Search

You may also like

Dës Steiervergënschtegung droen zu engem soziale Loyer bäi
International Neiegkeeten

Dës Steiervergënschtegung droen zu engem soziale Loyer bäi

Fir de Wunnengsbauministère, ass déi säit dem 1. Januar 2017

Flüchtlingslager op Lesbos steet a Flamen
International Neiegkeeten

Flüchtlingslager op Lesbos steet a Flamen

Zu Moria huet ee groussen Deel vun de Flüchtlingen d‘Lager

Wafferou fir Idlib
International Neiegkeeten

Wafferou fir Idlib

Um Mëtternuecht ass an der nordsyrescher Provënz Idlib eng weider

Bréissel observéiert den Infektioun-Hotspot Tönnies

Zoustänn am „Schluechthaus“ zu Rheda-Wiedenbrück sinn och der EU-Agrarpolitik geschëlt

Bréissel observéiert den Infektioun-Hotspot Tönnies

Déi gréng Europadeputéiert Sarah Wiener – déi Abseits de Politik eng gutt Renommée als Kächin huet – ass iwwert d‘Zoustänn bei Tönnies (a Konsorten) kengesfalls verwonnert, schliisslech huet dës Produktiounsmethod jo eng laang Traditioun a gëtt zudeem politesch zu Berlin a Bréissel gutt Ënnerstëtzt. Elo awer besteet Hoffnung, datt de Virfall bei Tönnies zu engem Ëmdenke féiere kann.

„Et ass jo näischt Neits, och wa villen elo schéngen d‘Aen op ze goen. Wien sech awer eppes mat der Agrarwirtschaft beschäftegt weess längst, datt an esou Schluechthaiser Mënschen ënner ganz schlechten Aarbechtskonditioune schaffen, jo quasi als Aarbechtssklave mëssbraucht ginn. Nei ass d‘Opmierksamkeet, deen de Secteur wéinst der Covid19-Pandemie zougestane kritt“.

An tatsächlech, et besteet kaum en Zweiwel dorunner, datt wann sech hei net de Virus agemëscht hätt, alles ganz „normal“ weidergelaf wier. An d‘Sarah Wiener ass net eleng. De Kristjan Bragason Generalsekretär vun der Europäescher Gesellschaft fir Landwirtschaft an Ernierung (EFFAT) ass ganz op hirer Säit. An denoncéiert virun allem datt dat Ganzt System huet an esou gewollt ass.

„Dee ganze System vun ontransparente Wierksverträg, esou wéi den agesaten ‚Sub-Entrepreneuren‘ an ënnerbezuelte Wander-Aarbechter (virun allem aus Rumänien a Bulgarien) ass an Däitschland riichtewech perfektionéiert ginn. Vill vergläichbar Aktivitéiten, sinn aus dësem (Sozialdumping) Grond vun aneren europäesche Länner an Däitschland verlagert ginn“, esou de Kristjan Bragason.

Vun der Politik gewollt a gefërdert

Fir d‘Éisträicherin läit hei awer d‘Verantwortung net nëmme bei de Bedreiwer vun esou Haiser, hei huet déi europäesch Agrarpolitik (GAP) d‘Haaptschold. Dëse Vertrag ass eng eenzeg Schan an just drop gemënzt enger staarker Lobby nach méi Muecht a virun allem onmoosseg Profitter a kaum Strofen zouzeschousteren. An dat steet ganz onverblimmt an allen Texter (déi kee Mënsch liest).

Esou dierf drop higewise ginn, datt d‘EU-Subventiounen net un déi Landwirtschaftlech Betriber ginn, déi se bréichten a wuel och vill besser (sozial- an Ëmweltgerecht) géifen asetzen. Nee hei gëtt de Goss entspriechend de genotzte Fläche verginn, firwat grondsätzlech nëmme Konzerner a riseg Entreprise vun dësem Geldseege profitéieren. Esoulaang dat net ännert, kann et net besser ginn.

„Mat dëser Politik gëtt d‘Massendéierenhaltung an d‘Bëlleg-Fleeschproduktioun engem Ausmooss gefërdert“, esou d‘Sarah Wiener, „datt d‘Verhältnisser net méi stëmmeg sinn“. D‘EU-Parlament an d‘EU-Kommissioun sollt dëse Skandal notzen, de GAP ëmfänglech ze reforméieren, wann et net esouguer déi besser Léisung wier, datt ganzt ad acta ze leeën a ganz nei opzesetzen. Eng gutt Iddi…

Am Kontext vum „new green deal“ sollen zwar déi Milliarden un Agrarsubventioune verstäerkt an déi ökologesch a nohalteg Landwirtschaft fléissen, mee deem wäert net esou sinn. Zanter elo bal 2 Joerzéngte soll et besser ginn. Et sinn awer nach ëmmer déiselwecht, déi vun de Subventioune profitéieren. Déi „big Player“ aus dem Secteur hu jo genuch Geld fir entspriechen Afloss ze huelen.

Ëmmer nees déi Konservativ

Dat gesinn d‘Vertrieder vun der sougenannter „Europäesch Vollekspartei“ (EPP) natierlech anescht, an déi gesinn och net an, firwat engem klenge Familljebetrib sollt ënnert d‘Äerm gegraff ginn. Esou ass den Nobert Lins (CDU), President vun der Kommissioun fir landwirtschaftlech a ländlech Entwécklung der Meenung, datt et net d‘Agrarpolitik vun der EU ass, déi hei onverantwortlech ass.

„Onverantwortlech“, esou de Mann deen sech de Positioune vun de Agrarlobby verschriwwen huet, „sinn d‘Konsumenten, déi ëmmer méi bëlleg Wuere verlaangen. Biolandwirtschaft ass net am Sënn vum Konsument a wäert sech an Europa net duerchsetzen. Dat ganz einfach, well et kee Maart fir dës Produite gëtt. Fir d‘Konsumenten ass dat alles einfach ze deier“. Et sinn ëmmer „déi aner“…

Wann elo dem Norbert Lins, deen emol virrangeg seng eegen, dann d‘Interesse vun der CDU, vläicht och nach déi vun der EPP, ganz sécher awer net déi vun den EU-Bierger vertrëtt, seng Ausso déi ganz „Farm2Fork“ Strategie vun der EU-Komissioun kloer a virun allem offiziell an Diskredit bréngt, esou wëllen net emol seng „Frënn“ dat an der Ëffentlechkeet ënnerstëtzen. Si hu bedenken.

Dat dem Norbert Lins seng „Frënn“ bedenken hunn, ass wuel der Erklärung vum Ursula von der Leyen geschëlt. Si hat gesot, datt d‘EU-Landwirtschaft nei strukturéiert a méi nohalteg muss ginn. D‘EPP hofft allerdéngs, datt déi bevirstoend Wirtschaftskris dat verhënnere wäert, an de Konzerner nach méi Geld a Handlungsfräiheet vergënnt. Där hunn déi kleng Baueren näischt entgéintzesetzen.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © jay / pixabay

Related topics Agrarlobby, Agrarpolitik, EPP, EU, Farm to Fork, GAP, New Green Deal, Norbert Lins, Sarah Wiener
Next post Previous post