Search

You may also like

Protester am Chile fuerderen aacht Doudeger
Neiegkeeten

Protester am Chile fuerderen aacht Doudeger

Am Kontext vun der Protester an den Onrouen ass et

Mat verbëtzen ophalen: Elo!
Neiegkeeten

Mat verbëtzen ophalen: Elo!

Am Kontext vun der grousser Campagne „Zesumme géint d‘Verschwendung“ ass

Zäit fir eppes ganz anescht? Net wierklech… mee et dierf gelaacht ginn! (Video)
Neiegkeeten

Zäit fir eppes ganz anescht? Net wierklech… mee et dierf gelaacht ginn! (Video)

Mir hunn do eppes fonnt, dat wollte mir iech net

Infrastrukturaarbechten an der Märeler Strooss (4.-6.07.2020)

Infrastrukturaarbechten an der Märeler Strooss (4.-6.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt et am Kader vun Infrastrukturaarbechten duerch d’Creos an der Märeler Strooss e puer Ännerungen am Verkéier wäert ginn. Geschafft gëtt vu Samschdes, de 4. Juli géint 5:30 Auer bis Méindes, de 6. Juli géint 5:00 Auer.

Duerch d’Aarbechten gëtt d’Märeler Strooss zu enger Eebunnsstrooss, ab dem Rondpoint Märel (nei Route d’Esch (B4) an Rue de Bouillon) a Richtung a bis bei d’Rue Charles Martel. D’Bretelle vun der Märeler Strooss bei d’Autobunn A4 bleift wärend dem Chantier op.

Dofir ginn et awer e puer Upassungen beim ëffentlechen Transport:

  • D’Linn 15 gëtt fir de Wee vun der Rue de Bitbourg bei de P+R Bouillon ëmgeleet iwwert den Arrêt Schluechthaus, d’B4 an de Rondpoint Märel bis bei de P+R Bouillon. D’Haltestellen Athénée Quai 3 a Conservatoire entfalen. An déi entgéint gesate Richtung fiert dës Linn hiren normale Wee.
  • D’Linn 27 gëtt fir de Wee vun der Belle Étoile Richtung Gare iwwert den Arrêt Plaak, d’Route de Longwy, d’Avenue du X Septembre, de Boulevard Pierre Dupong, d’B4 an de Rondpoint Märel bis bei de P+R Bouillon ëmgeleet. D’Haltestelle St Gengoul a Marcel Cahen Quai 1 entfalen. Op der Route de Longwy gëtt den Arrêt St Hubert duerch d’Deviatioun ugefuer. An déi entgéint gesate Richtung fiert dës Linn hiren normale Wee.

Märeler Strooss

Den Zirkulatiounsservice vun der Stad Lëtzebuerg këmmert sech ëm déi noutwenneg Beschëlderung. D’Stad Lëtzebuerg seet Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Related topics Athénée du Luxembourg, Conservatoire, CREOS, Infrastrukturaarbechten, Linn 15, Linn 27, Märeler Strooss, Merl, Stroum
Next post Previous post