Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bohemian Rhapsody – Ee Film den dem Mercury absolut gerecht gëtt!
International Neiegkeeten

Bohemian Rhapsody – Ee Film den dem Mercury absolut gerecht gëtt!

Et ass ee Film den d’Geschicht vun der Band Queen

Trotz Coronakris fält d’Juegd net aus
International Neiegkeeten

Trotz Coronakris fält d’Juegd net aus

Wärend der Coronakris kommen engem jo essentiell Froen zu de

Buchpresentatioun vu „Meat Market“ – Déi donkel Säit vum Modelen
International Neiegkeeten

Buchpresentatioun vu „Meat Market“ – Déi donkel Säit vum Modelen

D’Autorin Juno Dawson erzielt eis am fiktive Jugendbuch „Meat Market“

Indonesien: Monsun bréngt Staudamm zum iwwerlafen

Vill Doudeger a Vermësster op der Insel Sulawesi no Äerdrëtsch an Iwwerschwemmungen

Indonesien: Monsun bréngt Staudamm zum iwwerlafen

Déi onmoosseg Waassermassen déi de Monsun mat sech bruecht huet, huet op der indonesescher Insel Sulawesi zu Äerdrëtsch an Iwwerschwemmunge gefouert. Déi indonesesch Autoritéiten hunn en éischten, virsiichtege Bilan virgeluecht. Deem ass ze enthuelen, datt mindestens aacht Mënschen ënnert den aktuelle Wiederkonditiounen hiert Liewe verluer hunn.

Bis ewell hunn och missen iwwer 2.000 Awunner hir Haiser verloossen. Richteg bedreelech, esou d‘Provënzregierung, wier d‘Situatioun um a ronderëm de Staudamm „Bili-Bili“. Hei hat d‘Waasser schonn d‘Kroun vum Damm iwwerschratt, esou datt de Gestionnaire gezwongen ass, d‘Schleisen op ze maachen, fir enger gréisserer Gefor ze begéinen.

Wéi et heescht, haten d‘Bedreiwer awer keng Zäit méi gehat fir d‘Awunner ze warnen. Déi sinn dann och entspriechend vun der Flutwell iwwerrascht ginn. An der Regioun Gowa koum et wéinst dem Reen och nach zu Äerdrëtsch, an et sollen eng Partie Brécke beschiedegt gi sinn. D‘Regierung huet d‘Rettungsdéngschter an d‘Arméi alarméiert, fir de Leit op der Plaz ze hëllefen.

Dës Mënsche waarden händeréngend op „schwéiert Material“, fir mat der Sich no de Vermësste kënnen unzefänken. Dem Ament ass rieds vun enge 24 Persounen déi net méi opzefanne wieren, mee de Katastropheschutz weist drop hin, datt et nëmme provisoresch Angabe sinn. Well och nach zimlech iwwerall de Stroum ausgefall ass, ass och d‘Kommunikatioun schwiereg.

Foto: © Zuma Wire

Ähnlech Sujeten Indonesien, Iwwerschwemmungen, Monsun, Naturkatastroph, Staudamm, Sulawesi
Nächsten Artikel Virrechten Artikel