natur&ëmwelt: D’Stad Lëtzebuerg duerch „Action Bounds“ erliewen
Mat zwee neie sougenannten „Action Bounds“ bitt natur&ëmwelt Iech déi
Mat zwee neie sougenannten „Action Bounds“ bitt natur&ëmwelt Iech déi
Och bei déi lénk huet d‘Covid19-Pandemie, den unhänglechen Etat de
Um Samschdeg, den 11. Mee 2019 sidd Dir häerzlech op d’Feier vum 20 järege Bestoe vun der Impro Comedy Show invitéiert. Zesumme mat exzeptionelle Gäscht gëtt dëse ronne Gebuertsdag mat engem grousse Spektakel ze feieren!
Scho säit 1998 besteet d’Ligue d’Improvisatioun Théâtre zu Lëtzebuerg, wouduerch et elo wärend 20 Joer reegelméisseg zu dëser lëschteger Show kënnt. A fir dat feierlecht Evenement mat der richteger Stëmmung ze zelebréiere maachen sech Eric Le Doc & Co mat hirem Spektakel „Faits Divers“ extra aus Frankräich op de Wee a Richtung Grand-Duché.
Si selwer beschreiwen hire Spektakel als trashy, ausgeflippt a geckeg. Mat Humor gefëllten Improvisatioune ka jiddwereen ab 13 Joer deelhuelen.
Wéini a Wou?
D’Impro Comedy Show gëtt den 11, Mee 2019 um 20:00 Auer am Théâtre LE 10 (595rue de Neudorf an der Stad) organiséiert. Den Entrée kascht Studenten 8 €, den normale Vorverkaf ass bei 12 € an d’Oweskees bei 14 €. Fir weider Informatioune sollt een de Site www.improvisation.lu besichen.