Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Vull vum Joer 2019: et ass de Fluessfénk ginn!
Neiegkeeten

De Vull vum Joer 2019: et ass de Fluessfénk ginn!

An dësem Joer huet natur&ëmwelt de Fluessfénk zum Vull vum

ACL: Ënnerstëtzung vir de „Motorsport Rettungsteam Lëtzebuerg“
Neiegkeeten

ACL: Ënnerstëtzung vir de „Motorsport Rettungsteam Lëtzebuerg“

Den ACL Sport an de Motorsport Rettungsteam Lëtzebuerg (MRL) hunn

“Within the Eye of the Storm”- een häerzzerräissende Film op der Theaterplaz
Neiegkeeten

“Within the Eye of the Storm”- een häerzzerräissende Film op der Theaterplaz

Hei geet et ëm d’Geschicht vun zwee Pappen: De palestinensesche

Institutiounen déi d‘Welt (esou) net brauch

EIB: Fir d‘éischt gëtt sech de grénge Mäntelchen ëmgehaangen an dann de Sozialofbau ëmgesat

Institutiounen déi d‘Welt (esou) net brauch

Et gëtt Institutioune vun deenen een erzielt kritt, si wieren do fir dem Bierger ze déngen an och ganz wichteg fir de Fonctionnement vum europäesche Projet. Dat well ee gäre gleewen, woubäi schwiereg gëtt dat spéitstens dann, wann ee vu lauter Arroganz an Iwwerhieflechkeet den Zweck vun eben dëser Institutioun net méi wierklech erkenne kann.

An genee dat ass de Fall mat der europäescher Investitiounsbank (EIB) déi hire Sëtz hei bei eis um Kierchbierg huet, an wou et zanter 1995 eng Betribsintern Crèche ginn huet. Dës Crèche, déi de flotten Numm „L‘Abeille“ huet, war de Salariéeën ëmmer ee gudde Prestataire. Zudeem war et och praktesch: den Erzéiungsberechtegten hat ee kuerze Wee an liicht erreechbar.

Domatter ass elo Schluss, esou zumindest déi onmëssverständlech Ausso vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB, déi hei d‘Personal vertrëtt. Den 21. Januar hat de Gestionnaire vun der Crèche, dann och ee Sozialplang fir seng 46 Salariéeën annoncéiert. De Gestionnaire, dee sécherlech net gutt op d‘BEI ze schwätzen ass, huet elo entscheet, seng Aktivitéite virzäiteg anzestellen.

Institutiounen

Wann esou politesch Institutioune wéi déi europäesch Investitiounsbank hir sozial Kompetenz ofginn, sech quasi aus der Verantwortung stielen, wéi ee Message gëtt domadder un de Privatsecteur geschéckt? Statt sech als Beispill fir eng Politik vun der Harmoniséierung vu Beruffs- a Familljeliewen ze presentéieren, bedreift d‘EIB perfide Sozialofbau. Dat ass onverantwortlech… (Carole L. / Pixabay)

Et gëtt deemno net gewaart bis d‘Decideure mam wäisse Kolli de Vertrag opléisen, mee dësen elo einfach d‘Schlëssele vrun d‘Féiss gehäit. Eng Reaktioun, déi een eventuell verstoe kéint, wann et do net zum engen d‘Elteren an d‘Kanner hätt an zum aneren, 46 Salariéeë géif ginn, déi sech elo hei mat enger „Urgence“ erëmklappe mussen, fir déi esou keng Léisung gëtt.

D‘Zesummespill vun den Decideure bei der EIB an der Direktioun vun der Crèche, ass krätzeg an net akzeptabel. Hire Sträit gëtt um Réck vun, an éischter Linn de Kanner an dem Personal, dann den Elteren an, schlussendlech der Allgemengheet ausgedroen. D‘Gewerkschafte fuerderen net méi an net manner wéi d‘Ëmsetzung vun enger Politik zum erhale vun den Aarbechtsplazen.

Ob elo déi ronn 70 Kanner déi an der Crèche betreit ginn nach bis August betreit ginn? Et wier ze hoffen, well einfach esou fënnt sech – och fir Mataarbechter vun enger europäescher Institutioun – keng Alternativ. D‘Waardelëschte sinn net nëmme bei den „ëffentleche“ Crèche éiweg laang, nee och bei de privat geféierte Crèche léisst sech kaum Plaz fannen.

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Aarbechtsplaz, Crèche L'Abeille, EIB, Europäesch Investitiounsbank, LCGB, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel