Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D‘ULC huet wéinst iwwerdriwwe Concert-Präisser Sträit mam „den Atelier“
Kultur uofa dating

dating anxiety and panic attacks

Wann de Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) ufänkt mat Bille gëtt et

https://moien.lu/libra-dating-libra-horoscope/
OGBL: „Déi drëtt industriell Revolutioun ass schonn um Holzwee“
Kultur uofa dating

OGBL: „Déi drëtt industriell Revolutioun ass schonn um Holzwee“

Lëtzebuerg ass aktuell beméit sech der europäescher Direktiv 2016/279 unzehuelen,

De Vietnam späert Internetaktivist, deen Ëmweltskandal veruerteelt, an
Kultur uofa dating

De Vietnam späert Internetaktivist, deen Ëmweltskandal veruerteelt, an

En Internetaktivist, deen am Vietnam op Ëmweltproblemer higewisen huet, notamment

Avengers: Infinity War iwwerrascht een, mee huet och e puer Schwächten

Déi lescht puer Filmer aus dem Marvel Cinematic Universe waren anescht, wéi dat, wat virdru komm war. Black Panther huet mat sengem Afro-Futurismus geglänzt, Thor: Ragnarok dogéint mat senger 80er Ästhetik. Guardians of the Galaxy war souwisou och schonn bei der éischte Kéier eppes Besonnesches, huet de Weltraum virdrun an deem Universum nach keng Roll gespillt. Et konnt een also vill vun Avengers: Infinity War erwaarden. Well et sinn net nëmme méi sechs Superhelden, déi hei zesumme fanne mussen, mee mëttlerweil och ganz ënnerschiddlech Filmer, déi hei openeen féieren.

D’Story ass schnell erzielt: Den Thanos wëll gären all d’Infinity Stones zesumme kréien, fir d’Universum ausbalancéieren. Seng Interpretatioun dovunner: Einfach d’Halschent vun der Bevëlkerung ausläschen. Anstatt Handaarbecht missen ofzeleeën, kann en dat mat all deene Steng mat Liichtegkeet maachen. Déi verschidde Superhelden hunn e puer vun deene Steng, anerer si verstoppt. Esou entsteet eng Course, mat ville Versich, den Thanos dovunner ofzehalen, all dës Steng ze kréien.

Et geléngt, dës Superhelden all zesummen ze bréngen, ouni de Film ze iwwerlaaschten. Mee zu wéi engem Präis? D’Individualitéit wat d’Inzeenéierung vun de Superhelde ugeet, geet verluer, fir e Standart-Marvel Look opriicht ze erhalen. Dat huet de Pluspunkt, datt alles ausgesäit, wéi wann et aus engem Goss wier. An dat ass keng kleng Leeschtung, wann een den Doctor Strange, den Thor an d’Guardians of the Galaxy am selwechte Film huet. Mee et geet engem e bësschen de Spaass verluer, well jiddereen doduercher e Stéck vu sengem Charisma verléiert.

Dat kéint awer och eppes mat der Mass u Personnagen ze dinn hunn, déi hei ze fanne sinn. An deenen 2 Stonnen an 30 Minutten kritt bal all Held eng wichteg Roll. Dat heescht, datt egal wéi, de perséinleche Favorit do ass. An eventuell och ze kuerz kënnt, well si mer eis éierlech: No esou vill Filmer kommen immens vill Personnagen zesummen.

Den Thanos ass en exzellenten Antagonist, deen den eigentleche Fokus vum Film duerstellt

Déi gréissten Iwwerraschung, déi sech Infinity War leescht, ass beim Géigespiller, dem Thanos, ze fannen. Ganzer 10 Joer gouf deen opgebaut a ganz vill Hype produzéiert. Mee e presentéiert sech net als en eendimensionaalt Monster, mee éischter wéi eng nuancéiert a villschichteg Persoun. A gewësser Weis ass et den Haaptpersonnage: Mir léiere seng Motivatioun, seng Ziler a seng Geschicht kennen. Et ass an engems déi Figur, déi am meeschten charakterlech Entwécklung duerchmécht a fir de Publikum doduerch novollzéibar a bal sympathesch gëtt. Dat ass wuel dem Film seng gréisste Leeschtung an e Beweis, datt vill Courage dohannert stécht sech op hien ze konzentréieren.

D’Zäit gutt iwwerbréckt kritt een deels mam typeschen Humor a mat der exzellenter Chimie tëscht den Acteuren.

An dach ass de Film e bësschen vill. Tëschenduerch ginn et Phasen, wou net immens vill geschitt an ee mengt, de Film géing richteg stoe bleiwen. An den Actionzeene kann dat och virkommen, well déi immens laang dauere kënnen an ee richteg midd dobäi gëtt. Dat ass awer e Problem, dee mer scho beim leschten Avengers Film, Age of Ultron, bemierke konnte.

Déi al Qualitéiten, déi an all Marvel-Film ze fanne sinn, bleiwen eis erhalen

D’Zäit gutt iwwerbréckt kritt een deels mam typeschen Humor a mat der exzellenter Chimie tëscht den Acteuren. D’Figure sinn alleguerten esou gruppéiert, datt hier Charakteren gutt bei enee passen. Dat suergt am Fong fir déi interessantsten a flottste Momenter am Film. Perséinleche Favorit ass hei kloer Spider Man an Iron Man, déi eng immens Dynamik mat sech bréngen.

Iwwerraschend ass de Schluss, deen ech hei natierlech net verroden. Mee et sief gesot, datt elo villes erëm méi oppen am Marvel Universum ass an ee richteg gespaant däerf sinn, wéi et an Zukunft weider geet. Alles an allem ass Infinity War e gudde Film, deen ech zwar net zu deene beschte Marvel Filmer zielen, mee sécherlech zu deenen interessantsten.

All Fotoen: ©Marvel Studios 2018

Ähnlech Sujeten Avengers: Infinity War, Film, Marvel, Marvel Cinematic Universe
Nächsten Artikel Virrechten Artikel