Dramatesch Zeene viru Lampedusa
E Samschdeg hunn déi italienesch Autoritéiten iwwer 20 Mannerjäreger vun
E Samschdeg hunn déi italienesch Autoritéiten iwwer 20 Mannerjäreger vun
Beim leschte Kaffi-Croissant mam Stater Schäfferot, stoungen nieft klenger Sujeten,
En neie Mount ass ugebrach! Dat heescht, datt mer eis
Schonn iwwert 25 Joer ënnerstëtzt SOS Faim d’Entwécklung vu lokale Filialen a Westafrika. Ma, duerch déi sanitär Kris gëtt d’Bevëlkerung elo virun eng grouss Erausfuerderung gestallt: E Pond Räis kascht mëttlerweil ganzer 16,07 $, soss louch een bei 12,94 $. Dat bedeit eng Präiserhéijung vu bal 25 %.
Grënn fir déi bevirstoend Liewensmëttelkris ginn et vill: Grenzschléissungen, d’Zoumaache vun de Mäert, extrem Präisser op der Importwuer, de Verloscht vun Aarbechtskraaft a villes méi zwéngt d’Leit an d’Knéien.
© SOS Faim
Virun allem op Importatiounen ass een ugewisen, wëll trotz Eegeproduktioun geet et vir an hannen net duer. Um Beispill vum Benin gesäit een, datt si 151.000 Tonne Räis selwer produzéieren, 475.000 Tonnen importéiert musse ginn, fir jiddwereen ze ernieren.
Dobäi kënnt, datt de Benin, Senegal an d’Elfebeeküst zesummen ganzer 10 % vum weltwäit produzéierte Räis konsuméieren.
© SOS Faim
Dofir muss der lokaler Landwirtschaft ënnert d’Ärem gegraff ginn, sou datt um eegenen Terrain méi gerecht, solidaresch an nohalteg ugebaut ka ginn. Fir SOS Faim besteet déi grouss Erausfuerderung doran, d’Recht op Iessen fir jiddwereen anzefuerderen.
Aus dësem Grond ass 2001 d’Federatioun vun den Uniounen a Kooperativen vun de Räisproduzenten am Niger, och méi einfach FUCOPRI genannt, gegrënnt ginn. Déi professionell landwirtschaftlech Organisatioun besteet aus 17 Partner vun SOS Faim an zielt mëttlerweil 29.000 nigerianesch Räisbaueren. Si gi bei der nohalteger Räiskultur ënnerstëtzt, kréien Hëllef am Beräich vum Commerce oder kréie gutt Präisser beim Kaf vum Material.
Och den Assouma ass Member bei FUCOPRI a ka seng Famill selwer versuergen © SOS Faim
Den Assouma (64 Joer) baut scho säit iwwer 40 Joer Räis un an ass Member bei FUCOPRI. Elo profitéiert hien net nëmme vu méi niddrege Präisser beim landwirtschaftleche Geschir duerch Groussbestellungen, mee och beispillsweis vun engem méi niddrege Stroumpräis. Mat dëser Hëllef konnt hie seng Produktioun steigeren, woubäi hie mat engem Drëttel vun der Recolte seng eege Famill versuerge kann. De Rescht kann um Maart verkaaft ginn.
Uewen fannt Dir eng kleng Billergalerie © SOS Faim