D‘Strooss ass keng Rennstreck!
D‘Fréijoer ass zu Lëtzebuerg ukomm a mat him dat gutt
D‘Fréijoer ass zu Lëtzebuerg ukomm a mat him dat gutt
D’Associatioun Stand Speak Rise Up!, eng Initiative sou S.A.R. der
D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt zuelräich Servicer vun der Haaptstad
Den indesche Stolmagnat wëll d‘ArcelorMittal Standuerter Belval, Déifferdeng a Rodange nees opmaachen, an d‘Amerikaner zu Kolmer-Bierg, kënnen sech eng Reprise vun der Goodyear virstellen. Ob dat esou am Aklang mat der Sécherheet ass, schéngt interessanterweis net déi éischt Fro ze sinn, déi sech hei gestallt huet. Personal ass jo nëmmen eng Ressource déi et masseg gëtt.
Wat d‘Standuerter vum Maharadscha betrëfft, esou waren déi den 20. Mäerz „ugehale“ ginn, a säit e Méindeg gëtt d‘Produktioun nees héich gefuer. Et wier ee jo senge Cliente verflicht, heescht et aus dem indeschen Etat-Major. Bei der Goodyear presséiert et net esou, si hu wësse gelooss, datt een den Ament nach Stock huet, fir der Demande nozekommen, mee et géif sech awer och virbereet.
Béid Konzerner wëllen awer sécherstellen, datt all déi noutwenneg Virsiicht- a Schutzmoossnamen, déi sech am Kontext vun der sanitärer Kris mam Covid19 opzwéngen, och strikt agehale ginn. Et kann ee sech, nodeems d‘Regierung den Noutstand erweidert huet a gewosst ass, datt eis déi richteg Problemer mam Coronavirus nach bevirstinn, marginal wonneren, mee et ass hir Entscheedung.
Woubäi et do och nach d‘Gewerkschafte gëtt, déi éischter „Mëttelméisseg“ erstaunt sinn. De LCGB hat nach e Méindeg vun der Regierung gefuerdert, all net-essentiell ekonomesch Aktivitéiten elo direkt sollten ugehale ginn. Dat gëtt esou net vum OGBL gedeelt, a si gesinn hei éischter déi global Situatioun a wëllen d‘Reprise zudeem net un der gréisst vun der Entreprise/Konzern festmaachen.
Illustratioun: © Sean Pierce / unsplash