Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Drock op US-Waffelobby klëmmt
Money Neiegkeeten

https://moien.lu/best-german-dating-sites/

Am Februar vun dësem Joer war dem amerikanesche Senat e

we dating app
Money Neiegkeeten

USA-Iran: Trauermarsch, Begriefnes a géigesäiteg Bedreeung

Zu Bagdad hunn dausende Mënschen um Trauerzuch fir déi vun

Et ass net zu Madrid wou d‘Welt gerett gëtt
Money Neiegkeeten

Et ass net zu Madrid wou d‘Welt gerett gëtt

D‘COP25 geet an déi zweet Woch an et ass zumindest

money

D‘Lëtzebuerger Industrie a Krisenzäiten

D‘Lëtzebuerger Industrie a Krisenzäiten

Vill industriell Betriber op der ganzer Welt hunn hir Aarbecht agestallt an d‘Leit heem geschéckt. Esouguer dem Trump seng Regierung an zum Deel och d‘Vollek huet endlech geschéckt, dat et eescht ass, an esou sollen an Amerika Leit och wa se heemgeschéckt weider hire Loun erhalen. A Portugal stinn d‘Bänner vu VW a PSA stëll… a wéi gesäit et hei bei am Land aus?

Ma zu Lëtzebuerg, wéi anerwäerts och, huet d‘Industrie ugefaangen seng Aktivitéiten ze reduzéiere respektiv ganz anzestellen. De Gros vun der Industrie gehéiert „auslänneschen Aktionären“ a bis op e puer wéineg Ausnamen, ginn d‘Decisiounen dann och am Ausland getraff. Dat gëllt och fir d‘US-Entreprise zu Kolmer-Bierg, déi ëmmer esou mécht wéi wann et ee gutt Joer géif ginn.

D‘Good-Year, déi schonn hir Standuerter am Rescht vun der EU quasi zougemaach huet, zielt zu Lëtzebuerg ronn 3.250 Mataarbechter. Dat administratiivt Personal ass zu engem Drëttel am „Homeoffice“ an d‘Ateliere wäerten elo progressiv een nom aneren dicht maachen. Et ass dann och folgerichteg säitens der Entreprise de partielle Chômage ugefrot ginn an ab den Owend ass zou.

Fir de FEDIL-Direkter René Winkin, versicht sech an Erklärungen a verweist op d‘Schléissung vun alle Standuerter an der Automobilindustrie. Besuergt ass de Mann och ëm de Bausecteur, wou et mangels Liwwerunge och entspriechend méi lues leeft oder schonn d‘Aarbechten agestallt goufen. An dëser Situatioun ass de partielle Chômage zwar eng Léisung, mee och an der Zäit begrenzt.

Elo huet et zu Lëtzebuerg awer och Industrien, déi systemrelevant sinn a eng wichteg Roll bei der Produktioun vun aneren Entreprise spillen. Dat trëfft beispillsweis op d‘Circuit Foil oder Ceratizit zou. An da sinn do nach d‘Entreprisen aus dem Liewensmëttelberäich (Agro-Industrie), déi hir Produktioun net dierfen astellen. Oder och Rotarex déi Baudeeler, vir Beotmungsapparater baut.

De René Winkin ass doriwwer eraus och besuergt, wéi et mat der Aarbechtskraaft evoluéiert wann d‘Lag sech weider verschlechtere géif. Et wuel nach eppes fréi fir op déi sollicitéiert Interim-Aarbechter zréckzegräifen, wann et där dann op Uruff sollt ginn. Mee et ass richteg, datt déi bestoend Ekippen an den Entreprisen aus enger Abberzuel u gudde Grënn net méi vollstänneg sinn.

Esou ass den eigentleche Message vun der FEDIL tëscht den Zeile verstoppt, an dee geet un d‘Adress vun der Regierung. Hei gëtt, nach iert eppes geschitt ass, duerch d‘Blumm ugedeit, datt verschidde Betriber eventuell op Requisitiounen ugewise kéinte sinn. Et geet hei also och drëms d‘Aarbechtsrecht eppes ze lackeren, mee dat sollt ee vläicht net esou genau hannerfroen…

Illustratioun: © Sun Lingyan / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronakris, Coronavirus, Fedil, Industrie, René Winkin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel