Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislikesurprise
Editorial: Eng bosseg politesch Konstellatioun
International Stories

Editorial: Eng bosseg politesch Konstellatioun

Am spéiden Nomëtteg huet d‘adr, déi Alternativ Demokratesch Reformpartei, gëschter

Polen: Riichter fir den ieweschte Geriichtshaff, trotz bedenke vu Bréissel
International Stories

Polen: Riichter fir den ieweschte Geriichtshaff, trotz bedenke vu Bréissel

Déi nei polnesch juristesch Autoritéiten, déi hir Existenz nëmmen enger

Pipo Peng: Dem Bopa säi Beschten (Chrëschtdag-Editioun)
International Stories

Pipo Peng: Dem Bopa säi Beschten (Chrëschtdag-Editioun)

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

„All Mënsch hei huet et gären a weess wéi et preparéiert gëtt“: D’Musahar iessen zur Nout Raten – a ginn dofir ausgeschloss

„All Mënsch hei huet et gären a weess wéi et preparéiert gëtt“: D’Musahar iessen zur Nout Raten – a ginn dofir ausgeschloss

D‘Rat kraucht iwwer den Aarm vum Phekan Manjhi, dee versicht se um Buedem festzehalen. Et geléngt him se ze ergräifen an, mat engem feste Schlag mam hëlze Knëppel, bréngt hien se ëm. Fir déi wou een an Indien als „Ratefréisser“ bezeechent, eng vun de Communautéiten déi a gréisster Nout liewen, ass et geschwënn Zäit fir z‘iessen.

Konschtvoll duerchgefouert, entzitt d‘Exekutioun vun der Rat der Audienz en erfreet Gejäiz. D‘Audienz, dat sinn eng Handvoll „Hongerleider“, déi sech virun der Häip aus Leem a Stréi vum 60 järegen afonnt hunn. Mat e puer schnellen Handgrëff huet de Phekan Manjhi d‘Rat ausgeholl a scho läit se op engem, aus dréchene Blieder ugeluechte, Feier. „All Mënsch hei huet et gären a weess wéi et preparéiert gëtt“, esou de Phekan.

Wéi all déi aner ass och de Phekan Manjhi e Member vun der Communautéit vun de „Musahar“, déi eng 2,5 Millioune Käpp zielt. Déi meescht vun hinne liewen am Norde vun Indien, am Staat Bihar, deen un de Nepal grenzt. Et ass eng vun de niddregste Kasten an Indien – och wann et déi offiziell net méi gëtt – an de Musahar gëtt beschtefalls e Liewen als Doléiner zougestanen.

Déi Äermst vun den Äermsten

„Si sinn déi Äermst ënnert den Äermsten, héiere seele vun de Regierungsprogrammer schwätzen an hunn och esou gutt wéi guer keen Zougang dozou“, erkläert d‘Sozialaarbechterin Sudha Varghese, déi sech hirer Saach säit elo iwwer 30 Joer unhëlt. Innerhalb dëser Communautéit „ass dat nächst Iessen den alldeegleche Kampf a Krankheete wéi d‘Lepra sinn eng Realitéit, mat där se liewe mussen“.

Wann d‘Rat dann endlech „gegrillt“ ass, zerleet de Phekan Manjhi d‘Déier mat sengen Hänn. Hie leet d‘Stécker an eng Schossel, wierzt dat ganzt mat Ueleg, Moschter a Salz. Méi schnell wéi ee brauch fir et ze soen, ass d‘Rat vun der Dose Leit a Kanner, vun deene jidderee sech gegraff huet wat gaangen ass, giess ginn.

