Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sozialwahlen 2019: …et muss sech nach eppes gedëllegt ginn
dating online dating a girl what to do

plenty of fish hookup

Gëschter hunn d‘Salariéeën hir Personaldelegéiert an d‘Vertrieder fir Salariatskummer gewielt,

15 stages of dating
dating online dating a girl what to do

Fox Premium Pils: vill Genoss, wéineg Kalorien

Mam Fox Premium Pils, dem Produkt vun enger jonker Lëtzebuerger

surprise
EU: Déi 27 sinn sech beim Budget fir d‘Zäit nom Brexit net eens
dating online dating a girl what to do

EU: Déi 27 sinn sech beim Budget fir d‘Zäit nom Brexit net eens

Grousse Kino zu Bréissel dëse Freideg an dat fir um

money

Index vun de Konsumpräisser

D‘Handelskummer fuerdert eng Iwwerpréiwung vum Mechanissem

Index vun de Konsumpräisser

Déi Lëtzebuerger Legislatur gesäit vir, datt all Joers d‘Gewiichtung vun de Referenzpositioune vum Präisindex bei der Consommatioun (IPC) iwwerpréift an ugepasst muss ginn. Et geet dobäi och ëm d‘Zesummestellung vum Akafskuerf (fir déi representativ Gidder a Servicer) unhand wellechem d‘Inflatioun berechent, an de Fall gesat, eng Indextranche ausgeléist ka ginn.

Wann se op der Handelskummer mam technesche Volet an mat der Aktualiséierung vum Schema vun der Gewiichtung wéineg bis keng Suergen hunn, esou gëtt et en Dissens beim Mechanissem an der Zesummestellung vum Wuerekuerf. Fir d‘Handelskummer ass béides net „Rifkin Compliant“.

Fir d‘Handelskummer féiert d‘Indexéierung zur „Scheedung vun der Koppel Gehalt/Produktivitéit“. D‘Situatioun vu Lëtzebuerg wier, wann ee vu Gehaltsupassung schwätzt, bal eenzegaarteg an der EU, well bei eis d‘Gehälter automatesch un d‘Inflatioun, net awer un d‘Produktivitéit ugepasst ginn. Dës Produktivitéit wier awer zu Lëtzebuerg zanter 20 Joer réckleefeg, esou d‘Handelskummer.

D‘Handelskummer stellt dozou fest: „Laut der ekonomescher Referenzliteratur a villen Analysten, dierft d‘Gehälterentwécklung net nohalteg iwwert der Produktivitéit leien“. Wann een dësem Argument zoustëmmt, stellt sech d‘Fro vun der Produktivitéit jo och bei de Manager an Direkteren.

D‘Grimmelen si fir d‘Salariat

Et sinn awer elo grad deenen hir Interessen déi d‘Handelskummer verdeedege muss, an et si och net de Manager an Direkteren hir Paien déi hei zur Diskussioun stinn. Esou ass et verständlech, datt een op der Handelskummer, den aktuelle System als besonnesch schiedlech fir déi zu Lëtzebuerg installéiert Entreprise gesäit. Mat deem System géif d‘Kompetitivitéit vun de Betriber a Fro gestallt.

Zudeem, esou d‘Handelskummer, géife ganz vill Secteure vun der grenziwwerschreidender Nofro ofhänken. An och wann an absoluten Zuelen, d‘Inflatioun sech den Ament a Grenzen hält, esou bleift déi laangfristeg Entwécklung dovunner, e Sujet deen d‘Wirtschaft beonrouegt.

Fir d‘Handelskummer besteet de ganz reale Risk, datt déi Gehaltsentgleisungen d‘Inflatioun begënschtegen. Iwwerhaapt schéngt et egal ze sinn, op eng Indextranche méi oder manner prononcéiert ass, se wier ëmmer en Nodeel am Kontext vun der Kompetitivitéit, wann d‘Entreprisen net den entspriechende Produktivitéitszouwuess hunn.

D‘Produktivitéit als Bemiessungsgrondlag

Dorausser ergëtt sech d‘Fuerderung vun der Handelskummer, datt eng Indextranche nëmmen da kann agefouert ginn, wann d‘Entreprisen, oder zumindest verschidde Secteuren, en entspriechende Produktivitéitszouwuess realiséiere konnten. Dat kéim enger Ofschafung vum Index awer no.

Während sech Lëtzebuerg fir eng „dekarboniséiert Ekonomie“ asetzt, ass et wichteg d‘Menagen an d‘Entreprisen ze motivéieren, sech déi gutt Reflexer unzëeegnen, an déi energetesch Effizienz wéi déi erneierbar Energien ze stimuléieren. Dat kann awer nëmmen dann de Fall sinn, wann de Lien tëscht de fossillen Energien an der Indextranche gebrach gëtt. Eigentlech net verkéiert…

Bedenklech hei: d‘Handelskummer ënnerschléit, datt d‘Majoritéit vu Manager an Direkteren, e groussen Undeel vun hirem Verbrauch vu fossillen Energië steierlech ofsetzt. Et fir déi mat de „breede Schëlleren“ bal egal ass wat de Sprit kascht, de Salarié deen awer brauch fir d‘Schaff.

De ganzen Avis vun der Handelskummer zu Akafskuerf an dem Index fannt dir HEI

Ähnlech Sujeten Akafskuerf, Gehälter, Handelskummer, Index, Indextranche
Nächsten Artikel Virrechten Artikel