Search

You may also like

Motorsport: Dem Dylan Pereira seng offiziell Saison start dëse Weekend
International Neiegkeeten

Motorsport: Dem Dylan Pereira seng offiziell Saison start dëse Weekend

Dëse Weekend, start dem Dylan Pereira seng offiziell Saison 2020,

OPGEPASST: Eventuell Plastiksstécker bei Champignonen vu LIDL
International Neiegkeeten

OPGEPASST: Eventuell Plastiksstécker bei Champignonen vu LIDL

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt d’Champignonen no

Sozial Assisen: De REVIS wier eng „Gutt Saach“ soen se…
International Neiegkeeten

Sozial Assisen: De REVIS wier eng „Gutt Saach“ soen se…

D‘Akommes vun der sozialer Aglidderung, kuerz: REVIS genannt, ass zanter

Initiativ Countdown stellt fest: „De Klima huet de globale Krisepunkt erreecht“

Initiativ Countdown stellt fest: „De Klima huet de globale Krisepunkt erreecht“

An enger virtueller Live-Veranstaltung hunn ee Samschdeg prominent Klimaaktivisten, Politiker a Wëssenschaftler zu méi Engagement am Kampf géint d‘Klimakris opgeruff. Iwwer 50 Riedner, zu deenen nieft dem Poopst Francis, sech och den UN-Generalsekretär Antonio Guterres an de Prënz William ugeschloss haten, hunn d‘Aktioun vun der Initiativ „Countdown“ tatkräfteg ënnerstëtzt.

„De Klima huet ee globale Krisepunkt erreecht“, esou de Johan Rockström, Direkter vum Potsdam-Institut fir Klimafolgefuerschung an international unerkannte Wëssenschaftlecher. Den Äerdsystem-Fuerscher huet fir dës Ausso op déi vill heefeg an extrem Bëschbränn, déi grouss Hëtzt mat sengen Drécheperioden an op d‘Iwwerschwemmunge vun de leschten zéng Joer higewisen. D‘Welt géif viru ville Kipppunkte stoen, an d‘Gefor datt de Planéit aus dem Rhythmus kënnt wier ganz reell.

De Fuerscher stellt weiderhi fest, datt et zwéngend noutwenneg ass, den Ausstouss vun Zäregaser bis 2030 ze halbéieren, an datt dat erkläerten Zil bis 2050 muss „Null Emissiounen“ heeschen. Dat ass keng wierklech nei Thees, och wann et sécher richteg ass ëmmer nees drop hinzeweisen, wann net jidderee bei sech ufänkt bleift et ee Kampf géint Wandmillen. An d‘Politik ass keng Hëllef.

Initiativ

Dem Schëpfer säi Vertrieder op Äerden, de Poopst Francis, huet sengersäits ee radikaalt Ëmdenke gefuerdert. Et misst elo, also méiglechst zäitno, eppes fir den Ëmweltschutz an déi sozial Gerechtegkeet ënnerholl ginn. D‘Mënschen hätten en Usproch op propper Waasser an ausräichend Liewensmëttel. Fossil Brennstoffer missten ouni nach grouss ofzewaarden, duerch propper Energie ersat ginn. Esou de Pontifex, deen e Veräin ze leeden huet, dee Verännerungen net gären huet.

A sengem Video-Message huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres gesot: „Mir musse sécherstellen, datt all Land, all Stad, Entreprise, Bank an all international Organisatioun ee Plang huet fir d‘Klimaneutralitéit ze erreechen“. Hie mengt et wier gutt, wann d‘Regierungen no der Covid19-Pandemie, Geld fir „gréng Aarbechtsplazen“ géife bereetstellen. Dat ass eppes utopesch.

Initiativ

De brittesche Prënz William (38) huet sech aus dem Park vu Windsor-Castle an den Debat abruecht an op déi bal dausendjäreg Eeche gewisen, déi elo wéi da Rescht vun der Welt, vum Klimawandel bedreet sinn. „Wa méi an dësem Joerzéngt net handelen, ass de Schued irreversibel“, esou seng Message. Hien huet virun ee puer Deeg mat senger Ëmwelt-Stëftung den „Earthshot“ Präis an d‘Liewe geruff, fir Léisunge fir déi weltwäit gréissten Ëmweltproblemer ze fannen.

Um fënnefstënnegen Onlineevent – dee vu prominente Moderatore wéi beispillsweis d‘Jane Fonda, de Chris Hemsworth oder de Mark Ruffalo moderéiert gouf – hunn nach d‘Ursula vun der Leyen (EU-Kommissiounspresidentin déi Europa en „New Green Deal“ versprach huet), de fréieren US-Vizepresident Al Gore, déi 18 järeg Klimaaktivistin Xiye Bastida a weider Kënschtler deelgeholl.

Initiativ
Related topics Inititativ Countdown, Klimakris, Klimawandel, Onlineevent, Save the Planet
Next post Previous post