Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Erënnerung un de Streik vun 1942
https://moien.lu/mutual-dating-app-send-a-note/ dating divorced single mothers

how long dating before a relationship

Um Donneschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel zu Wolz un

https://moien.lu/best-dating-sites-for-older-singles-uk/
https://moien.lu/mutual-dating-app-send-a-note/ dating divorced single mothers

Deadpool 2 kritt ee leschten Trailer spendéiert, ier et lass geet

Kanns du dech och nach un Zäiten erënneren, wou e

Fir Fridden a Solidaritéit – een Reseau an der Groussregioun
https://moien.lu/mutual-dating-app-send-a-note/ dating divorced single mothers

Fir Fridden a Solidaritéit – een Reseau an der Groussregioun

Gëschter ass mat engem grenziwwerschreidenden Appell, a Form vum Programm

Indonesien nom Tsunami

Indonesien nom Tsunami

Dräi Deeg no der Katastroph, déi Indonesien heemgesicht huet, ass op der Insel Sulawesi d‘Lag nach ëmmer oniwwersiichtlech. D‘Hëllef fir déi Iwwerliewend organiséiert sech nëmme Schrëttweis, och wann d‘Regierung an d‘Rettungsdéngschter beméit sinn d‘Versuergung ze beschleunegen.

D‘Hëllef leeft lues un

Aus der Loft bitt sech eng onendlech Trëmmer-Wüst, déi sech laanscht d‘Westküst vun dëser soss paradisescher Insel erstreckt. D‘Mier dergéint ass roueg, liicht engem blo entgéint. Méi déif am Land kann ee vereenzelt eppes wéi Séier gesinn, wou fréier Felder oder Dierfer waren. Et si stomm Zeie vum Tsunami, dee sech säi Wee bis wäit an d‘Land era gesicht hat.

Et aus dem Helikopter, wou sech déi Verantwortlech fir Rettung a Versuergung en Iwwerbléck vun der Situatioun verschafen. Dat gräisslecht Gesiicht vun der Katastroph awer, dat gesäit een eréischt wann een um Buedem ass. Fraen a Männer déi verzweiwelt versichen hir Famillje baussent Palu unzeruffen… Mee et gëtt kee Stroum, an d‘Handye versoen hiren Déngscht.

Fir déi dausenden, déi vum Tsunami verschount goufen, war et schonn déi drëtt Nuecht ënner fräiem Himmel, well hir Haiser vum Waasser mat ewechgerappt goufen, oder well se Angscht virun de Nobiewen hunn. Iwwer 200 dëser Nobiewe sinn zanter dem Passage vum Tsunami gespiert ginn. Eng Katastroph déi den Alldag vun den Awunner beendegt huet.

Et geet ëm d‘Iwwerliewen

Eng Fra an der Stad Palu huet der AFP géintiwwer erzielt, datt si grad am Supermarché war. Wéi zur Kees wollt fir hiren Akaf ze bezuelen, wieren d‘Luuchten ausgaangen an d‘Maueren agefall. Vill Gebaier sinn esou staark beschiedegt, datt ee sech wonnere kann, wéi et méiglech ass datt si nach stinn. Wat net vum Äerdbiewen zerstéiert ginn ass, huet sech den Tsunami geholl.

Tsunami

Zu Palu ass d‘Moschee zesummegefall. De leschte provisoresche Bilan geet vun 832 Affer aus. D‘Hëllef kënnt nëmme lues un, d‘Geschäfter ginn ënnert den Ae vu der Police ausgeraibert. © Jewel Samad/AFP

An da sinn do déi Mënschen, déi vun Honger an Duuscht gedriwwen, an de Ruinen no Gedrénks a Liewensmëttel sichen. D‘Poliziste loossen se gewäerden, hei geet et ëm d‘Iwwerliewen. Säitens der Regierung ass versprach ginn, datt de Schued géif ersat ginn. De President Joko Widodo gëtt gesinn, wéi hie Räis u verzweiwelt Mënsche verdeelt. Hie versprécht datt nach méi ënnerwee ass.

D‘Marinne bréngt schwéiert Material – Bagger a Planéierraupen – op d‘Insel fir d‘Landstroossen, déi vun Trëmmer a Fielse blockéiert, oder vum Waasser ënnerspullt goufen, nees passéierbar ze maachen. Et ass e Rennen ëm d‘Zäit, wëll mat all Stonn déi vergeet, fält och d‘Hoffnung nach Iwwerliewender ze fannen. An engem Hotel vu Palu solle 60 Leit an den Trëmmer gefaange sinn.

Mat Dausenden Affer muss gerechent ginn

Well et net anescht geet, hunn d‘Rettungsdéngschter déi Affer déi si opfonnt hunn, a Läichesäck laanscht d‘Stroossen opgereit. D‘Autoritéiten hu fir haut Massebegriefnesser annoncéiert. Gefaart ginn d‘Seuchen, déi sech duerch dompeg 31 Grad rapid entwéckele kënnen. Déi ganz Regioun Dongalla ass ofgeschnidden, Dierfer carrement ënner Trëmmer a Schlammlawine begruewen.

D‘Zuel vun den Affer muss stänneg no uewe korrigéiert ginn. De leschte provisoresche Bilan geet vun 832 Doudegen aus. De Sutopo Purwo, vum nationale Katastropheschutz, geet vun dausenden Affer aus. „D‘Identifizéierung vun esouvill Läiche stellt eis viru massiv Problemer. Mir mussen dovunner ausgoen, datt et vill méi Affer gëtt. Déi meescht wäerte mir beim opraume fannen“.

Tsunami

Famillje bréngen hir Doudeg an den Haff vun engem Spidol zu Palu, op der Insel Sulawesi. © Bay Ismoyo/AFP

Elo ass och gewosst, datt d‘Well vum Tsunami bis zu sechs Meter héich war. Mënsche konnten sech rette well si op Beem geklomme waren. An eng Fro gëtt ëmmer nees opgeworf: Huet den Tsunami-Warnsystem versot? E System deen nom groussen Ongléck vun 2004 installéiert gi war, wou iwwer 200.000 Mënschen engem iwwermächtegen Tsunami zum Affer gefall sinn.

D‘Well vu leschte Freideg, déi duerch en Äerdbiewen am Mier ausgeléist ginn ass, huet sech mat 800 Km/H op d‘Küst zoubeweegt. Eng Waasserwand, déi keng 15 Minutte gebraucht huet fir déi 80 Kilometer ze iwwerwannen, déi si vun der Insel getrennt hunn. D‘Regierung vun Indonesien huet dann och um haidege Méindeg en Appell un déi international Hëllef geriicht.

mat AFP

Foto: Hien hat no Iwwerliewende gesicht, an huet awer nëmmen nach de Leif ouni Liewe vun engem kleng Kand fonnt. Deen duerch en Äerdbiewen ausgeléisten Tsunami, huet wäit iwwer 800 Affer gefuerdert. © Muhammad Rifki/AFP

Ähnlech Sujeten Äerdbiewen, Indonesien, Tsunami
Nächsten Artikel Virrechten Artikel