Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lampertsbierger Syndikat: Ze vill Verkéier, ze vill Schüler, net genuch gréngs
Kultur Neiegkeeten Sport

Lampertsbierger Syndikat: Ze vill Verkéier, ze vill Schüler, net genuch gréngs

Op der Generalversammlung vum Lampertsbierger Syndikat, deen och Member vun

Wetten, dass du dës 30 Lëtzebuergesch-Froen net all richteg beäntwert kriss?!
Kultur Neiegkeeten Sport

Wetten, dass du dës 30 Lëtzebuergesch-Froen net all richteg beäntwert kriss?!

Och dës Woch hu mer erëm e Lëtzebuergesch-Test ausgeschafft. Mir

geek
F is for Family – Eng Serie vun den Extremen
Kultur Neiegkeeten Sport

F is for Family – Eng Serie vun den Extremen

F is for Family ass net ëmmer ganz einfach fir

Inklusioun duerch Sport: Optakt vum Pilotprojet „I’mPOSSIBLE“!

Inklusioun duerch Sport: Optakt vum Pilotprojet „I’mPOSSIBLE“!

De Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, de Ministère fir Sport, sou wéi de Ministère fir Famill an Integratioun start, zesumme mat der Groussregioun, ënnert der Leedung vum Luxembourg Paralympic Committee (LPC) de Pilotprojet „I’mPOSSIBLE“ zur Fërderung vun der Inclusioun am an duerch Sport.

Jonk SchülerInnen am Alter tëscht 6 an 12 Joer aus Lëtzebuerger Primärschoule wäerten déi éischt sinn, déi vun dësem Projet profitéieren. Déi zäitgläich Abezéiung vun der Beweegung duerch Sport ass ee weidere positiven Aspekt vum Projet. Duerch d’Bewosstsin fir déi Paralympesch Beweegung soll déi sozial Inclusioun ënnerstëtzt ginn. Den neie globale Bildungsprogramm ass vun Agitos Foundation, der global agéierender Stëftung zur Fërderung vum Parasport vum Internationale Paralympesche Komitee (IPC) entwéckelt ginn.

An Iwwerteneestëmmung mat den Ziler vum nationale Plang „Gesond iessen, Méi beweegen“ 2018-2025 konzentréiert sech dëse Projet also op d’Integratioun vu Mënsche mat Behënnerungen duerch de Sport, sou wéi d’Vermëttlung vun den doraus resultéierende Wäerter. „I’mPOSSIBLE“ soll dozou bäidroen, déi paralympesch Wäerter Courage, Entschlossenheet, Inspiratioun a Gläichheet ze fuerderen an d’Visioun vun der Paralympescher Beweegung u jonk Mënschen ze vermëttelen. D’Perceptioun vu Mënsche mat Behënnerung soll verännert a gläichzäiteg solle Méiglechkeete gewise ginn, wéi een duerch Sport fir eng oppen an inklusiv Gesellschaft antriede kann.

Nodeem den Inclusiounsprojet bis ewell a Länner wéi Japan, Malawi an dem Kasachstan erfollegräich duerchgefouert ginn ass, plangen elo déi uewe genannte Ministèren an den LPC d’Initiativ zesummen tëscht der Ouschter- a Summervakanz an de Primärschoulen ëmzesetzen. Domat gehéiert Lëtzebuerg zu engem vun den éischten europäesche Länner, déi dëse Projet – wann och an enger éischter Phas als Pilotprojet – ëmsetze wäerten.

Den Optakt

Fir Unzefänke ginn haut Formatioune fir SchoulmeeschterInnen, Trainer a Sportstherapeuten am Rehazenter Lëtzebuerg organiséiert. Heibäi gëtt souwuel theoretescht, wéi praktescht Wësse vermëttelt, fir datt de Projet duerno un de jeeweilege Schoulen, an doriwwer hinaus och a Sportsveräiner ëmgesat ka ginn.

Esou gëtt Beispillsweis nieft der praktescher Sporterfarung an de Sportaarte „Goalball“ a „Boccia“ theoretesch Modulen offréiert. Wärenddeem ginn déi ëmfangräich Informatiounsmaterialien, déi eegens fir de Projet erstallt gi sinn, virgestallt. Hei fënnt ee Pläng fir de Cours, Presentatiounen, Kuerzfilmer zu de Paralympics an der Paralympescher Beweegung, sou datt eng interaktiv Gestaltung vum Cours méiglech gëtt.

Den Numm

„I’mPOSSIBLE“ ass inspiréiert un de Paralympesche Wanterspiller vun 2014 zu Sotschi. Wärend der Ofschlosszeremonie ass dëst Wuert um Dach vum Stadion erof geschwieft komm. Ee Rollstullfuerer stoung dunn virun der Erausfuerderung ee 15 Meter laangt Seel eropzeklotteren fir un d’Spëtzt vun der Beschrëftung ze erreechen. Wou hien do ukoum ass hie selwerzum „fléienden Apostroph“ tëscht de Buchstawen „I“ an „m“ ginn. Op dës Aart a Weis ollt der ganzer Welt gewise ginn, datt Mënschen ALLES erreeche kënnen.

Ähnlech Sujeten I'mPOSSIBLE, Inclusioun, Luxembourg Paralympic Committee, Sport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel