Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Paräis wëll Nuklearofkommes mam Iran nei verhandelen, Teheran wiert sech
Neiegkeeten

Paräis wëll Nuklearofkommes mam Iran nei verhandelen, Teheran wiert sech

E Freideg huet Teheran den Appell vu Paräis zréckgewisen, mat

which of the following is not an example of absolute dating
https://moien.lu/good-dating-profile-greetings/
Neiegkeeten

G7 Sommet: Tëscht Konsens a Status Quo

Um Freideg huet zu Taormina a Sizilien de G7 Sommet

D’Bicherdeeg 2019: Mat alle Sënner liesen!
Neiegkeeten

D’Bicherdeeg 2019: Mat alle Sënner liesen!

Den offizielle Programm vun der Editioun 2019 vun de „Journées

inondations.lu: Gutt informéiert ass besser wéi bis zum Nuebel am Waasser ze stoen

inondations.lu: Gutt informéiert ass besser wéi bis zum Nuebel am Waasser ze stoen

Et fält aktuell villes vum Himmel an et ass net nëmme Schnéi. Well et awer dees Waasser op verschidde Plaze kann ze vill sinn, an et och generell gesi kee Feeler ass gutt informéiert ze sinn, réit d‘Administratioun vun der Waassergestioun sech op hirem Site www.inondations.lu um lafenden ze halen.

Dat ass e Rot, deen sech wuel an éischter Hisiicht un déi Leit adresséiert déi „matten dra sinn“, mee och am grousse ganze fir d‘Populatioun gëllt. Zudeem ass de Site interessant gemaach an zanter Oktober fuschnei. D‘Informatiounen um Site gëtt et a véier Sproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch) se si liicht ze verstoen an op der Kaart gesäit een direkt wou et „enk“ ass.

Informatiounen zu de Waasserstänn gëtt et duerchgängeg. Previsiounen zu Héichwaasser an zousätzlech Informatiounen am „Noutfall“ gi gläichfalls hei um Site fir d‘Leit bereet gehalen.

Net nëmmen Aktuell, mee „up to date“

Dëse Service, deen et schonn zanter 2008 gëtt, war zesumme mat de „Kollegen“ aus Rheinland-Pfalz entwéckelt ginn. Mee wéi dat an eiser schnelllieweger Zäit esou ass, op emol hunn déi technesch Moyene vun der Struktur net méi de Besoinen entsprach.

Am Fall vu, besonnesch dem Héichwaasser, ass et essentiell flexibel op d‘Aktualitéit kënnen anzegoen an d‘Informatioun quasi an Echtzäit ze verëffentlechen. Dat bedeit och, datt d‘Gestioun vun den Donnéeën huet missen ëmgestalt ginn, wat dann zu engem „ganz neie“ Site gefouert huet.

inondationsWien schonn e Bléck drop geworf huet, konnt sech dann och iwwerzeegen, datt e geklongen ass. Keen iwwerflëssegt Gedeessems an awer alles wat ee wësse muss a soll.

Nach keng App, mee gutt fir de Smartphone

De Site www.inondations.lu kënnt mat engem flotten a modernen Design dohier. Einfach ze benotzen huet sech d‘Qualitéit an d‘Mass un Informatioun wiesentlech verbessert. Verbraucher wéi Unhänger vun der Hydrometrie, mee och Statistiker, alle dës Leit fannen hei alles wat se brauchen. Et kann ee sech esouguer e Bild maachen, iwwert d‘Aarbechtsmethode vum Service.

Zudeem ass et ganz flott, datt ee sech abonnéiere kann, an engem esou keen Héichwaasser méi entgeet, vu datt een bei enger Alert oder och just enger Warnung, d‘Informatioun zougeschéckt kritt. Eng App an deem Sënn gëtt et nach net, mee se Site huet eng „Mobil“ Versioun, wat den Zougrëff vum Handy oder der Tablett vereinfacht.

Ähnlech Sujeten Héichwasser, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel