Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Aarbechtslosequot an der EU geet erof
International Neiegkeeten

D’Aarbechtslosequot an der EU geet erof

D’Bild gesäit net iwwerall d’selwecht gutt aus, mee d’Tendenz ass

dislike
Editorial: Netflix a Cannes – Wa Film net gläich Film ass
International Neiegkeeten

Editorial: Netflix a Cannes – Wa Film net gläich Film ass

Netflix war an de vergaangene Joer wuel eng vun deenen disruptivste Forcen,

surprise
Editorial: De Wahlkampf ass lancéiert an et gi keng Prisonéier gemaach
International Neiegkeeten

Editorial: De Wahlkampf ass lancéiert an et gi keng Prisonéier gemaach

Eis konservativ Europadeputéiert Viviane Reding (PPE/CSV) huet es zwar net

En Impfstoff géint Covid-19: D’EU-Kommissioun presentéiert seng Strategie

En Impfstoff géint Covid-19: D’EU-Kommissioun presentéiert seng Strategie

Gëschter huet déi Europäesch Kommissioun eng europäesch Strategie presentéiert, fir d’Hierstellung an d’Bereetstellung vun Impfstoffer géint Covid-19 ze beschleunegen. Mat all Mount, wou den Impfstoff méi fréi entwéckelt gëtt, gi Mënscheliewe gerett, Liewensgrondlage geséchert a Milliardenzomme agespuert.

D’Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen huet erkläert, datt si zouversiichtlech ass, datt déi noutwenneg Ressource kënne mobiliséiert ginn, fir en Impfstoff ze entwéckele mat deem de Virus endgülteg bekämpft ka ginn. Souwuel europawäit, wéi och weltwäit muss een drop virbereet sinn, esou een Impfstoff hierzestellen an och anzesetzen.

D’Stella Kyriakides, zoustänneg Kommissärin fir Gesondheet a Liewensmëttelsécherheet huet ergänzt, datt een duerch eng gutt Zesummenaarbecht d’Chancen op ee méiglechst schnellen Zougang zu engem sécheren a wierksamen Impfstoff erhéicht. „D’Strategie garantéier ee fairen a gläichberechtegten Zougang fir all Mënschen an der EU a weltwäit a stellt soumat e sécheren Auswee aus der Covid-19-Kris duer.“ Hei géif d’EU weise, wat si am Beschte kann: Ressourcen zesummeleeën, gemeinsam handelen a gräifbar Resultater erzilen.

Qualitéit, Sécherheet a Wierksamkeet stinn am Fokus

D’Entwécklung vun engem Impfstoff ass ee komplexen a laange Prozess. Duerch déi virgeluechte Strategie soll e wierksamen Impfstoff an engem Zäitraum vun 12 bis 18 Méint entwéckelt a verdeelt ginn. Parallel dozou musse klinesch Prüfungen zu Investitiounen a Produktiounskapassitéiten duerchgefouert ginn, fir Milliounen, jo souguer Milliarden Dosen produzéiere ze kënnen.

Frankräich, Däitschland, Italien an Holland hunn duerch d’Kreatioun vun enger „Inklusiver Impfallianz“ schonn ee wichtege Schrëtt zur Zesummenaarbecht tëscht de Memberstaate gemaach.

Duerch d’Strategie solle Qualitéit, Sécherheet a Wierksamkeet vun Impfstoffer garantéiert ginn. Donieft soll ee schnellen Zougang vun alle Memberstaaten an hirer Bevëlkerung zu dësen Impfstoffer virugedriwwen an e gläichberechtegten Zougang zu engem erschwénglechen Mëttel séchergestallt ginn.

Dobäi berout ee sech op zwou Sailen: D’Produktioun vun Impfstoffer an d’Versuergung vun alle Memberstaate soll iwwert Direkthëllefen garantéiert ginn. Dobäi kënnt d’Upassung vum EU-Rechtskader un d’Drénglechkeet an d’Notzung vun der bestoender regulatorescher Flexibilitéit, fir d’Standarden fir d’Qualitéit, d’Sécherheet an d’Wierksamkeet anzehalen an d’Entwécklung, d’Zouloossung an d’Verfügbarkeet ze beschleunegen.

Global Solidaritéit

Weltwäit gëtt gefuerscht an no engem Impfstoff géint de Covid-19 gesicht. Bis Enn Mee 2020 konnten international Campagnen 9,8 Milliarden Euro zur weltwäiter Corona-Krisereaktioun mobiliséieren. E weidere Schrëtt ass elo de weltwäite Spendesommet um 27. Juni.

Opmaacherfoto: D’Kommissiounspresident Ursula von der Leyen wëll kee Konkurrenzkampf mee echt europäesch Solidaritéit bei der Sich no engem Impfstoff géint Covid-19 (Screenshot aus dem Video uewen)

Ähnlech Sujeten Covid-19, EU-Kommissioun, europäesch Strategie, Fuerschung, Gläichberechtegung, Impfstoff, Impfung, Pandemie, Qualitéit, Sécherheet, Ursula von der Leyen, Wierksamkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel