee vu senge Supporter kéint politesch Gewalt veräntwerten, wien dat awer mécht, géif och säi Mouvement net ënnerstëtzen, mee dësen ugräifen.
Weider heescht et, datt hien d‘Autoritéiten ugewisen huet, all Mëttel anzesetzen déi noutwenneg sinn, fir déi aner Woch d‘Uerdnung an der Haaptstad oprecht ze erhalen. Zum Impeachment huet sech de 45. US-President net geäussert…
mat indymedia/was
Foto: (Thanks to) © Frank Thorp (via Twitter)