Indien

En alldeeglecht Bild am Duerf vun Alampur Gonpura am Staat Bihar. D‘Rat déi nach virun engem Ament iwwert dem Phekan Manjhi sengem Aarm gekroch ass, gëtt elo zur Ernärung fir Leit vun der Musahar Communautéit. © Sajjad Hussain/AFP

„D‘Regierungen änneren, mee fir eis ännert sech näischt. Mir iessen, liewen a schlofen nach ëmmer wéi eis Virfahren“, esou de Phekan Manjhi. „Mir sinn all Dag doheem ouni Beschäftegung. Heiansdo fanne mer eng Aarbecht op engem Feld, aner Deeg bleiwe mer op eisem Honger sëtzen oder fänken eis Raten, déi mer da mat de bësse Kären iessen déi iwwreg sinn“, esou de Noper Rakesh Manjhi, 28 Joer jonk.

D‘Opblëtze vun der Hoffnung

D‘Communautéit vun de Musahar huet awer och schonn e Moment vun Houfert kannt. Dat war wéi ee vun hinnen, de Jitan Ram Manjhi, 2014 Chef vun der Exekutiver vu Bihar gi war. Ëmmerhin ee vun de bevëlkerungsräiche Staate vun Indien. Seng néng Méint Mandat ginn als eng vun de gréisste Reussite vun de Musahar ugesinn. „Nëmmen d‘Bildung kann eist Liewen an eis Zukunft änneren“, esou de Jitan Ram Manjhi géintiwwer der AFP.

Als Kand huet hien d‘Déiere fir e räiche Grondbesëtzer gehitt, während seng Elteren als Landaarbechter vum Mann beschäftegt gi sinn. „Si waren d‘Leifeegeschaft där een e Kilo Käre fir en Dag Aarbecht ginn huet. Bis haut huet sech dorunner kaum eppes verännert“, stellt de Jitan Ram Manjhi dréche fest.

Eng „Meenung“ déi de Sozialminister vum Bihar, de Ramesh Rishidev, esou net deelt. D‘Liewe vun de Musahar hätt sech iwwert déi lescht Joerzéngten eendeiteg verbessert. Wann si och haut nach géife Raten iessen, esou léich dat un hiren „Iessgewunnechten“ net dorunner datt d‘Leit Honger hätten. Fakt ass awer, datt Raten net d‘Grondlag vun der Ernährung vun de Musahar ass. Och wann de Ramesh Rishidev mengt: „Verschidde Leit vun der eelerer Generatioun iessen nach ëmmer Raten, well et fir si wéi all anert Iessen ass. Déi jonk iesse keng Rate méi“.

Hëllef a Programmer, déi net ukommen

Datt sech Politiker gären de Fakte verschléissen, ass och an Indien Alldag. Woubäi et richteg ass, datt d‘Musahar am Zentrum vu ville Regierungsprogrammer sinn, déi awer „reegelméisseg“ net ëmgesat oder einfach net do ukomme wou se gebraucht ginn. Effikass sinn um Enn nëmmen d‘Privatinitiativen.

Esou zum Beispill de Projet vum pensionéierte Polizist J.K. Sinha. Deen huet virun eppes méi wéi zéng Joer eng Pensioun fir Bouwen opgemaach. Deemools ware ganzer véier Schüler der Offer nogaangen, haut sinn et der scho 430. An et ass keng liicht Aufgab där sech de Polizist verschriwwen huet. Iert et nämlech zum eigentleche Schoulprogramm kënnt, muss den „Neien“ fir unzefänken emol déi hygienesch Grondlag bäibruecht ginn: vum benotze vun der Toilette, bis zum Hännwäschen.

Den J.K. Sinha hat d‘Liewenskonditioune vun de Musahar während enger Policeoperatioun kennegeléiert. „Si hunn an enger klenger Häip mat Schwäin zesummegehockt. Dat war Schockant, onmënschlech. Dat hunn ech net méi kënne vergiessen“, esou de Rentner.

mam Bhuvan Bagga/AFP

Foto: Ier d‘Rat zum „Mëttegiesse“ ginn ass, huet de Phekan Manjhi mam Déier „gespillt“. Bis se eng mam Knëppel widder de Kapp krut an iwwer dréche Blieder „gegrillt“ ginn ass. © Sajjad Hussain/AFP

Ähnlech Sujeten Aarmut, Indien, Musahar, Raten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel