Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et bleift bei 90 km/h op der Autobunn A1 an A6
International Neiegkeeten

Et bleift bei 90 km/h op der Autobunn A1 an A6

Duerch déi positiv Auswierkunge vun der Vitesslimitatioun op 90 km/h

What the Fakt – A Gedenken un d’Opfer vum Nationalsozialismus
International Neiegkeeten

What the Fakt – A Gedenken un d’Opfer vum Nationalsozialismus

Um 27. Januar 1945 war et déi Rout Arméi, déi

D‘Chamber ëm Diskretioun gebueden
International Neiegkeeten

D‘Chamber ëm Diskretioun gebueden

Wann de 24 Juni den „Noutstand“ säin offiziellt Enn erreecht

Impfstoff: Sträit ëm eppes wat et nach net gëtt

Impfstoff: Sträit ëm eppes wat et nach net gëtt

Honnerte Projeten, dovunner eng gutt Dosen déi villverspriechend sinn. Et sollt een allerdéngs net scho fir muer mat engem Impfstoff rechnen. Tëscht 12 a 18 Méint, esou laang wäert et dauere bis den Impfstoff géint de Covid19 kann op de Marché kommen, wann dann ee fonnt gëtt. Trotzdeem gëtt sech schonn ëm „déi gerecht Verdeelung“ gestridden.

Et ass sécherlech richteg sech elo scho Gedanken doriwwer ze maachen, datt wann den Impfstoff géint de Coronavirus Covid19 bis do ass, wien als éischt soll Zougang erhalen. Experte géifen et begréissen, wann ee fir unzefänken all d‘Mënschen aus de Gesondheetsberuffer, eeler Mënschen a chronesch Kranker géif impfen. Anerer wëllen an deene Regiounen impfen déi staark betraff sinn.

Kléngt vernënfteg, mee iert een eppes „verdeelt“ oder „zouweist“, misst emol fir unzefänke gekläert ginn: wéi vill Dose vum Impfstoff kann een an wéi engem Zäitraum hierstellen an wien huet dann den Zougrëff? Laut der Schwäizer Pharmaentreprise Lonza (déi schafft mat der amerikanescher Biotech-Firma Moderna zesummen) kënne bis zu enger Milliard Impf-Dosen hiergestallt ginn.

Et muss een dann och kee groussen Analyst sinn, fir sech ausmolen ze kënnen, datt wie finanziell „aktiv bedeelegt“ ass, sech och um Entscheedungsprozess vun der gerechter Verdeelung wäert aktiv bedeelegen. Esou huet de Patron vu SANOFI, dem franséische Laboratoire deen ganz intensiv no engem Impfstoff fuerscht, déi lescht Woch schonn emol kloer gemaach, wien als éischt dru kënnt.

Wëssen ass Muecht

Hei hat de CEO Serge Weinberg wësse gelooss, datt wann si den Impfstoff fanne sollten, déi éischt déi dovunner profitéiere géifen, d‘Amerikaner wieren. Hien huet sech fir dës Ausso op Verträg mat der Barda, engem Departement vun der US-Gesondheetsverwaltung bezunn, deen de Projet vun de Fransouse matfinanzéiert. Dat ass vun der Regierung denoncéiert ginn, mee esou geet Wirtschaft

Zudeem huet SANOFI den Ament eppes Problemer mat der Justiz. Si gëtt vu der franséischer Justiz beschëllegt, mat der Kommerzialisatioun vum Anti-Epileptika „Dépakine“ d‘Leit „bedrunn“ an hinnen „ongewollt Schued“ zougefüügt ze hunn. D‘Enquête leeft zanter September 2016 an den 3. Februar 2020 ass d‘Pharmaentreprise ënner Uklo gestallt ginn. Et geet ëm zeg Milliounen Euro.

Mëttlerweil, allerdéngs eréischt no der Entrevue mam President Emmanuel Macron, huet de Serge Weinberg d‘Primeur fir den US-Marché nees eppes „relativiséiert“. Hien huet gemengt, datt och wann et esou Verträg gëtt, een natierlech drun interesséiert ass op internationalem Niveau mat allen zesummenzeschaffen. D‘Amerikaner gesinn dat hirersäits eppes anescht, mee si si fir den Dialog…

Et gëtt Solidaritéit gebraucht

Wann et net soll derzou kommen, datt déi mat meeschte Geld an/oder politeschem Afloss, sech d‘Exklusivitéit vum Impfstoff séchere kënnen, wier et tatsächlech elo schonn noutwenneg deem eng politesch Léisung entgéintzestellen. Ideal wier et, wann den Impfstoff vum Patentrecht ausgeschloss géif ginn. Zudeem misst et weltwäit Produktiounsstanduerter ginn. Mee et geet leider och ëm Geld.

Am Fall vun engem Covid19-Impfstoff, schwätzt ee vun engem Maart dee wäit iwwert 7 Milliarde potentiell Clienten ëmfaasst. D‘Profitmarge vun de Pharmakonzerner spillt awer eng éischter sekundär Roll, well esou en Impfstoff kann och zum politeschen Drockmëttel ginn. Wann d‘USA den Domm drop hunn, wäerte Länner déi vun hinne sanktionéiert sinn, kaum Zougang kréien.

Mee et dierft och fir Aarm Länner komplizéiert ginn. Wéi sengerzäit Medikamenter géint AIDS op de Maart komm sinn, konnte vill Länner sech déi schlicht an ergräifend net leeschten. Et huet éiweg gedauert bis hei agelenkt gouf. Dat weist eis, datt och wann en Impfstoff géint de Covid19 sollt fonnt ginn, da wäert dat net fir all d‘Mënschen op der Welt eng gutt Noriicht sinn…

mat indymedia/gva/mrs

Illustratioun: © CDC / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Gerechtegkeet, Impfstoff, Patentrecht, Solidaritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel