Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et ass mam Kierchefong wéi mat de Kierchemänner… net wäit hir
dating for 6 months and no kiss Neiegkeeten

3 hs dating

De Verwaltungsrot vum Kierchefong, deen den 1. Mee 2018 am

hookup security certificate
dating for 6 months and no kiss Neiegkeeten

En neien europäesche Kampfjet fir de Fridden

Et ass net déi éischt Kooperatioun am Kontext vun der

Brexit: net wierklech en Accord, an awer…
dating for 6 months and no kiss Neiegkeeten

Brexit: net wierklech en Accord, an awer…

Tëscht der EU a Groussbritannien ass et um Freideg nach

InBev: Et muss een net mat allem averstane sinn (e Kommentar)

InBev: Et muss een net mat allem averstane sinn (e Kommentar)

Et gëtt villes wat d‘Welt net brauch, an dozou gehéiert InBev (e Konzern dee sech emol InterBrew genannt huet, a vu villen haut mat „industrial beverages“ eppes méi treffend bezeechent gëtt). Dës onséileg „Industriekrake“, déi sech d‘Marke Mousel an Diekirch ënnert den Nol gerappt huet, gëtt awer zu Lëtzebuerg gefeiert, an huet gëschter seng „nei“ Brauerei ageweit.

A wat en Event, wann esou e „Major Player“ eng ënnerhëlt. De Premierminister Xavier Bettel (DP), de Minister fir den Amenagement vum Territoire Claude Turmes (déi gréng), de Buergermeeschter vun Dikrech Claude Hagen (LSAP), wéi och d‘Honoratioren aus de Nopeschgemengen an den Ambassadeur aus der Belsch, Jean-Louis Six, si sech direkt géigesäiteg op d‘Féiss getrëppelt.

Gutt, hei si 25 Milliounen Euro investéiert ginn, an e Lëtzebuerger Architektebüro ass bei dësem Projet net méi aarm ginn. Bei engem Joresëmsaz (weltwäit) vun InBev, deen ëm 12 Milliarden € geleeën ass, näischt wat ee vum Hocker rappt, zemools bei den Avantagen déi d‘Brasserie de Luxembourg genéisst, zumindest géintiwwer de Brauereien déi een als Artisanal dierf betruechten.

InBev/Brasserie de Luxembourg kann an den neie Raimlechkeeten 250.000 Hektoliter am Joer hierstellen. Wiem dës Mooss näischt seet, dat sinn eng 76 Millioune Minien. Do muss een de Comptoir laang stäipe bis d‘Faass eidel ass. Elo geet hei och net drëms ob dësen industriellen Eenheetsgeschmaach gutt oder net gutt ass, dat soll jidderee fir sech entscheeden. Woubäi…

Do wou sech mir de Boxekueder opdeet, dat ass wa Leit mengen, datt nëmme wëll si sech mat hirem Geld a politeschen Afloss e Stéck Lëtzebuerger Patrimoine erschlach hunn, si behaapten dierften, datt hir Wuerzele bis an dat fréit 19. Joerhonnert zréck ginn. Dat trëfft net emol méi op de Standuert zou, a täuscht doriwwer ewech, datt si just „Nimm“ a Verkafsfläche kaf hunn.

Der Landessprooch net mächteg, vu Geschicht wéineg Ahnung, wëllen si sech mat der neier Brauerei méi wéi jee op hir Wuerzele beruffen a mam Konsument identifizéieren. D‘Wourecht ass eng aner, well InBev déi Marken opkaf huet, wou déi meeschte Lizenzen/Bistroen haten. Hätten si dat alles net gebraucht, an dierfe selwer Caféen opmaachen, wier et ni zu engem Geschäft komm.

Fir den Direkter, Gilles Nackaerts, ass de neie Site eng flott Affär. Nieft dem Fait datt déi nei Brauerei nach méi „Eko-Responsabel“ soll sinn, dierft him vill un der Flexibilitéit geleeë sinn, mat där hien sech no der Demande vum Maart riichte kann. Dat elo besser ka produzéiert ginn an och d‘Qualitéit vum Produite verbessert soll ginn, ass am Kontext vun industriellem Béier en „Joke“

Sech Ëmweltbewosst ze ginn, ass eng gutt Saach, ëmmerhin ass et dat erkläerten Zil vun dëser Regierung e qualitativ héichwäertege Wirtschaftswuesstem ze fërderen. Elo muss een awer wëssen, datt och d‘Brasserie de Luxembourg duerchschnëttlech 4 Liter Waasser fir 1 Liter Béier hierzestelle brauch. Also zumindest dann, wann dat mat der Qualitéit eescht gemengt ass.

Fir all déi wou un hirem Dikrecher hänken a vläicht gekränkt sinn: „Sorry“. Et gëtt leider esou Fäll do muss een sech dierfen iergeren. A well mir elo och nach Reklamm fir se gemaach hunn (well och eng schlecht Pub bleift eng Pub), erënnere mir un eisen Adventskalenner, an deem nëmme lokalen artisanale Béier virgestallt ginn ass. De Ball läit elo bei iech, gefierfte Waasser oder echte Béier…

Foto: (v.l.n.r.) Maria Rocha-Barros, Vizepresidentin “Legal & Corporate Affairs Europe“ AB InBev; Claude Hagen, Buergermeeschter vun Dikrech; Gilles Nackaerts, CEO Brasserie de Luxembourg; Claude Turmes, Minister fir den Amenagement vumTerritoire; Xavier Bettel, Premierminister. © Jean-Christophe Verhaegen/SIP

De richtege Béier gëtt et hei:

an wien der Saach (also eis) net traut, dee sollt emol einfach schmaache goen

https://moien.lu/schmaacht-et-event/

Ähnlech Sujeten AB InBev, artisanale Béier, Beier, Brasserie de Luxembourg, Claude Hagen, Claude Turmes, Dikrech, Gilles Nackaerts, InBev, Maria Rochas-Barros, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel