Google Datenzenter: D‘Geheimnisser si gelëft
Ob a wéini et zum Bau vum gigantesche Google Datenzenter
Ob a wéini et zum Bau vum gigantesche Google Datenzenter
Bei sengem Rapport vum Joer 2019 huet de Grupp CFL
Nodeems d‘Regierung iwwert d‘Feierdeeg mat eppes Marketing fir d‘Impfcampagne beschäftegt war, an sech de Regierungschef héchstperséinlech vum gudden Ëmgang mat de Livraisoune vum Vaccin iwwerzeegt hat; nodeems déi éischt Probanten hir Dosis injizéiert kruten an dat ganzt um Freideg zu enger „kuerzer“ Aktualitéitsstonn an der Chamber gefouert huet, huet elo och de Chef vun der Santé, den Dokter Jean-Claude Schmit eng Meenung an Erklärungen zur Impfcampagne.
Entspriechend den zoustännegen Autoritéiten si bis ewell ronn 1.200 Leit, Fleegepersonal a Leit aus de Fleege- an Altersheemer mam Pfizer/Biontech Vaccin „behandelt“ ginn. Dem Medeziner fält op, datt et „lues“ virugeet, mee mat der Arrivée vu weideren Impfdosen, d‘Vaccinatioun méi séier sollt kënne vu Statte goen. Mat der Fräigab vum Moderna-Vaccin steet jo och ee weideren Impfstoff zur Verfügung an en drëtten, jo esouguer ee véierten Impfstoff, sollten zäitno disponibel sinn.
Sinn dës Parameter erfëllt, kann déi zweet Phas vun der Impfcampagne lancéiert ginn. Hie bestätegt datt, nodeems d‘Verhandlunge vun der EU-Kommissioun zur Obtentioun vun Impfstoffer ofgeschloss sinn, Lëtzebuerg selwer weider Dose bestallt huet, et dozou awer aktuell nach keng Réckmeldung géif ginn. Dat widdersprécht eppes der Duerstellung vun der Regierung, woubäi engem jo bekanntlech dat eegent Hiem ëmmer iergendwéi am nächsten ass. Mee wat bedeit dat?
Streng geholl, haten sech als éischt déi europäesch Gesondheetsminister drop verstännegt, datt et kontraproduktiv wier, sech bannent der Unioun Konkurrenz ze maachen. Dat hunn och d‘Staats- a Regierungscheffen esou gesinn, firwat d‘EU-Kommissioun d‘Verhandlunge fir all d‘Länner gefouert huet, an d‘Verdeelung nom Bevëlkerung-Prorata soll stattfannen. Well et awer nees villen net séier genuch geet, schéngt ee sech grad esou séier ze desolidariséiere wéi sech eens war.
Dat gewosst dierf nach ervirgehuewe ginn, datt ee sech bei der Santé an der tëscht op d‘Zilgrupp vun der Impfung konzentréiert. Well et esou kéint ausgesinn, wéi wann et och ënnert dem Fleegepersonal 100% Zoustëmmung fir de Vaccin huet, gëtt nach emol ënnerstrach, datt et zu kengem Ament u Fräiwëlleger gefeelt hätt. Eng Siicht déi vum Secteur esou net gedeelt gëtt. Et géif un Informatioun an Erklärung feelen, an och „Drock“ wier kee probat Mëttel zur „Iwwerzeegung“.
Aus dësem gudde Grond dierft den Direkter vun der Santé, sech och zu den aktuell festgestallten Niewewierkunge geäussert hunn. Laut dem Dokter Jean-Claude Schmit, hätt een zu Lëtzebuerg bis ewell just constatéiert, datt zu kuerzzäitege Schmäerze bei der Astéchstell an/oder liichtem Féiwer, dat awer no ee puer Stonne verflunn ass, komme kann. Laut dem Dokter näischt, wat et net och bei allen aneren Impfunge géif ginn. De Covid19-Impfstoff gëtt also allgemeng gutt verdroen?
Laut eiser héchster Autoritéit am Gesondheetswiesen: „Jo!“. Woubäi de Chef vun der Santé och grousse Wäert drop leet, datt jidderee wësse sollt, datt een zu Lëtzebuerg der Nosuerg déi gréissten Opmierksamkeet zouwennt. Wéi dat ausgesäit – ausser dem Fait datt de Leit hir perséinlech Daten op 20 Joer iwwerwaacht solle ginn – sollt een och erklären, mee et gëtt sech léiwer op d‘USA bezunn, déi jo dat beschte Beispill vir den exemplareschen Ëmgang mat der Pandemie sinn…
Illustratioun: © Pfizer/Biontech