Washington huet den UN-Mënscherechtsrot verlooss
D‘USA hunn um Dënschdeg den UN-Mënscherechtsrot verlooss, an d‘Institutioun déi
D‘USA hunn um Dënschdeg den UN-Mënscherechtsrot verlooss, an d‘Institutioun déi
Säit dem Ufank vum neie Schouljoer mussen d’Schüler vun de
Si hunn sech, wat nach virun e puer Méint kee
Näischt bréngt engem eng nei Perspektiv op d’Welt, wéi eng nei Sprooch ze léieren an domat mat Millioune leit kënnen ze kommunizéieren. Am Institut National des Langues (INL) kritt jiddereen d’Méiglechkeet gebueden, eng Sprooch ze léieren. Niewent de Sprooche vum Land, Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch ginn do och nach Englesch, Spuenesch, Chinesesch, Italienesch a Portugisesch ugebueden.
Am Hierschtsemester gouf et ganzer 7.000 Aschreiwunge fir déi insgesamt 400 Couren, déi vun dëser Institutioun organiséiert gi sinn. Dobäi riichten sech d’Couren net nëmmen un déi, déi eng nei Sprooch léiere wëllen. Nee, och déi, déi hiert Wëssen opfrëschen oder verbessere wëlle, kënnen sech hei mellen.
Fir datt d’Kompetenze vu jidderengem richteg ageschat ginn, ka jiddereen sech fir en Entretien fir eng Orientéierung umellen. Domat kënnen dann d’Kompetenzen ageschat ginn, fir dee richtege Cour kënnen ze wielen. D’Entretienen fannen tëscht dem 5. an dem 7. Februar op engem vun den dräi Site vum INL (Kierchbierg – Miersch – Campus Belval) statt. D‘Course selwer fänken den 19. Februar un. Niewent de Site vum INL ginn der och am Lycée Aline Mayrisch ugebueden.
Informatiounen an d’Méiglechkeet sech anzeschreiwen fënns du um offiziellem Site vum INL!