Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wuessenden Onmutt bei der Police
International Neiegkeeten

Wuessenden Onmutt bei der Police

Déi jéngsten Aussoen, déi et de leschte Méindeg am Kontext

24 Stonne Vëlo Wëntger: Net wierklech eng Course, mee ee grousse Challenge
International Neiegkeeten

24 Stonne Vëlo Wëntger: Net wierklech eng Course, mee ee grousse Challenge

D‘Jubliäumseditioun vun engem vun de bedeitende Sportsevenementer zu Lëtzebuerg war,

Neie Gëftuschlag a Groussbritannien, zwee Briten a kriteschem Zoustand
International Neiegkeeten

Neie Gëftuschlag a Groussbritannien, zwee Briten a kriteschem Zoustand

Um haidegen Donneschdeg trëfft sech déi britesch Regierung zu enger

Indien: Milliounen Urawunner mussen hir Liewensraim verloossen

Indien: Milliounen Urawunner mussen hir Liewensraim verloossen

Den Ëmweltschutz ass wichteg, an dat gëllt besonnesch fir eis Bëscher. D‘Konsequenz, Milliounen Urawunner mussen elo hire Liewensraum verloossen. Esou zumindest huet et e Geriicht zu Nei-Dehli entscheet, nodeems Naturschutzorganisatioune geklot haten. D‘Hëllefsorganisatioune fanne keng Wierder…

Si liewe säit Generatiounen an de Bëscher, an dat bis ewell geltend indescht Bëschgesetz, huet den Urawunner, déi noweise konnten datt si zanter op mannst dräi Generatiounen op engem Gebitt domiciliéiert waren, en Usproch op dëst Land hunn dierfen erhiewen. E verbréifte Recht op dat Land huet et ni ginn, an den ieweschte Geriichtshaff, huet elo geuerteelt, datt si „goe mussen“.

Datt et esouwäit konnt kommen, ass enger Klo vun Naturverbänn geschëlt, déi géint d‘Besiidlung vun de Bëscher geklot haten. D‘Grondlag: déi Urawunner schränken de Liewensraum vun de wëllen Déieren an. Vum Geriicht ass de Kläger bestätegt an d‘Uerteel ass haart: dës Mënschen hunn elo bis de 24. Juli, fir hire Liewensraum ze verloossen. D‘Mënscherechtsorganisatioune sinn entsat.

Monumental Ongerechtegkeet

Säitens der ONG „Survival International“ gëtt ugefouert, datt dëst Uerteel iwwert eng Millioun Familljen a 16 Bundesstaate betrëfft. Fir den Direkter vun der ONG, Stephen Corry, kënnt déi vum ieweschte Geriichtshaff getraffen Entscheedung, engem Doudesuerteel gläich. Hien erkennt an dësem Uerteel eng Expropriatioun mat epeschem Ausmooss, an eng monumental Ongerechtegkeet.

An Indien gëtt et méi wéi honnert Millioune Mënschen, déi zu de sougenannten „indigene Vëlker“ gehéieren, an als d‘Urawunner vum indesche Subkontinent (bis kierzlech) unerkannt waren. Kritik gëtt et net eleng fir d‘Justiz, och d‘Regierung, déi eigentlech verflicht ass fir d‘Rechter vun den Urawunner anzetrieden, huet et net emol fir néideg fonnt, e Vertrieder zum Prozess ze schécken.

Eng Regierung, déi zwar um Pabeier vill fir d‘Rechter vun dëse „Vëlker“ gemaach huet, mee ni konkret gehandelt huet. Als Beweis dofir: vill vun den Anträg déi indige Vëlker entspriechend dem „Forest Act“ agereecht hunn, sinn an den indeschen Administratiounen „hänke“ bliwwen. Och dat féiert elo derzou, datt Mënschen trotz geltendem Recht elo verdriwwe ginn.

mat indymedia/bom/ber/lon

Foto: (Archiv) Den ieweschten indesche Geriichtshaff zu Nei-Dehli

Ähnlech Sujeten Adivasi, Dongria Kondh, Indien, Stephen Corry, Survival International, Urawunner
Nächsten Artikel Virrechten Artikel