Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Besuergneserreegend Zoustänn an de Lëtzebuerger Naturschutzgebidder
International Neiegkeeten

Besuergneserreegend Zoustänn an de Lëtzebuerger Naturschutzgebidder

Mat engem oppene Bréif un d’Ministerin Carole Dieschbourg an d’Ministere

Pelzegen Held: Der Rat Magawa hir erfollegräich Sich no Landminnen
International Neiegkeeten

Pelzegen Held: Der Rat Magawa hir erfollegräich Sich no Landminnen

Alt erëm muss een zouginn, datt d’Raten hire schlechte Ruff

Editorial: Flüchtlingspolitik vun der EU e verbriechen un der Mënschheet
International Neiegkeeten

Editorial: Flüchtlingspolitik vun der EU e verbriechen un der Mënschheet

Wann et vir dat Vereentent Europa esou einfach wier sech

Impeachment: eng demokratesch Nullnummer

Hien huet gelunn, bedrunn, de Kongress an d‘Justiz behënnert an dat war esou wuel voll an der Rei

Impeachment: eng demokratesch Nullnummer

D‘Amtsenthiewungsverfare géint den Donald Trump ass ofgeschloss, a wéi mir et ëmmer nees hu missen erklären, dobäi erauskomm ass näischt. Ausser vläicht, datt sech d‘Demokrate blaméiert an d‘Republikaner keng gutt Figur gemaach hunn. Wéi och ëmmer… den Donald Trump ka sech beim Impeachment iwwert een zolitte Fräisproch freeën.

An den Donald Trump, dee méi wéi jee voll am Wahlkampfmodus ass, feiert seng Victoire déi ni a Fro gestallt war. Op Twitter léisst de Milliardär matdeelen, datt hien haut um 12 Auer (lokalzäit) iwwert d‘Victoire vum Land iwwert den Impeachment schwätze wäert. Inhaltlech dierft dat wéineg Spannung enthalen an och soss, geet et dem US-President dobäi nëmmen ëm de Wahlkampf.

ImpeachmentDatt d‘Republikaner erwaardungsgeméiss hirem „Mann“ de Réck gestäipt hunn (ausgeholl de Mitt Romney) verhënnert net, datt d‘Presidentin vum Representantenhaus, Nancy Pelosi, den Donald Trump och weider als „Gefor fir déi amerikanesch Demokratie“ bezeechent an de republikanesche Senateuren ënnerstallt, déi verfassungsméisseg organiséiert Uerdnung ënnergruewen ze hunn.

Gesetzlosegkeet a Wahlmanipulatioun erhalen dank dem 45. US-President en neie Statut. De ganze Prozess war ab deem Moment wéi en an de Senat komm ass, zu Farce ginn. Et war gewosst, datt déi republikanesch d‘Senateuren net op d‘Spill vun den Demokrate géifen agoen. Dofir sinn och keng Zeien a Beweiser zougelooss ginn. Et ass jo och kee Geriicht am eigentlech juristesche Sënn.

Eigentlech ass alles ee (schlechte) Witz

Et ass dann awer och net esou, wéi wann déi vun den Demokraten am Representantenhaus erhuewe Virwërf: Muechtmëssbrauch a Behënnerung vun den Ermëttlungen am Kongress; falsch wieren an esou gouf do och d‘Amtsenthiewungsverfaren duerchgesat. Drock op d‘Ukrain ze maache fir engem „Konkurrent“ am Wahlkampf lass ze ginn an d‘Enquête dozou ze verhënneren, wier net Ok.

ImpeachmentReng juristesch betruecht ass et dat och net, mee de Senat ass kee Geriicht. Hei ginn d‘Decisiounen aus politescher Iwwerleeung getraff, an dorausser ergëtt sech: den Donald Trump huet de facto de Wolodymyr Selenski ënner Drock gesat an zougesote Militärhëllef zréckgehalen, esou wéi den US-President uschléissend d‘Hiewel a Beweegung gesat huet, fir d‘Ermëttlungen dozou ze behënneren.

Dat erkläert dann och de schaarfen Toun vum gréissten Diplomat an der US-Geschicht, géintiwwer dem Senateur Mitt Romney (UTAH). Dat war deen eenzege Republikaner deen d‘Jicken hat fir den Impeachment ze stëmmen. Dofir heescht et da säitens dem Milliardär, datt de Republikaner e Spioun vun den Demokrate wier a versicht hätt d‘Regierung als Ausseminister ze infiltréieren.

ImpeachmentAbsolute Quatsch sécherlech, mee dem Donnie seng Fans léiwen dëst „Schoulhaff-Gestreits“ a wat et méi offensichtlech ass, wat d‘Amerikaner et léiwer hunn. Firwat sech awer elo d‘Bierger vun der Weltmuecht USA, dem entsetzleche Mëssbrauch vum ëffentleche Vertrauen, net verwieren? Dat huet esouwuel mat falschem Patriotismus wéi mat irgeleeter „Intelligenz“ ze dinn, et sinn d‘USA.

mat indymedia/was

Ähnlech Sujeten Amtsenthiewungsverfaren, Behënnerung, Demokraten, Donald Trump, Impeachment, Mitt Romney, Muechtmëssbrauch, Nancy Pelosi, Republikaner, US-Senat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel