Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Luke Cage ass erëm do!
Neiegkeeten

De Luke Cage ass erëm do!

Während de Black Panther an de Kinoe begeeschtert, huet en

Ass Facebook läschen iwwerhaapt e Choix?
Neiegkeeten

Ass Facebook läschen iwwerhaapt e Choix?

Wéi ech an der Woch vir en Artikel Facebook-Alternative recherchéiert

geek
Digitalisatioun am Interessi vum Bierger an der Wirtschaft fërderen
Neiegkeeten

Digitalisatioun am Interessi vum Bierger an der Wirtschaft fërderen

Am Kader vum Neijoerschdagspatt um Ministère fir Digitalisatioun, hunn um

Informatiounsdeeg bei der Lëtzebuerger Arméi: 550 Schüler waren dobäi!

Informatiounsdeeg bei der Lëtzebuerger Arméi: 550 Schüler waren dobäi!
(v.l.n.r.) Colonel Yves Kalmes, Kommandant vum Centre Militaire; François Bausch, Verdeedegungsminister; Gilles Feith, Generalkoordinator vun der Défense; Generol Alain Duschène, Chef vum Generalstab vun der Lëtzebuerger Arméi © EMA
Informatiounsdeeg bei der Lëtzebuerger Arméi: 550 Schüler waren dobäi!
© EMA
Informatiounsdeeg bei der Lëtzebuerger Arméi: 550 Schüler waren dobäi!
© EMA
Informatiounsdeeg bei der Lëtzebuerger Arméi: 550 Schüler waren dobäi!
(v.l.n.r.) Colonel Yves Kalmes, Kommandant vum Centre Militaire; François Bausch, Verdeedegungsminister; Generol Alain Duschène, Chef vum Generalstab vun der Lëtzebuerger Arméi © EMA

Tëscht dem 14. a 16. Mee huet d’Lëtzebuerger Arméi um Härebierg zu Dikrech seng Informatiounsdeeg fir Schüler organiséiert. Méi wéi 550 Jugendlecher hu sech bei den zuelräiche Stänn informéieren, beroden an vläicht souguer iwwerzeege gelooss.

Op der Plaz ware Stänn vun der Arméi, der Lëtzebuerger Police, dem CGDIS, dem AVL, sou wéi der Stroossebauverwaltung, der Douanesverwaltung, dem Prisong oder och dem Centre de Retention.

Och eise Verdeedegungsminister, de François Bausch ass gëschter bis op den Härebierg gereest, fir esou de Programm, deen d’Schüler proposéiert kréien, och emol ze gesinn. Dobäi huet hie sech wéi ee Kichelche gefreet, datt direkt esou vill interesséiert Persounen op der Plaz waren, fir eventuell souguer eng Karriär an der Arméi anzegoen. Dobäi huet hien ervir gehuewen, datt een mat dësem Choix divers Posten ugebuede ka kréien, sou wéi een motivéierenden a fërdernden Aarbechtskader.

Och déi sozial Roll vum Zaldot, virun allem a Saache Preparatioun fir eng Aarbecht am ëffentlechen oder private Secteur, bleift laut dem Minister eng vun de wichtegste Missioune vun der Lëtzebuerger Arméi. Hien erkläert weider, datt „d’Arméi Perspektiven an der perséinlecher a professioneller Entwécklung bitt.“

Nieft den zuelräichen Informatiounsstänn haten d’Schüler och d’Méiglechkeet militärescht Material a Gefierer gewisen ze kréien. Mat Demonstratioune vun den Zaldoten an der Douane sollten d’Leit esou richteg vum Hocker gerappt ginn.

Ähnlech Sujeten AVL, CGDIS, Douane, François Bausch, Generol Alain Duschène, Härebierg, Informatiounsdeeg, Lëtzebuerger Arméi, Police, Prisong, Stroossebauverwaltung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel