Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren
Neiegkeeten

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren

Um Donneschdeg huet sech Twitter nei Richtlinne ginn, an huet

Wéi a wou d‘Kommunikatioun fir de Naturschutz sënnvoll ass
Neiegkeeten

Wéi a wou d‘Kommunikatioun fir de Naturschutz sënnvoll ass

All Joer organiséieren d‘ASBL Natur an Ëmwelt, d‘Waasserwirtschaftsverwaltung, d‘Naturverwaltung an

Vill mam Auto ënnerwee? Da kenns du bestëmmt eis Nationalstroosse gutt!
Neiegkeeten

Vill mam Auto ënnerwee? Da kenns du bestëmmt eis Nationalstroosse gutt!

Hei teste mer däi Wëssen, wat d’Nationalstroossen ugeet. Wéi gutt

IndustriAll Global Union: Weltwäit Kollaboratioun tëscht Gewerkschaften an ArcelorMittal?

IndustriAll Global Union: Weltwäit Kollaboratioun tëscht Gewerkschaften an ArcelorMittal?

Zwee Deeg laang huet déi éischt Reunioun vum weltwäite Gewerkschaftsnetzwierk „IndustriAll Global Unioun“ zu Lëtzebuerg gedauert, bei där et am Wiesentlechen ëm d‘Zesummenaarbecht vun de Gewerkschaften an dem Stolproduzent ArcelorMittal gaangen ass.

Agelueden, respektiv Organiséiert, gouf dëse „Gewerkschaftssommet“ vum OGBL, deen aktuell, wéinst dem Verkaf vum Standuert Diddeleng, net esou gutt op d‘Direktioun vun ArcelorMittal ze schwätzen ass. Mee de Konzern, dee weltwäit aktiv ass, eng ronn 200.000 Leit beschäftegt, sollt bedenken, datt hautdesdaags och d‘Gewerkschafte global aktiv sinn.

Esou behaapt déi „IndustriAll Global Union“ weltwäit 50 Millioune Memberen ze vertrieden. Bei dësem „Sommet“ hunn sech d‘Gewerkschaftler nieft de „Suergen“ am Secteur vun der Siderurgie, och iwwert d‘Gesondheet, d‘Sécherheet an déi nohalteg Entwécklung ënnerhalen.

Den Akzent huet dann awer um Lëtzebuerger Stolproduzent geleeën, an der Noutwennegkeet, all déi Gewerkschaften déi mam Grupp ArcelorMittal weltwäit ze dinn hunn, zesummenzeféieren. A bei der Pressekonferenz déi et nom Sommet ginn huet, hunn d‘Vertrieder vun der IndustriAll Global Unioun sech drop verstännegt, de sozialen Dialog op engem globalen Niveau ze féieren.

Gutt Aarbechtskonditiounen a Sécherheet

„Et ass wichteg e sozialen Dialog op globalem Niveau ze hunn, an en internationale Konzern wéi ArcelorMittal ze encouragéieren déi beschten Aarbechtsmethoden unzewennen, fir sécherzestellen, datt egal a wéi engem Land, e séchert Aarbechtsëmfeld a gutt Aarbechtskonditioune bestinn“.

De Jean-Claude Bernardini, Zentralsekretär beim OGBL, huet a kuerze Wierder begrënnt, firwat dësen éischte Gewerkschaftssommet zu Lëtzebuerg organiséiert ginn ass. Esou misst ee bedenken, datt et tëscht Lëtzebuerg an de Siderurgie eng laang Geschicht gëtt. Et wier also „natierlech“ dat dësen éischte Sommet vun de Gewerkschaften aus dem Secteur, hei ofgehale ginn ass.

Beim OGBL ass een houfreg, datt een sech un der Organisatioun logistesch bedeelege konnt. Net ze vergiessen, datt d‘Gewerkschaft sech op seng europäesch Erfarung bezéie kann. Den OGBL weist dann och nach drop hin, datt vill national Léisungen sech op internationalem Niveau fanne loossen.

De Generalsekretär vun der IndustriAll Global Union, Valter Sanchez, huet an engem Interview op der OGBL-Facebooksäit, zur Solidaritéit mat de Gewerkschaftler aus dem Siderurgiesecteur an der Ukrain an dem Kasachstan opgeruff, déi och am Moment mat ArcelorMittal am Konflikt sinn. Hei profitéiert de Stolgigant, vun der politescher Lag, fir d‘Aarbechter auszenotzen.

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, Gewerkschaften, IndustriAll Global Union, OGBL, Siderurgie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel