Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Muse = Mute
Neiegkeeten

Muse = Mute

Eng Muse ass Inspiratioun. Si steet hannert der Iddi, déi

Dat mat der neier Verfassung gëtt näischt
Neiegkeeten

Dat mat der neier Verfassung gëtt näischt

Mam villen Hin an Hier bei der CSV, déi engersäits

Astronaute-Besuch: Lëtzebuerg empfängt de Buzz Aldrin!
Neiegkeeten

Astronaute-Besuch: Lëtzebuerg empfängt de Buzz Aldrin!

Den amerikaneschen Dag vun der Onofhängegkeet, dee gëschter stattfonnt huet, huet

INFO: Ännerunge vum Busverkéier an der Stad duerch Chantier

INFO: Ännerunge vum Busverkéier an der Stad duerch Chantier

D’Stad Lëtzebuerg informéiert de Publik doriwwer, datt duerch de Chantier vum Luxtram an der Avenue de la Liberté de Verkéier anescht organiséiert gëtt, an zwar op Héicht vun der Paräisser Plaz. Dobäi wäerte verschidden Ännerungen um Niveau vum Busverkéier stattfannen.

Ab e Méindeg, de 25. Februar 2019:

  • D’Haltestell Paris/Zitha (Quai 3) gëtt ëm 100 Meter verluecht a Richtung 20-24 Avenue de La Liberté (tëscht der Rue du Plébiscite an der Rue Dicks). Heivunner betraff sinn d’Linnen 1 an den CN1 (P+R Bouillon), d’Linn 18 (Kockelscheier), d’Linnen 9, 10, 11, 13, 14, 28 an 31 mam Terminus Gare Centrale, sou wéi d’Linne vum RGTR 110, 111, 740, 750, 800 an 810.
  • Eng provisoresch Haltestell Paris/Zitha (Quai 4A) gëtt ronn 80 Meter a Richtung Gare virun de Gebaier 42-46 vun der Avenue de la Liberté opgeriicht. Dësen Arrêt gëtt vun de Buslinnen 2 (Gaasperech–Boy Konen), 4 (Leideleng-Gemeng), 7/70 (Verluerekascht), 16 (Hesper-Cité um Schlass), 21 (Lux-Sud), 22 (Cloch d’Or-Guillaume Kroll, 23 (Gaasperech-Bouneweg-LTB) ugefuer, sou wéi vun den Linne vum RGTR 120 (Gare Centrale), 144 (Izeg), 172 (Fréiseng), 192 (Haassel), 194 (Beetebuerg) an 195 (Peppeng). Folgend Linnen a Richtung rue Origer a Place Wallis wäerte keng Ännerungen hunn an nom gewinnte Plang fueren: 3/30 an 32 (Houwald), 5/6 an CN3 (Bouneweg) an 15 (Hamm).

chantier

Ab e Sonndeg, de 24. Februar (12:00 Auer) bis Sonndes, de 17. Mäerz (17:00 Auer):

  • De Streckenofschnëtt vun der Paräisser Plaz, der Avenue de la Liberté an der rue Sainte Zithe (ëstlech Säit) gëtt komplett fir de Verkéier gespaart.
  • Den Accès op de Quartier gëtt geännert an eng Ëmleedung duerch d’Rue Anvers bréngt Iech un d’Destinatioun: Fuerer, déi aus der Richtung Rue du Fort Bourbon komme ginn duerch d’Rue du Fort Elisabeth, Dicks an Sainte Zithe ëmgeleet. Esou wäert de Verkéier an der Rue Dicks, sou wéi der Rue Sainte Zithe den entgéintgesate Wee verlafen.
  • D’Vëlofuerer sinn autoriséiert an den zwou Richtungen an der Rue Sainte Zithe ze fueren.

D’Stad Lëtzebuerg seet jiddwerengem Merci vir de Versteesdemech.

Ähnlech Sujeten Avenue de la Liberté, Busverkéier, Chantier, Ëmleedung, LuxTram, Paräisser Plaz, Paris/Zitha, Stad Lëtzebuerg, Stater Gare
Nächsten Artikel Virrechten Artikel