Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ouni Dialog wäert et zum Sträit kommen
usa hookup sites Sport

san antonio free dating sites

An a ronderëm de Park Hotel Alvisse zu Dummeldeng ass

nz best free dating site
usa hookup sites Sport

Brexit: Britesch Staatsbierger kréien et mat der Angscht ze dinn

Enn Mäerz ass Groussbritannien – egal wat alles nach komme

Äddi Führerschäin!
usa hookup sites Sport

Äddi Führerschäin!

Et ass esou onverständlech wéi onverstänneg, mee et gëtt anscheinend

Indoor World Series am Bouschéissen, dëse Weekend zu Lëtzebuerg

Indoor World Series am Bouschéissen, dëse Weekend zu Lëtzebuerg

Vum 22-24. November 2019 organiséiert de Guillaume Tell Strassen déi 7. Editioun vum GT-Open. Aus dem Indoor Weltcup ass jo t´lescht Joer eng Indoor World Series ginn. De Guillaume Tell ass stolz dëst Joer déi 2ten Kéier zu den World Series ze gehéieren.

Et gin am ganzen 6 Tournoien ënner World Series geschoss. De Start war den 9-10. November zu Macau. Den 2.ten Tour ass da bei eis zu Stroossen an dem Centre National de Tir à l’Arc „Hal Marcel Balthasar“. World Series Tour geet vu Macau (China), op Stroossen, an duerno weider op Roum (Italien), Sydney (Australien), Nîmes (Frankräich) an d’Finall ass am Februar zu Las Vegas (USA).

390 Tireuren aus 31 verschidde Länner hu sech fir déi 7. GT-Open ugemellt. Mir zielen Athleten aus Trinidad an Tobago, Südkorea, El Salvador, USA an aus ganz Europa zu den Starter. Och 19 an Lëtzebuerg lizenzéierter sinn um Start. Dorënner eist Compound Nationalteam mam Gilles Seywert (Sëlwer zu Minsk op den Europa Spiller), Arnaud Hocevar an Marya Shkolna.

Déi ganz Weltelitt ass zu Lëtzebuerg vertrueden

Am Recurve (Olympesche Bou) huet Nummer 11 vun der Welt den Rick van der Ven aus Holland den Wee ob Letzeburg fonnt. De Rick van der Ven an den de Crispin Duenas aus Canada (zanter Joren een vun deene beschte Bouschéisser op der Welt) dierften hei Favoritteroll zougestane kréien. Och de Cedric Rieger aus der däitscher Nationalekipp (2018 den éischten aus der Qualifikatioun) huet sech ugemellt.

Bei den Recurve Damen ass mat der Goldmedailgewënnerin vu RIO2016, der Koreanerin Chang Hey Jin an sengen zwou Mannschaftskolleginnen, esou wei der Sëlwermedailgewënnerin vu London 2012, d‘Mexikanerin Adia Roman, wuel fir Spannung gesuergt. D’Gewënnerin vun 2018, d’Casy Kaufhold (USA) an d’Hollännerin Gabriela Bayardo, d’Sëlwer bei de GT Open 2018, sinn och dëst Joer erëm um Start.

Dei de Compound Männer, déi Kategorie mat den meeschten Umeldungen, sinn direkt d’Nummer 1, 2, 5, 8, 10, 12, 13, 14, aus der aktueller Weltranglëscht zu Stroossen.

De Mike Schloesser aus Holland, Nummer 2 vun der Welt, ass dee wou et zur Zäit ze klappe gëllt. De Mike huet lescht Woch um éischte World Series Turnéier direkt mat 600/600 Punkten an der Qualifikatioun ugefaangen. 600/600 ass den Maximum dee ka geschoss ginn, den Schloesser ass deen éischten op der Welt deen dëst fäerdeg bruecht huet, an dat elo fir déi 3ten Kéier.

De Favorit a seng Géigner

D‘Stare vun de World Series: Domagoj Buden (Gewënner vum leschte Joer); Stephan Hansen – deen eenzegen dee mam Schloesser ewell 600/600 geschoss huet (4x Weltmeeschter); Sebastien Peineau (Weltmeeschter Indoor an Outdoor vun 2016/2017); James Lutz (Weltmeeschter vun 2019); Braden Gellenthien (Nummer 1 op der Welt).

All dës grouss, an nach vill aner vun den weltbeschte Compoundschéisser, wäerten him d’Liewen awer esou schwéier wei méiglech maache wëllen.

Bei den Compound Damen, sinn dobäi: Paige Pearce, Nummer 3 op der Weltranglëscht aus den USA, Tanja Jensen aus Dänemark Nummer 10 ob der Welt Bronzemedailgewënnerin vun der EM zu Legnica; d‘Toja Ellison – Nummer 8 ob der Welt – aus Slowenien (Field WM Sëlwermedailgewënnerin 2018 an Bronzemedailgewënnerin ob der Field WM 2018); Sophie Dodemont aus Frankräich – Nummer 7 op der Welt an Weltcup-Finalistin vun 2019; d‘Sarah Prieels aus der Belsch – Nummer 19 op der Welt an 3fach Europameeschterin; d‘Linda Ochoa Anderson aus den USA – Nummer 26 op der Welt; ausserdeem ass Shkolna Mariya Gewënnerin vun den GT Open fir Lëtzebuerg (2015 an 2016) och um Start.

De ganze Programm vun der Kompetitioun fannt dir hei. Et wier nach drop hinzeweisen, datt et an der Hal eng grouss Buvette gëtt, vu wou aus een alles ganz gutt verfollege kann. Wann dir iech fir Bouschéissen interesséiert oder dëse Sport op héchstem Niveau wëllt kenneléiere sidd dir häerzlech wëllkomm. E Sonndeg sinn d‘Finallen, an déi ginn och per Livestream iwwerdroen. Mir ginn de link dozou mat Zäite bekannt (versprach).

Foto: Pixabay

Ähnlech Sujeten 7. Editioun GT-Open, Bouschéissen, Guillaume Tell Strassen, Hal Marcel Balthasar, Indoor World Series
Nächsten Artikel Virrechten Artikel