Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Katalounien: Éischt prominent Verhaftungen
keep dating same type guy

Katalounien: Éischt prominent Verhaftungen

Um Méindegowend huet eng Untersuchungsriichterin, déi zwee Leader vun de

dating first cousins
keep dating same type guy

ismacs dating

Enn Mäerz ass Groussbritannien – egal wat alles nach komme

171 Milliounen Euro fir den Ausbau vun der Stater Gare
keep dating same type guy

171 Milliounen Euro fir den Ausbau vun der Stater Gare

Um 5. Januar huet sech de Regierungsrot fir den Ausbau

Inder hunn aner ekonomesch Grondsätz

Wirtschafts- an Aarbechtsminister wëllen d‘ArcelorMittal am A behalen

Inder hunn aner ekonomesch Grondsätz

Wann et ëm Betriber geet an deenen de Staat Haaptaktionär ass (LuxTram, Luxair, Spuerkeess, etc.) heescht vu politescher Säit ëmmer, mir kënnen eis a punkto Personal an Investitiounen net amëschen, et si Privatfirmaen, déi hir Entscheedunge musse kënne fräi an onbeschwéiert huelen.

Dat nennt een eng „liberal Haltung“ anhuelen, an sollt eigentlech de privilegéierten Terrain vun der DP an den déi gréng sinn. Zuweilen hunn awer och sozialistesch Minister e liichte liberalen Touch, woubäi den Etienne Schneider als Wirtschaftsminister an den Dan Kersch als Aarbechtsminister am Kontext ArcelorMittal den Androck erwächen, dem stolenen Inder net alles duerchgoen ze loossen.

Blécke mir dofir kuerz zréck: de leschte Mount nach hat den Aarbechtsminister bestätegt, datt et op de Standuerter Belval an Déifferdeng zu Aarbechtsplazofbau komme wäert. Am Gespréich waren 260 Aarbechtsplazen, wat awer säitens dem Stolkonzern ni confirméiert gouf, firwat et elo och keng Detailer dozou gëtt. Eenzeg „natierlech Ofgäng“ si säitens der ArcelorMittal-Zentral genannt ginn.

National Interesse verdeedegen

A wann et zu divergéierenden Aussoe kënnt, jiddereen dat selwecht a säi Contraire behaapt oder och nëmme betount, da sollt een uecht doen net ënnert d‘Rieder vun de Gewerkschaften ze geroden. Déi hu schliisslech de groussen Avantage, souzesoen un der „Quell ze sëtzen“ an esou hat den OGBL jo viru 14 Deeg dann och mat béide Fäischt op den Dësch geschloen. Déi Vertrauen dem Inder net.

Den André Roeltgen, President vun der gréisster Gewerkschaft am Land, wëll dann och net mat de Ministeren an dem Konzernchef iwwert d‘Fro debattéieren ob et eng Kris gëtt, ob se eréischt kënnt oder alles just eng „liicht Onrou“ um Stolmaart ass. Fir den OGBL geet et emol grondsätzlech ëm déi national Interessen, an déi kéint en Inder gehéierlech stéieren. An dat ka kee wierklech wëllen.

Esou ähnlech dierft dat och den CSV-Deputéierte Marc Spautz gesinn. Deen hat dann och de 7. Juni eng parlamentaresch Fro u béid LSAP-Minister geriicht. Eigentlech sinn et där Froe fënnef, an déi éischt bezitt sech op d‘Notioun déi den Etienne Schneider an den Dan Kersch vun enger „Kris“ hunn. Mee ginn 260 „ofgeschaafte Plazen“ duer fir an dëser Industrie scho vu Kris ze schwätzen?

Keen huet d‘Absicht Leit ze entloossen

Zudeem wollt de chrëschtlechsozialen Deputéierte wëssen ob de Staat (dee jo och Aktionär ass) vun ArcelorMittal „formell Engagementer“ erhalen hätt, dat am Kontext vun den Investissementer déi an déi lëtzebuergesch Standuerter fléisse sollen. A wann en derbäi ass, freet een och séier no ob déi 350 Milliounen Euro „Fuerschungsgeld“ vun der EIB fir den Zäitraum 2017/20 gutt ugeluecht sinn.

Op dës Froe sollten d‘Äntwerte schonn de 7. Juli virleien, mee bei de Ministere vun der GambiaII-Regierung ass dat esou eng Saach mat den Delaien. Wéi och ëmmer… d‘Äntwert ass komm, an déi liest sech besser wéi se ass. Esou stellen den Etienne Schneider an den Dan Kersch fest: „déi envisagéiert Restrukturatioun implizéiert keng Schléissung vu Standuerter an keng Entloossungen“.

Keng Panik si hunn alles am A

Si widderhuelen domadder awer leedeglech dat wat de Konzern schonn an engem Communiqué an d‘Welt erausgedroen hat. An zanter deem „komeschen Deal“ mat Liberty House – datt ass e Fong an a kenger Hisiicht e Stolproduzent, an esou eppes nennt en „Heesprénger“, wat kee Luef ass – ass et ass komplizéiert ginn, d‘Lige vun der Wourecht ze trennen. D‘Ministere bleiwen optimistesch.

Dat ass dann awer en zimlech verhalenen Optimismus, well esouwuel de Wirtschaftsminister wéi den Aarbechtsminister hunn duerchblécke gelooss, datt „Vertraue gutt, mee Kontroll besser“ ass, firwat ee mat der Direktioun an de Gewerkschaften d‘Entwécklung vun de betriblechen Aktivitéite wäert am A behalen. Et wier een awer zouversiichtlech, well den Inder hätt ëmmer Wuert gehalen.

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, Dan Kersch, Etienne Schneider, Inder, LCGB, Liberty House, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel