Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’USA sinn onzefridde mam „Partner“ Pakistan
Neiegkeeten

D’USA sinn onzefridde mam „Partner“ Pakistan

Um Donneschdeg huet Washington ugekënnegt, d’Iwwerweisung vun honnerte Milliounen u

De Coach John Bierchen verléisst d’Beaufort Knights
Neiegkeeten

De Coach John Bierchen verléisst d’Beaufort Knights

No 2 Joer verléisst de Coach John Bierchen d’Äishock-Eyekipp vun

2. – 10. November: Fënneft Editioun vun der Art Week
Neiegkeeten

2. – 10. November: Fënneft Editioun vun der Art Week

D‘Luxembourg Art Week schéngt sech etabléiert ze hunn. Dat ass

Wichteg Informatioun vum CHEM

Wichteg Informatioun vum CHEM

De Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM) informéiert seng Patienten an d‘Leit déi ee Patient am Spidol – zu Esch-Uelzecht, Diddeleng an Nidderkuer – besiche wëllen, datt unhand der neier Situatioun am Kontext vun der Covid19-Pandemie, d‘Direktioun haut entscheet huet, zousätzlech Mesure fir de Schutz vun de Patienten ze ergräifen.

Eng Persoun déi gesondheetlech ugeschloen ass, bitt engem Virus eng grouss Ugrëffsfläch. Wat de Patient méi Kontakt mat Mënschen huet, wat säin Infektiounsrisiko méi grouss ass. Aus dësem Grond sinn d‘Spideeler vum CHEM an zwou Zonen (Gréng: ouni Covid19 – Rout: mat Covid19) agedeelt ginn. Fir all Zon gëtt et elo spezifesch Reegelen.

Gréng Zon:

  • All Patient ka maximal zwou Persounen empfänken;
  • d‘Zäit vum Besuch ass op 1 Stonn begrenzt;
  • simultan Visitte sinn net zoulässeg;

Am Fall:

  • wou de Visiteur manner wéi 14 Joer huet, sollt dëse vun enger erwuessener Persoun begleet ginn;
  • wou de Visiteur eng Begleedung brauch, kann dëse vun engem Erwuessene begleet ginn.

An exzeptionelle Fäll (esou beispillsweis an enger Situatioun wou eng Persoun am Stierwe läit, an engem psychologeschen Noutfall mat Attest vum Dokter, asw.) kënnen zousätzlech Visitten autoriséiert ginn.

D‘Partner vu Fraen déi am Begrëff sinn e Kand op d‘Welt ze setzen, a beim Accouchement present wëlle sinn, sinn vun dëser Reegel ausgeholl. Dat gëllt dann och fir de Besuch beim Neigebuerenen.

Rout Zon:

An dësem Beräich si guer keng Visitte méiglech, et sief et géif eng Ausnamesituatioun virleien (esou beispillsweis wann eng Persoun am Stierwe läit, an engem psychologeschen Noutfall mat Attest vum Dokter, asw.)

Generell gëllt, an dat ganz kloer ouni déi geréngsten Ausnam: d‘Droe vun enger Mask wärend dem ganzen Openthalt am Spidol. D‘Leit ginn zudeem opgefuerdert hir Hänn virum betriede vum Spidol ze desinfizéieren.

D‘Direktioun vum CHEM an dat ganzt Personal seet alle Leit am Viraus Merci fir hiert Verständnis an erënneren drun, datt mir zesummen de Kampf géint de Coronavirus Covid19 féieren an et eis Flicht ass déi vulnerabelst Matbierger ze schützen.

Ähnlech Sujeten CHEM, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Nidderkuer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel