Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stockcar Meeschterschaft: D‘Entscheedungen si gefall
south africa gay online dating

Stockcar Meeschterschaft: D‘Entscheedungen si gefall

Um Sonndeg war bei frëschen Temperaturen zu Alzeng eng weider

https://moien.lu/dating-apps-used-in-spain/
south africa gay online dating

Gëtt hei d’Regierung mat der Nazi-Diktatur verglach?

D’Lëtzebuerger Politik huet eng nei Facebook-Affär. Ma dës Kéier geet

Op Mallorca feiert de Stéierkampf säi Comeback
south africa gay online dating

Op Mallorca feiert de Stéierkampf säi Comeback

Um Freidegowend huet op Mallorca de Stéierkampf säi Comeback gefeiert,

Inclusioun: eng Saga an dräi Akten

Inclusioun: eng Saga an dräi Akten

En Dënschdeg huet den Munnerefer Deputé-Maire Lex Delles, als Rapporter vum Gesetz 7181, dat d‘Schafe vu spezialiséierte psycho-pedagogeschen Zentre regele soll, den Text virgestallt an zum Vott bruecht. Hien huet a senger Ried drop higewisen, datt d‘Inclusioun sech als „eng Saga an dräi Akten“ um Krautmaart etabléiert huet.

Richteg ass, datt domatter ugefaange ginn ass, eng 150 spezialiséiert Enseignante ze rekrutéieren, déi d‘Enseignanten op lokalem Niveau ënnerstëtze sollen. Du war et um Rekrutement vun den Equippen, déi d‘Schüler mat spezifesche Besoine sollen op regionalem Niveau begleeden. A säit gëschter, steet elo d‘Schafe vun 8 Kompetenzzentre fir spezialiséiert Psychopedagogie, esou wéi d‘Kreatioun vun enger nationaler Agence fir d‘Transitioun zu engem Autonome Liewen.

Bei der CSV-Fraktioun, déi prinzipiell dëst Gesetz begréisst, huet een et gäre wann sech d‘Resultat och weise léisst. Mat enger Motioun déi eestëmmeg ugeholl ginn ass, muss no dräi Joer eng Evaluatioun gemaach ginn. Déi lénk hunn sech beim Gesetz enthalen, och wann si net géint déi Kompetenzzentren ass. Si bedaueren, datt déi ganz Prozedure just déi administrativ Laascht vun den Enseignanten erhéicht, där hire Schoulentwécklungsplang den Encadrement muss enthalen.

Bestoend Strukturen

Bei fënnef vun de Zentren déi virgesi sinn, baséieren op bestoende Strukturen: de Logopediezenter, den Zenter fir d‘Kompetenz am Verbond mat der Siicht (Institut fir visuell Defiziter), den Zenter fir d‘Entwécklung vun der Motorik (Institut fir geeschtlech motoresch behënnert Persounen), den Zenter fir déi intellektuell Entwécklung (de Grupp vun den differenzéierten Ausbildungszentren), an den Zentrum fir d‘Entwécklung vun de Kanner a jonken Erwuessenen déi Stéierungen am Beräich vum Autismus opweisen (Institut fir autistesch a psychotesch Kanner).

Dräi nei Zentre musse geschafe ginn: den Zenter „Groussherzogin Maria-Theresa“ deen der Entwécklung vum Apprentissage gewidmet ass, an de Schüler mat enger Dyslexie soll hëllefen. Den Zenter fir Kanner a jonk Erwuessener mat héijem Potential, also Schüler déi als héichbegaabt ugesi ginn, oder intellektuell e „Virsprong“ hunn. Den Zenter fir d‘sozio-emotional Entwécklung, fir Schüler mat engem kritesche Behuelen.

Am Gesetz gëtt och d‘Kreatioun vun enger nationaler Agence fir d‘Transitioun zu engem Autonome Liewen, fir déi Jonk an hir Elteren, bei all de neien Etappe vum aktive Liewen ze begleeden. Esou sollen dann déi Kompetenzzentre e spezialiséierten Diagnostik maachen, fir all Schüler deen hinne gemellt gëtt. Hei soll och déi punktuell Hëllef an der Klass, eng ambulant Prise en Charge, an fir verschidde Schüler, eng Propose gemaach ginn, déi eng temporär (oder net) Frequentatioun vun enger Klass festleet.

Ähnlech Sujeten Inclusioun, Krautmaart. Gesetz 7181, Lex Delles, Schoul
Nächsten Artikel Virrechten Artikel