Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

MPLA hält sech no Wahlen an Angola un der Muecht
panzer mit angepassten matchmaking Stories

aluva dating service

D‘Partei un der Muecht am Angola huet, erwaart an ouni

greek dating sites london
panzer mit angepassten matchmaking Stories

Si halen eis Stad propper – 120 Joer Service Hygiène

De 15. Abrëll huet d’Stad Lëtzebuerg op de Vernissage vun

Däitschland: Rose Bierger bedreiwe Merkel „bashing“
panzer mit angepassten matchmaking Stories

Däitschland: Rose Bierger bedreiwe Merkel „bashing“

Wann d’Angela Merkel als grouss Favoritin an d’Bundestagswahle geet, esou

Wat der Däiwel huet en Indian Pale Ale mat Lëtzebuerg ze dinn?

Wat der Däiwel huet en Indian Pale Ale mat Lëtzebuerg ze dinn?

Mam I.P.A. vun Happkapp & Friends, kéint ee mengen op eng Weltrees agelueden ze ginn, well ëmmerhi steet „I.P.A“ fir „Indian Pale Ale“ an dat ass jo elo net emol kuerz hannert der Grenz. An eisem Fall awer, ass den Inder e Lëtzebuerger, deen no eegener Rezeptur an Däitschland gebraut gëtt. Säin Ursprong (geschichtlech betruecht) huet den I.P.A. awer a Groussbritannien.

An där Geschichte ginn et der e puer. Fänke mir hei mat der „Legend“ un, wëll se glafwierdeg kléngt a sech iwwerhaapt gutt unhéiert. Esou gëtt sech erzielt, datt britesch Braumeeschter dat sougenannten „October Beer“ fir déi an Indien stationéiert Zaldoten erfonnt hätten. A well de Béier eng laangwiereg Rees virun sech hat, awer nach sollt ze genéisse sinn, hu se en haltbar gemaach.

Dofir hätten se den I.P.A. besonnesch staark gebraut – en hat bal den duebelen Alkoholgehalt – an d‘Zaldoten an Indien, sollten de Béier da mat Waasser verdënnen. Gutt esou geckeg waren se dann awer net. Weider heescht et, datt d‘Braumeeschter eng extra Portioun Happ agehäit hätten. Datt bezitt sech op de Fakt, datt dësen eng antibakteriell an esou eng konservéierend Eegenschaft huet.

Pale

Den Eric Thibor mat engem genësserlechen I.P.A. vun Happkapp & Friends. Zu Bouneweg am Craftcorner kann een dësen „no engleschem Muster“ gebraute Béier a beschter Atmosphär degustéieren. © Martine de Lagardère/moien.lu

Bis op de Numm kee Beweis

Wat un dëser Legend drun ass, dat kann haut mat Bestëmmtheet kee méi noweisen. Sécher, et ass plausibel, mee zu gudder Lescht dann awer dach esou, datt sech den staarken, méi happegen Ale duerchgesat huet, well en de Leit – an éischter Linn den Aarbechter – am beschte geschmaacht huet. Fest steet: den I.P.A. gouf op der Insel scho virun iwwer 200 Joer gebraut an ernimmt ginn ass.

Den I.P.A. vun Happkapp & Friends ass zwar elo en 100% artisanale Béier, mee et wier falsch unzehuelen, datt dat fir se alleguerte gëllt. An der „Craft Beer Community“ huet et zuweilen den Androck gemaach, wéi wann dat „dee Craft Beer“ par excellence wier, wat dann esou net stëmmt, och wann et op eisen zoutrëfft. An datt eise gutt ass, dovunner kann ee sech selwer iwwerzeegen.

Mat 7,8% Alkoholgehalt sollt een et mat dësem „ Happkapp IPA“ net iwwerdreiwen, och wann een erstaunlecherweis keen décke Kapp dovunner kritt. Et kann ee Versteesdemech dofir hunn, datt een dësen I.P.A. gären eppes méi kill drénkt, et sollt een awer bedenken, datt hie bei 7-8°C all seng Aromae kann entfalen, an e sech wierklech „gemitterlech“ genéisse léisst. E schéinen 3. Advent…

Foto: Den I.P.A. (Indian Pale Ale) vun Happkapp & Friends, gëtt no enger origineller Rezeptur vum Olivier Schaul an dem Eric Thibor an Däitschland gebraut. Et ass en echte „Craft Beer“ deen ze genéissen sech lount. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Adventskalenner, artisanale Béier, Craft Beers, Craftcorner, Eric Thibor, Happkapp & Friends, Indian Pale Ale, IPA, Olivier Schaul
Nächsten Artikel Virrechten Artikel