Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Police Lëtzebuerg: Nach ëmmer Verstéiss géint d’Droe vun der Schutzmask
International Neiegkeeten

Police Lëtzebuerg: Nach ëmmer Verstéiss géint d’Droe vun der Schutzmask

D’Phas vum Deconfinement rullt, d’Lëtzebuerger Bierger kréie lues awer sécher

Reklammen an der Bréifkëscht: Muss dat sinn?
International Neiegkeeten

Reklammen an der Bréifkëscht: Muss dat sinn?

Den Deputéierte vun der Piratepartei, Marc Goergen, huet de Ministere

International Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill MELLIS

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Neies vun den Impeachment-Hearingen

Amerikaneschen EU-Ambassadeur belaascht de Milliardär, hie gesäit sech selwer als entlaascht

Neies vun den Impeachment-Hearingen

De Gordon Sondland, US-Ambassadeur bei der EU, huet bei de ëffentlecher Unhéierung am US-Kongress ausgesot, datt hien de 26 Juli mam Donald Trump telefonéiert huet, wat dësen ofstreit. Den Ambassadeur awer bleift standhaft.

Bei der Unhéierung zum Amtsenthiewungsverfaren (Impeachment) géint den US-President, huet de Gordon Sondland gesot, datt hien op ausdrécklech Unuerdnung vum Donald Trump, mam Affekot Rudy Giuliani am „Ëmgang“ mat der Ukrain zesummegeschafft huet. Deen hätt vum Wolodymyr Selenski eng Géigeleeschtung fir en Treffen am Wäissen Haus verlaangt. Och dat geet bestridden…

Ënner Eed awer behaapt sech den Ambassadeur drop, datt den Affekot am Géigenzuch zu engem Treffen, eng ëffentlech Ukënnegung gefuerdert hätt, an där erkläert sollt ginn, datt et eng Enquête soll ginn, mat där dem politesche Géigner Joe Biden geschuet ka ginn.

„De Giuliani huet dem US-President seng Wënsch zum Ausdrock bruecht a mir woussten, datt dës Ermëttlunge fir de President wichteg waren“, esou de Gordon Sondland, dee betount, datt den Affekot den Ukrainer dat och direkt gesot huet. Op d‘Fro: „Huet et ee Quid pro quo ginn?“ huet de Gordon Sondland mat „Jo“ geäntwert, woubäi hien dëse „Jo“ dann awer relativiséiert huet.

Liicht widderspréchlech

Esou huet den Ambassadeur och ageworf, datt hien dat ni vum Milliardär perséinlech héieren huet. Dofir huet den Diplomat ënnerstrach, den Ausseminister Mike Pompeo an de geschäftsféierende Chef vum Etat-Major, Mike Mulvaney ëmmer iwwert alles um Lafende gehalen ze hunn.

A senger Ausso huet de Gordon Sondland nach erkläert, datt hien zur Erkenntnis gelaangt wier, datt déi „agefruere“ Militärhëllef fir d‘Ukrain eréischt da geleescht gëtt, wann et eng Ukënnegung vu Kiew gëtt, datt Ermëttlungen an d‘Wee geleet goufen. Den Diplomat soll dann och seng „Suergen“ am Bezuch op dës Géigeleeschtung mat den Ukrainer gedeelt hunn.

Hien huet dann awer ee „Verdacht“ vun den Demokraten net kënne bestätegen. Esou huet den Diplomat ni perséinlech vum Donald Trump héieren, datt d‘Militärhëllef vun den Ermëttlunge géif ofhänken. Dat wier éischter eng „perséinlech Appreciatioun“ vun der Situatioun gewiescht.

Erzwonge Kooperatioun

Interessant och, datt de Gordon Sondland betount huet, hien an aner US-Regierungsvertrieder hätten net wëlle mam Rudi Giuliani kooperéiere wëllen. „Ech war deemools wéi haut der Meenung, datt et d‘Männer an d‘Frae vum Ausseministère an net de perséinlechen Affekot vum US-President misste sinn, déi Verantwortung fir den Ëmgang mat der Ukrain iwwerhuele sollten“, esou den Diplomat.

Hie schléisst sech domat de virechten Zeien un, déi dem Affekot virgeworf hunn eng parallel Ukrain-Politik – am Réck vum Ausseministère an dem nationale Sécherheetsrot – bedriwwen ze hunn. Dat sinn zolidd Virwërf an et dierft zumindest komplizéiert ginn déi ze entschäerfen.

Impeachment

An den Ambassadeur huet dem US-President och nach an engem weider Punkt widdersprach. Esou huet de Gordon ënner Eed bestätegt, de 26. Juli mam Milliardär telefonéiert ze hunn. E Gespréich vu fënnef Minutten, datt den Diplomat sengerzäit aus engem Restaurant Kiew gefouert wëll hunn.

Erënnere mir dozou dorunner, datt virun ee puer Deeg, den David Holmes, Mataarbechter vun der US-Ambassade zu Kiew, virum Kongress ausgesot huet, datt hien de 26. Juli bei dësem Gespréich am Restaurant derbäi war an esou matkritt huet, datt sech den US-President erkënnegt huet op den neien ukrainesche President déi gefuerdert Ermëttlunge lancéiert huet, wourop de Sondland geäntwert hätt, datt deen dat maache géif. De Selenski géif alles maachen ëm wat hie gebiede gëtt.

Brandgeféierlech

Elo kann een, och wann den Donald Trump nach ëmmer voller Zouversiicht ass – schliisslech ass nach de Senat dertëscht – awer scho vun enger Iwwerraschung schwätzen. Wéi de Gordon Sondland mat sengen Ausféierunge fäerdeg war, huet sech emol alles misse „sammelen“. Dat war schliisslech méi wei et sech d‘Demokraten am Kongress konnten erhoffen.

Woubäi, datt den Donald Trump engem Treffe mam Wolodymyr Selenski nëmmen dann zougesot hätt, wann et ëffentlech Ermëttlunge géint den Energiekonzern Burisma an deen do beschäftegten Hunter Biden, de Fils vum Joe Biden, géif ginn, ass och domatter net ofschléissend erwisen.

Och de Gordon Sondland konnt net noweisen, datt den Donald Trump den Uerder soll ginn hunn, d‘Militärhëllef un d‘Ermëttlunge géint den Hunter Biden geknäppt ze hunn. De Géigendeel ass de Fall, well den US-President him jo gesot huet, datt hien näischt vun der Ukrain wëll, hie wéilt keng Géigeleeschtung. An esou fillt sech den Donald Trump vëlleg entlaascht an d‘Verfare fir gelaf…

mat indymedia/was

Foto: Den amerikaneschen Ambassadeur bei der EU, Gordon Sondland: „Mir hunn den Uweisunge vum President gefollegt“. (Video Auszuch)

Ähnlech Sujeten Amtsenthiewungsverfaren, Demokraten, Donald Trump, Impeachment, Republikaner, Ukrain, US-Senat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel