Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Gewerkschaft fir d‘Fraen
International Neiegkeeten Stories

Eng Gewerkschaft fir d‘Fraen

MODERN, INCLUSIV, TEAMORIENTÉIERT, SOLIDARESCH, FEMINISTESCH; dat ass de Motto vum

Brexit: Bréissel geet vun enger Scheedung ouni Accord aus
International Neiegkeeten Stories

Brexit: Bréissel geet vun enger Scheedung ouni Accord aus

E Méindeg hunn déi europäesch a britesch Dirigenten nach verkënnt,

Lëtzebuerger Bëscher: Just 13,4% weise keng Schiet op
International Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerger Bëscher: Just 13,4% weise keng Schiet op

Vergaangene Mëttwoch hunn d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an den Direkter vun

Däitschen Humor: Inneminister verklot Dateschutzbeoptraagten

Däitschen Humor: Inneminister verklot Dateschutzbeoptraagten

Den däitsche Bundesinneministère widdersetzt sech enger Uerder vum Dateschutzbeoptraagten Ulrich Kelber. Well dem Horst Seehofer (CSU) seng Verwaltung d‘Virgabe vum Informatioun-Fräiheetsgesetz (IFG) net anhale wëll, geet dës juristesch géint den Dateschutzbeoptraagte vir.

Grondsätzlech ass et bei eisen däitschen Noperen emol esou, datt wie beim Inneministère eng Ufro no Informatioun areecht, vir unzefänken emol selwer ee ganze Batz Informatiounen ofliwwere muss. Interessant hei, et ass den Inneministère deen zoustänneg fir d‘Informatiounsfräiheetsgesetz (IFG) ass a sech gläichzäiteg zanter néng Joer weigert Demande per Email ze beäntwerten.

Ganz besonnesch dann, wann dës iwwert d‘Onlineplattform „Frag den Staat“ un de Ministère weidergeleet ginn. Et verhält sech nämlech bei eise germanesche Kosengen esou, datt nëmmen deen eng inhaltlech Äntwert kritt, deen dem Bundesinneministère eng postalesch Adress matgedeelt huet. An dës Virgoensweis gëtt elo éischtmoleg mëttels enger Geriichtsprozedur iwwerpréift.

De Beoptraagte fir Dateschutz an Informatiounsfräiheet huet de Bundesinneministère an seng nogeuerdent Administratiounen ugewisen, bei einfachen Ufroen, net méi Date wéi zwéngend noutwenneg anzefuerderen an esou op d‘Sammele vu postaleschen Adressen ze verzichten. Dat géif dann awer an der Praxis bedeiten, datt och Ufroen ënnert engem Pseudonym dierfte gestallt ginn.

Interessant an dësem Kontext dann d‘Feststellung, datt den Ulrich Kelber sech hei net op seng Funktioun als Beoptraagte fir Informatiounsfräiheet bezitt, an där him keng rechtlech Mëttel zur Verfügung stinn, sech op an der Dateschutzgrondveruerdnung festgeschriwwe Kontrollfunktioun berifft (Artikel 58 – Dateschutzgrondveruerdnung). Natierlech wëll sech de Ministère net fügen.

Woubäi „sech fügen“ trëfft esou net wierklech zou. De Bundesinneministère huet elo zu Köln beim Verwaltungsgeriicht géint dem Dateschutzbeoptraagten seng Administratioun Klo erhuewen, déi him nach bis viru kuerzem ënnerstallt war. Vertruede gëtt den Bundesinneministère vun der Etüd vun der Bundesregierung (Redeker Sellner Dahs – Rechtsanwälte) a bis dohinner ass et normal…

Op der Kloschrëft steet dann och geschriwwen, esou wéi et sech am allerbeschtem „Amtsdäitsch“ gehéiert: „Bundesrepublik Deutschland ./. Bundesrepublik Deutschland a bezuelt gëtt eng extern Affekoten-Etüd. De Bréifwiessel den et tëscht de Verwaltungen am Virfeld vun der Klo ginn huet, an deen am Kontext vum IFG huet misse virgeluecht ginn, ass gläichfalls zimmlech opschlossräich.

Esou geet aus dësem Courrier ervir, datt de Bundesinneministère virun allem Grondsätzlech Problemer mam Informatiounsfräiheetsgesetz an der Onlineplattform „Frag den Staat“ huet. De Staatssekretär Hans-Georg Engelke (fréiere Chef de Service am Bundesamt fir Verfassungsschutz) wennt sech schrëftlech direkt un den Dateschutzbeoptraagten Ulrich Kelber.

Aus dësem Schreiwes geet ervir, datt seng Administratioun et net géif akzeptéieren, datt Persounen Anträg iwwert d‘Onlineplattform „Frag den Staat“ stellt an d‘Plattform „an d‘Kommunikatioun tëscht sech an dem Bundesinneministère abezitt“. A weidere Bréiwer un den Dateschutzbeoptraagte beschwéiert sech den Inneministère iwwert d‘Form, den Asaz an d‘Aart a Weis vun der Notzung.

„D‘Notze vun der Onlineplattform fragdenstaat.de féiert zu enger Iwwerbelaaschtung vun der Verwaltung mat Anträg, bei deenen zweiwelhaft ass, ob se net nëmme gestallt ginn, fir d‘Verwaltung schikanéis ze beschäftegen oder zur eenzelantragsonofhängeger Verëffentlechung vu bestëmmten Informatiounen ze zwéngen“. Eng Ausso déi däitlech a krass zugläich ass.

Dorausser gëtt däitlech, datt et dem Bundesinneministère an éischter Konsequenz dorëms geet, d‘Bierger dovunner ofzehalen an/oder ofzeschrecken, hiert Recht op Informatiounsfräiheet voll ëmfänglech notzen ze kënnen. Ob de Bundesinneministère dëse Kurs och an Zukunft bäibehale kann, muss dann elo vum Kölner Verwaltungsgeriicht entscheet ginn.

vum Arne Semsrott, dee fir „Open Knowledege Foundation Deutschland e.V“ schafft an do d‘Plattform zur Informatiounsfräiheet „Frag den Staat“ betreit – fräi aus dem däitschen Iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Gez Xavier Mansfield / unsplash

Ähnlech Sujeten Bundesinneministère, Dateschutzbeoptraagten, fragdenstaat.de, Horst Seehofer, Informatiounsfräiheetsgesetz, Ulrich Kelber
Nächsten Artikel Virrechten Artikel