Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E Fënneftel vun de Lëtzebuerger fëmmt a virun allem bei de Jonken ass den Tubak beléift
International Neiegkeeten

E Fënneftel vun de Lëtzebuerger fëmmt a virun allem bei de Jonken ass den Tubak beléift

Laut enger Ëmfro vun der Fondation Cancer fëmmen 21% vun

Giel Gileten Akt XXV: Zréck an de Kreesverkéier a Lëschte fir d‘EU-Wahlen
International Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XXV: Zréck an de Kreesverkéier a Lëschte fir d‘EU-Wahlen

Um 25. Samschdeg vum Mouvement vun de giele Gileten, notéiert

Du muss schonn eppes vu Politik verstoen, fir hei gutt ofzeschneiden!
International Neiegkeeten

Du muss schonn eppes vu Politik verstoen, fir hei gutt ofzeschneiden!

Am Laf vun de Joren huet Lëtzebuerg vill Ministere gesinn.

Indien kritt nach ëmmer keng Loft

Indien kritt nach ëmmer keng Loft

Säit enger Woch kann een zu New Dehli kaum ootmen. Och am Norde vum Land ass d‘Loftqualitéit esou schlecht wéi kaum soss anzwousch. D‘Autoritéite ginn dann och dovunner aus, datt et nach ee ganze Moment wäert esou bleiwen.

De Niveau vun de ultra-feine Partikel (PM2,5) deen nach e Mëttwoch iwwer 1.000 geleeën huet, war um Sonndeg ëmmer nach bei 676 Mikrogramm pro Kubikmeter Loft (µg/M³). Dat deelt de Site vun der amerikanescher Ambassade mat.

Heimatter läit d‘Loftverschmotzung 27 mol iwwert dem Taux deen d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) virgëtt. Bei der WHO réit een ënnert enger Moyenne vu 25 Mikrogramm/Dag ze bleiwen. E Niveau vun deem een an Indien just dreeme kann.

D‘Loftverschmotzung huet sech déi lescht sechs Deeg an der Megapole vun Dehli besonnesch héich gehalen. An dëser Stad vun 20 Milliounen Awunner, mee och an anere Géigenden am Norde vun Indien, ass all Otemzuch zum Risiko ginn.

Drastesch Mesuren

Fir wéinstens ee bësschen der Situatioun Här ze ginn, hunn d‘Autoritéite vun New Dehli all d‘Chantieren ugehalen, sämtlech Iewen an deenen Zille gebrannt ginn ausgemaach an och de Camione verbueden an d‘Stad eranzefueren.

De Wëllen eng alternéiert Zirkulatioun ab e Méindeg, a fir fënnef Deeg, anzeféieren, ass ee Samschdeg vun engem Geriicht verhënnert ginn. Hei war een net averstanen déi sëllechen Ausnamen: fir Fraen, héich Vertrieder vun der Gesellschaft (Politiker, Richter, Police, …) an d‘Motorrieder, ze akzeptéieren. Dogéint leeën d‘Autoritéite vun der Haaptstad haut eng Schëpp nbo a ginn an Appell.

D‘Dokteren hunn hirersäits de Katastrophenalarm ausgeléist. D‘Gefor fir d‘ëffentlech Gesondheet wier imminent a ganz reell, war et do ze héieren. An enger éischter Konsequenz sinn iwwer 30.000 Schoulen am Norde vun Indien zougemaach ginn.

Keng Besserung a Siicht

D‘Loft an Indien, engem industrielle Standuert deen den Entreprisë keng bis ganz wéineg Oplage fir den Ëmweltschutz mécht, ass besonnesch wann et op de Wanter zougeet, extrem schlecht. D‘Keelt an de Mangel u Wand, drécken d‘Emissiounen op de Buedem, an do bleiwen se dann och.

De ganze Knascht deen esouwuel vun de Gefierer, de Fabricken an Stroumzentralen ausgestouss gëtt kann sech net „verdeelen“. Den indesche Wiederdéngscht huet dann och um Sonndeg nach emol drop higewisen, datt de Smog och déi ganz Woch iwwer Dominant wäert bleiwen. Och de Reen dee fir de Mëttwoch erwaart gëtt, kann d‘Loft net botzen.

Wéi schlëmm d‘Lag wierklech ass, erkennt een engersäits dorunner, datt United Airlines sech Flich a Richtung New Dehli ënnerbrach huet. Anersäits schloen och d‘Spidäler vun Dehli Alarm, d‘Zuel vun de Patiente mat Otemnout hätt sech verdräifacht.

mat AFP

Foto: Et ass net Nuecht an et ass kee Niwwel. De Smog läit säit enger Woch wéi eng Decken iwwert der Haaptstad New Dehli. Gesond ass dat net an och d‘Spidäler hu schonn Alarm geschloen. © Prakash Singh/AFP

Ähnlech Sujeten Indien, Loftverschmotzung, New Dehli
Nächsten Artikel Virrechten Artikel