Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Burkaverbuet als EU-Direktive?
International Stories

https://moien.lu/70-30-rule-dating/

Nodeems den europäesche Geriichtshaff an der leschter Woch entscheet huet:

https://moien.lu/relative-dating-using-cross-sections-to-order-time/
International Stories

Illegal Migratioun: Op e neits e Kand an den USA gestuerwen

E Bouf aus Guatemala, vu grad emol aacht Joer, deen

Laut BioG leit d’Biomëllech aus Lëtzebuerg ënnert dem Protektionismus vun de Nopeschlänner
International Stories

Laut BioG leit d’Biomëllech aus Lëtzebuerg ënnert dem Protektionismus vun de Nopeschlänner

D‘Ofschafe vun den EU-Mëllechquote setzt déi lëtzebuergesch Bio-Mëllech ënner Drock.

Integral Kontroll: wat China senge Bierger zoumutt

Integral Kontroll: wat China senge Bierger zoumutt

China beonrouegt déi international Experten, déi fäerten, datt d‘Regierung derbäi ass e System opzebauen, mat deem d‘Verhale vun de chinesesche Bierger an alle Liewensberäicher bewäert soll ginn. Et wier datt de leschte Schratt zur totaler Iwwerwaachung…

An déi chinesesch Regierung stellt sech vill Froen, op déi si Äntwerte wëll erhalen. Wie lästert iwwert d‘Partei an de sozialen Netzwierker, fiert bei Rout einfach weider, gehäit säin Dreck op d‘Strooss, fleegt seng Elteren net, a kuckt och nach „heemlech“ pornographesch Filmer?

Dofir gëtt elo all Bierger „digital“ duerchliicht, an dat bis an de leschten Detail. De System deen hei opgebaut gëtt, an als „Sozialkreditsystem“ bekannt ass, soll dann och alles erfaassen: vun der Aart a Weis wéi ee seng Rechnunge bezilt, wat am Strofregister steet, wou d‘Leit wat wéini kafen, wéi hiert soziaalt Verhalen ass an, op een der Partei trei ass.

Mat dësem chineseschen „Big Data“ Projet ginn nei Grenzen iwwerschratt. Keen anert Land huet aktuell esou stramm Mesure wëlles, fir seng Bierger am digitalen Zäitalter ze iwwerwaachen. An d‘Experte gesinn an dësem nationale Bewäertungssystem Parallellen zum Roman vum George Orwell „1989“. Eigentlech geet et awer just dorëms ze entscheeden, wien a gudden a wien e schlechte Bierger ass.

Wien sech net behëlt gesäit schlechten Zäiten entgéint

Laut der Sinologin Kristin Shi vum „Mercator Institute for China Studies“ (Merics) zu Berlin, kann e schlecht Verhale schonn elo déifgräifend Konsequenze mat sech bréngen. Fält nämlech d‘Bewäertung negativ aus, muss déi betraffe Persoun mat Strofe rechnen. Déi kënne jee no Uert oder Autoritéit ganz ënnerschiddlech ausfalen.

Wien zum Beispill seng Rechnungen net mat Zäite bezilt, sech am Verkéier strofbar mécht, politesch onbeléift Aussoe verëffentlecht, oder esouguer probéiert sech laanscht den Déngscht bei der Arméi ze „drécken“, deem seng Bewäertung, esouvill ass sécher, fält negativ aus.

A mat esou enger „Bewäertung“ gëtt et fir déi betraffe Persoun keen Ticket méi fir mam Fliger oder dem Schnellzuch ze reesen. Et géif dann och schwiereg a bestëmmten Hoteller ze iwwernuechten, oder d‘Kanner op bestëmmte Schoulen anzeschreiwen.

Schonn elo ass et esou, datt wien sech a China eppes beim Ëmgang mat Geld zu schold komme léisst, deem gëtt d‘Benotze vum Fliger oder dem Schnellzuch ënnersot. 2017 ass dës Mesure 6,7 Millioune mol ugewannt ginn, wéi et vum ieweschte Geriichtshaff bestätegt gëtt.

De Spioun an der Täsch

Eng entscheedend Roll um Wee zur integraler Kontroll spillt de Smartphone. Laut engem aktuelle Bericht vum staatlechen „China Internet Network Informatioun Center“ géife ronn 96% vun de chineseschen Internetbenotzer, och oder ausschliisslech „Mobil“ den Internet benotzen. Fir d‘Sinologin wier erkennbar, datt bei de Chinesen d‘Bequemlechkeet iwwert dem Dateschutz steet.

An d‘Iddi ass esou nei net. Schonn 2014 huet d‘Stad Rongcheng ugefaangen e Sozialkreditsystem anzeféieren. D‘Awunner vu Rongcheng (670.000) musse regelméisseg hir „Punkte“ virleeën. Op et fir eng Befërderung beim Patron ass, et ëm d‘Memberschaft an der Partei geet, oder schlicht e Kredit bei der Bank ass, ouni „gutt“ Bewäertung geet hei näischt méi.

De System schéngt dann och ze funktionéieren, well déi ugeschloss Administratiounen dem Staat all denkbar Informatioune liwweren. Den Etat Civil, Strofregister, Kreditter, etc… si Standard, mee och Telekommunikatiounsentreprise mussen d‘Date vun hire Cliente weiderreechen. Ausgewäert fir Rongcheng ginn dës Date vu Kingdee.

Zockerbrout a Peitsch

Bei den Dosende Pilotprojeten déi et aktuell a China gëtt, fält och d‘Stad Shanghai mat senge ronn 26 Milliounen Awunner op. D‘Stadverwaltung huet hei eng „App“ – mam bezeechnende Numm „Éierlecht Shanghai“ – geschaaft, déi d‘Verhale vun de Bierger systematesch erfaassen a bewäerte soll.

Säit November 2016 „kënnen“ sech d‘Awunner vu Shanghai mat der Nummer vun hirem Auswäis iwwert d‘App registréieren. Wien sech gutt stellt, dee gëtt belount, deenen aneren ergeet et schlecht. Dobäi interesséiert et d‘Software net, ënner wéi engen Ëmstänn datt „Feelverhalen“ ka stattfonnt hunn. Et muss een sech also ëmmer – ouni Ausnam – virbildlech behuelen.

De nationale System soll bis 2020 operationell sinn. Fir d‘Kirstin Shi verfollegt déi chinesesch Regierung mat der staatlecher Kontroll e bestëmmten Zil.

Et wéilt een hei onmoralescht an illegaalt Verhalen ënnerbannen. Dat soll dozou bäidroen, d‘Sécherheet an d‘Stabilitéit am Land ze erhalen. Tatsächlech awer, dierft de System och benotzt ginn, fir fréizäiteg Dissidenten a soss dubiéis Gestalten ze identifizéieren, an esou „onschiedlech“ ze maachen.

mat AFP

Ähnlech Sujeten China, Internet, Iwwerwaachung, Kontroll
Nächsten Artikel Virrechten Artikel